Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – 169. Doudesdag vum Edgar Allen Poe
Angry International Neiegkeeten

What the Fakt – 169. Doudesdag vum Edgar Allen Poe

Duerch Kuerzgeschicht vun „Das verräterische Herz“ misst de Schrëftsteller Edgar

QUIZ: Lëtzebuerg, d’Land vun de Schlässer a Buergen
Angry International Neiegkeeten

QUIZ: Lëtzebuerg, d’Land vun de Schlässer a Buergen

Bloalgen: Elo ass och de Séi vu Wäisswampech betraff
Angry International Neiegkeeten

Bloalgen: Elo ass och de Séi vu Wäisswampech betraff

Nodeems mir gëschter hu misse virun der Bloalge-Pescht um Stauséi

angry

Rechtsstaat: d‘EU fuerdert vu Warschau Kloerheet

Rechtsstaat: d‘EU fuerdert vu Warschau Kloerheet

De Vizepresident vun der EU-Kommissioun, Frans Timmermans, huet um Mëttwoch Warschau opgefuerdert „esou séier wéi méiglech“ d‘Suerge vun der EU, am Bezuch op déi kontroverséiert Reform vun der polnescher Justiz, ze verdreiwen.

„D‘Kommissioun erhofft sech éierlech, datt Polen Léisungen zu de Problemer fanne wäert, déi vun der europäescher Exekutive identifizéiert goufen“, esou de Frans Timmermans virun den EU-Deputéierte bei der Plenière zu Stroossbuerg. Hie war hei op déi polnesch Reformen agaangen, déi eng eemoleg Prozedur säitens Bréissel ausgeléist huet.

„Et ass indispensabel datt déi polnesch Regierung Mesuren ergräift, déi d‘Schicksal vun de Riichter vum ieweschte Geriichtshaff nach virum 3. Juli regelt“, esou den Hollänner, deen sech nächste Méindeg zu Warschau mam Premierminister, Mateusz Morawiecki, iwwert dësen Dossier an engem perséinleche Gespréich wëll ënnerhalen.

D‘EU gesäit d‘Onofhängegkeet vun der Justiz a Polen als bedreet, nodeems déi polnesch Regierung vun der national-konservativer PiS (Partei fir Recht a Justiz) eng gaang Rëtsch Reformen ugekënnegt huet. Aus dësem Grond, huet d‘EU-Kommissioun Enn Dezember eng eemoleg Prozedur ausgeléist, mat där theoretesch, Polen säi Stëmmrecht an der EU entzu ka kréien.

Ëmmer nees „hallefhäerzeg“

Mee zu Bréissel geet een mat ville wichtegen Themen hallefhäerzeg ëm, esou och mam Grondsaz, datt d‘Justiz muss onofhängeg sinn. Et wier wuel ze begréissen, heescht hannert virgehalener Hand, datt een um Dialog festhält, et hätt een awer scho missen déi institutionell Etappe vun der Prozedur no Artikel 7 vum EU-Traité aleeden, wann een déi polnesch Regierung wëll ënner Drock setzen.

„Déi lescht Woch huet d‘EU-Kommissioun de Rot (deen déi 28 Länner vertrëtt) eng offiziell Auditioun vu Polen an dësem Kontext ze organiséieren“, preziséiert de Frans Timmermans. Déi soll dann och de 26. Juni zu Lëtzebuerg, bei der Sëtzung vun de Minister fir europäesch Ugeleeënheete stattfannen. Mee „d‘Kenner“ vum Dossier maachen sech hei wéineg Hoffnung.

Zu Warschau huet sech den Ausseminister, Jacek Czaputowicz, zouversiichtlech gewisen, d‘Positioun vu Polen duerchzesetzen ze kënnen. „Et ass de Polen hiert Recht Reformen duerchzesetzen. Dës Reformen entspriechen europäeschem Recht, an sinn logescherweis Konform zu de, vun der EU festgeluechten, Kritären“.

Arbitter net Riichter

An zu Stroossbuerg huet de Frans Timmermans, deen d‘Positioun vun der europäescher Exekutiv ze verdeedegen huet, dës Institutioun – sécherlech am Kontext vun der Fussballweltmeeschterschaft – mat der Roll vun engem Arbitter verglach: „et geet hei net drëms e Wëlle vu baussen duerchzesetzen, mee all Staat un déi Flichten ze erënneren, déi hie sech selwer operluecht huet“.

„Et kann een net Fussball spillen, ouni datt en Arbitter uecht deet, datt och jiddereen d‘Regelen anhält. (…) Wann een den Arbitter ignoréiert, da gëtt et kee Spill méi. A mat der EU ass et genee datselwecht: mir sinn eng Organisatioun déi op dem Rechtsstaat opgebaut ass, e mir verlaange vun de Membere vun dëser Organisatioun, datt si dës Virschrëft respektéieren“.

Ob een dës Siicht vun der Situatioun, am Kontext vun den ugestriefte Reformen, a Polen deelt, dat ass dann nees éischter onwahrscheinlech. Déi nationalistesch a konservativ PiS-Partei huet guer net wëlles sech vu Bréissel diktéieren ze loossen, ob a wéi eng Reformen si maachen dierfen. De polnesche Premierminister dierft dat am Juli zu Stroossbuerg nach emol verdäitlechen.

Mat AFP

Foto: De Vizepresident vun der EU-Kommissioun, Frans Timmermans, fuerdert vu Polen sech hir Justizreform nach emol unzekucken, an sech um Fundament vum Rechtsstaat ze orientéieren, esou wéi deen an der EU applizéiert gëtt. Soss misst den Artikel 7 vum EU-Traité applizéiert ginn. © Emmanuel Dunand/AFP

Ähnlech Sujeten Artikel 7 EU-Traité, EU-Kommissioun, Frans Timmermans, Justizreform, Polen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel