Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hei leeft d’Realitéit, awer virtuell, an dat am Neimënster
Meenung Neiegkeeten

Hei leeft d’Realitéit, awer virtuell, an dat am Neimënster

Nom immense Succès vum VR Pavilion gëtt och 2020 déi

Kannerpornographie: Wéi geet Lëtzebuerg mam Problem ëm?
Meenung Neiegkeeten

Kannerpornographie: Wéi geet Lëtzebuerg mam Problem ëm?

Kannerpornographie oder Pedopornographie ass kee neizäitleche Phenomen, mee hautdesdaags ass

Tornado zu Käerjeng a Péiteng – Ofschloss vum Krisenzenter
Meenung Neiegkeeten

Tornado zu Käerjeng a Péiteng – Ofschloss vum Krisenzenter

De Krisen Zentrum mat Helpline vun der Gemeng Käerjeng deen

Editorial: Konkurrenz an Egoismus

Editorial: Konkurrenz an Egoismus

Eigentlech war den EU-Finanzsommet op zwee Deeg festgeluecht ginn, mee déi 27 Staats- a Regierungscheffe vun der Unioun hunn en éischter trauregt Bild vun engem vereenten Europa gewisen. D‘Verhandlunge stoungen am Schied vu Konkurrenzdenken an Egoismus. An dat wat eraus komm ass, léisst och keng Hoffnungen opkommen, datt et bannent der EU besser gëtt.

Bei de Subventiounen, also deem Geld dat d‘Beneficiairen net mussen zréckbezuelen, ass een de „spuersame“ Länner entgéint komm, firwat déi initial Zomm vu 500 Milliarden op ganzer 390 Milliarden Euro zeréckgeschrauft ginn ass. Et ass ee folgerichteg ganz wäit vun de vum EU-Parlament gefuerderte Montanten ewech. Hei waren, inklusiv Budget, 2 Billioune gefuerdert ginn.

Et dierf een dovunner ausgoen, datt déi éischt Aspuerungen d‘Finanzementer vun der ekologescher a landwirtschaftlecher Transitioun wäerte betreffen, firwat et wuel net méi zum annoncéierte „green Deal“ komme wäert, zumindest net an deem erhofften Ëmfang. Wiem dat net schlecht Noriichte genuch sinn, och de Gesondheetsprogramm EU4Health huet gelidden, dee gouf ganz gestrach.

Zudeem mussen d‘Subventioune proportionell zu de Beiträg zréckbezuelt ginn, d‘Kreditter sinn integral ze rembourséieren. Eng Annulatioun vun der Schold gouf och dës Kéier net an Erwägung gezunn. Länner déi dann elo och net bereet sinn Reformen duerchzezéien, kéinte d‘Ausbezuele verweigert, oder zumindest beschnidde kréien. D‘Konsequenz dovunner: eng Austeritéitspolitik.

Foto: © European Union

Ähnlech Sujeten EU-Finanzsommet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel