Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Äre Lieblingsfestival an der Summervakanz?
scottish laird dating Neiegkeeten

https://moien.lu/frisk-dating-sans/

Mir siche mat Iech zesummen Äre Lieblingsfestival an der Summervakanz

https://moien.lu/spain-hookup-app/
scottish laird dating Neiegkeeten

70 Joer NATO: de Jean Asselborn zu Washington

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn ass dës Woch op Washington

Editorial: Kuck un de Béifchen- huet dach allen den Dicks gebéit
scottish laird dating Neiegkeeten

Editorial: Kuck un de Béifchen- huet dach allen den Dicks gebéit

Se hu gewielt d‘Männer a Fraen aus de Bierger, an

Verschäerft d’EU den Toun géintiwwer der Tierkei?

Verschäerft d’EU den Toun géintiwwer der Tierkei?

Et soll ee „staarke Message“ gewiescht sinn, deen déi europäesch Staatscheffen um Donneschdeg un d‘Tierkei geriicht hunn. Si hunn dem Erdogan seng „persistent illegal Aktiounen“ am Mëttelmier veruerteelt. Dobäi soll et an e puer Deeg eng Entrevue mam tierkesche President ginn.

Schold dorunner ass en alen territoriale Sträit mat Zypern a Griicheland. Hei huet et rezent Zesummestéiss ginn: déi tierkesch Marine huet engersäits en italienescht Schëff dru gehënnert, Buerungen an de Gewässer vun Zypern duerchzeféieren, an anersäits huet eng tierkesch Bootspatrull e griichescht Schëff an der Ägäis gerammt.

Net wierklech déi beschte Viraussetzunge fir d‘Entrevue vum 26. Mäerz zu Varna (Bulgarien). Mee d‘Presidente vun der EU-Kommissioun an dem EU-Rot, mussen de Rendez-vous mam staarke Mann aus Ankara anhalen. De Jean-Claude Juncker an den Donald Tusk sollen hei ënnert anerem der Tierkei versécheren, och weiderhin déi finanziell Hëllef, wéi am Migratiounsaccord vum Mäerz 2016 festgehalen, fléissen ze loossen.

Se sinn net all enger Meenung

E Fait deen net vun all EU-Memberland gedroe gëtt. Esou hu verschidde Länner drop bestanen, datt déi ausgestreckten Hand fir dësen noutwennege Partner, net als Blankoscheck dierf betruecht ginn. Den europäesche Rot veruerteelt dann och mat aller Häert, déi illegal Aktioune vun der Tierkei am Mëttelmier an der Ägäis. Den EU-Rot huet Zypern a Griicheland seng vollste Solidaritéit versprach.

Dat ass esou och an de Conclusioune, déi um Donneschdegowend ugeholl goufen, festgehale ginn. Conclusiounen déi d‘Tierkei och sollen drun erënneren, datt dat internationaalt Recht gehale muss respektéiert ginn, a wäert op eng gutt Noperschaft sollt leeën. Gutt Bezéiunge mat den EU-Länner, zu deenen Zypern gehéiert, sollten och am Interessi vun der Tierkei leien.

E weidere Punkt, deen elo net wierklech dozou ka bäidroen, datt et zu enger entspaanter Entrevue zu Varna kënnt: déi vill EU-Bierger, déi an der Tierkei am Prisong sëtzen. Der Tierkei gëtt hei de Virworf gemaach, eng autoritär Landesféierung duerchzesetzen, an europäesch Journalisten a Mënscherechtsmilitanten als eng Aart politesche Pfand festzehalen.

Provokatioune maachen et och net besser

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan hat kierzlech Warnungen ausgeschwat, am Bezuch op d‘Gasgewënnung an zypriotesche Gewässer. Déi tierkesch-zypriotesch Communautéit hätt hei déi selwecht Uspréch, wéi den europäeschen Deel vun der Insel. An datt et Ankara eescht ass, huet de Virfall mam italienesche Schëff bewisen.

Am Februar gouf et kee Militärmanöver, an awer huet eng tierkesch Bootspatrull e griichescht Schëff gerammt, dat sech bei enger ëmstriddener Insel an der Ägäis opgehalen hat. An d‘Relatiounen tëscht de NATO-Partner Griicheland an Tierkei, ginn net doduerch besser, datt Athen sech weigert, 8 tierkesch Offizéier auszeliwweren, déi a Griicheland Asyl fonnt hunn.

Als Äntwert, esou zumindest gesäit dat Athen, sollen déi tierkesch Autoritéiten Ufank Mäerz, zwee griichesch Zaldoten, déi op Patrull waren, op der Grenz festgeholl hunn. Ankara begrënnt d‘Moossnam mat enger illegaler Grenziwwerschreidung.

D‘Staatscheffe vun Zypern a Griicheland hunn dann och um Donneschdegowend zu Bréissel d‘Wuert ergraff, fir déi ongezielte Provokatioune vum tierkeschen Noper ze ernimmen. „Mir musse géintiwwer der Tierkei an senge Verflichtungen däitlech sinn. Besonnesch wat de Respekt vum internationale Recht ugeet“, esou den Alexis Tsipras, Premierminister vu Griicheland.

En Ugrëffskrich a Syrien

Als weidere Sträitpunkt ugesinn: d‘Roll déi d‘Tierkei am nordsyresche Grenzgebitt spillt. D‘Operatioun „Olivenzweig“, déi eenzeg an eleng zum Zweck huet d‘Kurdemiliz YPG aus der Regioun Afrine ze verdreiwen, oder ze erleedegen, gëtt wéineg appreciéiert. Memberlänner wollten dëse Punkt och gëschter Owend ugeschwat hunn.

Woubäi d‘EU-Kommissioun awer schonn déi lescht Woch wollt positiv Signaler a Richtung Tierkei schécken. Dat och well Ankara sech reegelméisseg beschwéiert, datt seng Bäitrëttsdemande aus dem Joer 2005, net gewierdegt gëtt. D‘Tierkei werft der EU zudeem och vir, datt déi tierkesch Bierger nach ëmmer net vun der Visasflicht entbonne goufen.

Déi europäesch Exekutive huet awer enger zweeter „Hëllef“ – an héicht vun 3 Milliarden Euro – fir d‘Opnam vu syresche Flüchtlingen, gréng Luucht ginn. Dat fir den Zäitraum 2018/19. Dee selwechte Montant hat et scho fir 2016/17 ginn.

Eng finanziell Ënnerstëtzung, déi versprach gi war, am Kader vun engem kontroverséierte Migratiounsaccord am Mäerz 2016. En Accord dee sécherlech dozou bäigedroen huet, d‘Zuele vun de Flüchtlingen déi Europa erreeche wollten, niddreg ze halen. En Accord awer och, mat deem Ankara Drock op d‘EU ausübe kann, a ëmmer nees menacéiert d‘Grenzen opzemaache wann…

mam Cédric Simon/AFP

Foto: Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker weess, datt d‘EU esou mat der Tierkei net weider maache kann. Et ass een awer beméit den Dialog oprecht ze erhalen, hei an do en A zouzedrécken, an och déi am Migratiounsaccord vereenbart Finanzhëllef an héicht vun 3 Milliarden Euro (fir 2018/19) soll Ankara iwwerwise kréien. © John Thys/AFP

Ähnlech Sujeten EU-Sommet, Jean-Claude Juncker, Migratioun, Syrien, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel