Search

You may also like

Pandemie: D’VDL informéiert iwwer Ofsoen an Ännerungen
International Money Neiegkeeten

Pandemie: D’VDL informéiert iwwer Ofsoen an Ännerungen

Am Kontext vun der aktueller Lag vun den Infektiounszuelen deelt

Venezuela: No Provokatioun, éischt Affer ze bekloen
International Money Neiegkeeten

Venezuela: No Provokatioun, éischt Affer ze bekloen

Wann déi venezuelanesch Oppositioun d‘Hoffnung hat, d‘Arméi iwwerzeegt ze kréien

EU-Kommissiounspresident nees um Dill
International Money Neiegkeeten

EU-Kommissiounspresident nees um Dill

E Freideg huet d‘Spriecherin vum europäeschen Exekutiv, Annika Breithardt, gutt

money

EU-Budget: Wou kee Wëllen ass, do ass kee Wee

Aussergewéinleche Sommet vun de Finanzminister zeechent en trauregt Bild vun der politescher Situatioun an der europäescher Unioun

EU-Budget: Wou kee Wëllen ass, do ass kee Wee

Et hat vill Zouversiicht ginn an den EU-Rotspresident Charles Michel, deen nach en Donneschdeg gemengt hat, datt „Mat gesondem Mënscheverstand an Entschlossenheet ass eng Eenegung méiglech“ wier, sollt gëschter zu Bréissel eppes besserem beléiert ginn. Mat „Mënscheverstand“ ass den op déi national Politike fixéiert Volleksvertrieder net bäizekommen…

An esou huet de Sommet vun de 27 Finanzminister genee dat Resultat virzeweisen, datt dësem virausgesot gouf: nämlech guer keent. Natierlech gëtt sech zu Bréissel keen d‘Bléist ze bestätegen, datt ee vir unzefänke kucke muss, wéi d‘Stëmmung am eegene Land ass, iert een sech bereet erkläert seng Beiträg ze erhéijen. Wéi och ëmmer, no vill „Blabla“ gouf de Sommet ofgebrach.

Scholdzouweisung vs Konsens

D‘Bundeskanzlerin Angela Merkel zum Sommet-Debakel: „Et stëmmt datt nach vill Aarbecht ze leeschten ass“. Si ass der Usiicht, datt d‘EU-Parlament ee ganz ambitionéierte Virschlag gemaach huet, deen awer leider wäit ewech vun deem wier, wat d‘EU-Kommissioun sech esou ausgeduecht huet. Anerer wéilten esouguer nach manner Geld an de Grapp huelen, esou hire Standpunkt.

SommetSi stellt fest, datt et eng Eenegung doranner gëtt, an d‘Moderniséierung ze investéieren, wat awer nees bedeit, datt vill Länner Geld bréichten, fir déi regional Fërderung op de Wee ze bréngen. Net ze vergiessen datt och Fërdergeld fir d‘Landwirtschaft muss bereet gestallt ginn. „Dat alles muss dann och iergendwéi de Grondrechenaarten entspriechen. A fir dat elo zesummenzebrénge brauch et nach eppes Zäit“, esou d‘Angela Merkel.

De Charles Michel war en Donneschdeg mat engem Budget an héich vu ronn enger Billioun Euro ausgaangen. De Belsch, deem – aus iergendwéi onbegräifleche Grënn – ëmmer nogesot gëtt, hie wier de mann vum Konsens an der Eenheet, huet seng Propose awer net emol der däitscher Kanzlerin verkaaft kritt an och d‘Eenzelgespréicher mat den anere 26 huet dat net geännert.

Gesicht: eng dreiwend Kraaft

Et ass e Freideg zu Bréissel dann awer nach onerwaart zu eppes „Dynamik“ komm, nodeems déi däitsch Bundeskanzlerin an de franséischer President (déi sougenannt Moteure vun der Unioun) sech mat deenen aneren „Nettozueler“ un en Dësch gesat an déi gemeinsam Positiounen ofgestach hunn. Déi Zuelen déi bei dëser Entrevue erauskomm sinn, goufe fir nei Berechnunge benotzt.

SommetDe Charles Michel hat d‘Äerm nach net fale gelooss a war beméit e Kompromëss ze fannen. Dobäi schéngt ëm minimal Differenzen a Kommastelle gaangen ze sinn. Den EU-Rotspresident hat jo d‘Propose ënnerbreet 1,074% vun der europäescher Wirtschaftsleeschtung an den Budgetskader anzebréngen. Datt entsprécht eng Geldwäert vun 1.095 Milliarden Euro. No den „neie Berechnungen“ waren et laut Aarbechtspabeier nach 1,069%.

Elo ass bekannt, datt wann ëm „Solidaritéit“ an „Eenegung“ geet, déi op den eegene Nuebel fixéiert Politiker – an d‘Finanzminister sinn exemplaresch – fir unzefänke kucken, wat bréngt et hinne perséinlech, wat der politescher Famill, dann dem eegene Land… a wann nach eppes Zäit bleift, gëtt esouguer iwwer Europa nogeduecht. Dat awer nëmme fir sech méiglech Virdeeler ze sécheren.

Geld hätten si, mee kee Réckgrat

An déi wichtegst Nettozueler hunn sech dann och gestrieft, déi vum EU-Rotspresident als Kompromëss virgeluechte Propose unzehuelen. Méi wéi 1% vum BIP wier net méiglech. De „Rabatt“ deen Däitschland, Dänemark, Éisträich, Holland a Schweden fir 2020 versprach gouf, misst erhale bleiwen. Zudeem soll Éisträich 100 Milliounen Euro extra zougewise kréien.

SommetDat deckt sech mat sech de Fuerderunge vun de 17 gréisste Beneficiaire vun de Geldzouweisungen aus Bréissel. Fir si huet den Demokrat an Humanist Victor Orban d‘Wuert ergraff an dëse verlaangt vun der Unioun en Haushalt deen sech op 1,3% vun der europäescher Wirtschaftsleeschtung bezitt. D‘Differenz vun 1,069% op 1,3% sinn an Zuelen: iwwer 200 Milliarden Euro…

Net ze vergiessen, datt et do nach ee Sträitpunkt gëtt: Geld soll et vu Bréissel och nëmmen nach da ginn, wann d‘Länner sech un d‘Rechtsstaatlechkeet halen. Dat ass nees schlecht fir den Orban a seng polnesch Frënn. Dat erkläert firwat de Charles Michel dëse Mechanissem eppes entschäerft hat, wat him selbstverständlech an erwaardungsgeméiss ëm d‘Ouere geschloe ginn ass.

mat indymedia/bru

Foto: De ganzen Dag hunn déi 27 iwwert de Budget „gestridden“. Et huet awer och eng ganz Rëtsch u „Gruppegespréicher“ ginn, wéi hei, wou eise Premierminister Xavier Bettel mat der Bundeskanzlerin Angela Merkel, dem franséische President Emmanuel Macron, dem italienesche Premier Giuseppe Conte, dem portugisesche President Antonio Costa an dem spuenesche Ministerpresident Pedro Sanchez, iwwert „Léisunge“ beroden hunn. Och si hunn den hellege Gral net fonnt an esou dierft et nach zu weidere Verhandlunge kommen. © Steffen Kugler / Bundesregierung

Related topics Angela Merkel, Charles Michel, Emmanuel Macron, EU-Budget, EU-Finanzminister, EU-Sommet, Ursula von der Leyen, Xavier Bettel
Next post Previous post