Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi „schwaarz Bei“ en natierleche Patrimoine
Neiegkeeten

Déi „schwaarz Bei“ en natierleche Patrimoine

D‘Hunneg-Bei ass aus wirtschaftlecher Siicht een vun de wichtegste Bestäuber

Schueberfouer 2019: „Bis elo ass alles perfekt!“
Neiegkeeten

Schueberfouer 2019: „Bis elo ass alles perfekt!“

Um vergaangene Freideg ass eist gréisst Volleksfest nees an eng

SPAL-President vun der Hierarchie handlungsonfäeg gemaach
Neiegkeeten

SPAL-President vun der Hierarchie handlungsonfäeg gemaach

Mat de Gewerkschafte vum ëffentlechen Déngscht léisst eigentlech ëmmer alles

„Europa muss seng eege Sécherheet an de Grapp huelen“

Zitt d'EU an Zukunft militäresch un engem Strang?

„Europa muss seng eege Sécherheet an de Grapp huelen“

Haut soll d’EU seng detailléiert Propositioun fir d’Finanzéierung vun enger europäescher Verdeedegung virleeën. Duerch de Brexit an den Zweiwel géinteniwwer dem Engagement vum amerikaneschen Alliéierte stinn d’Chancen denkbar gutt.

De President vun der europäescher Exekutive, Jean-Claude Juncker, wëll d’EU mat enger „strategescher Autonomie“ am Beräich vu senger militärescher Verdeedegung ausrëschten. Dat notamment iwwert eng gemeinsam industriell Politik, baséierend op Finanzementer déi haut am Secteur feelen. De Fong, deen sech Bréissel virstellt a vun de Memberlänner muss ugeholl ginn, sollt ee beträchtlechen Deel fir d’Recherche an de neien Technologien enthalen. Ee weideren Deel, schonn eemol vun de Membere refuséiert, betrëfft de gruppéierten, an doduerch méi gënschtegen Akaf vun Equipementer wéi Dronen oder Helikopter.

De Virschlag soll haut de Mëtteg, gemeinsam mat engen Dokument zur „Reflexioun“ iwwert d’Zukunft vun der europäescher Verdeedegung um Horizont 2025, presentéiert ginn.

Douce Muecht

Europa „muss seng eege Sécherheet an de Grapp huelen“ wëll „eng Douce Muecht si geet net duer, wann d’Force kann iwwert d’Recht virherrschen“ warnt ugangs Mäerz d’EU-Kommissioun an sengem „Wäisse Buch“ iwwert d’Zukunft vun engen Europa zu 27.

De programméierten Depart vu Groussbritannien, dat ëmmer géint eng Integratioun am Beräich vun der Verdeedegung op europäeschem Niveau war, stellt eng Opportunitéit duer. Esou de Credo vun europäeschen Diplomaten. Och d’Ongewëssheet, déi den Trump opkomme gelooss huet, dierft hei ee katalyteschen Effet hunn. Dëst huet déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel zum Ausdrock bruecht huet: Si hat d’Europäer opgeruff „hiert Schicksal an d’Hänn ze huelen“.

Den amerikanesche President verlaangt vun den Europäer méi Geld an de Grapp ze huelen an huet sech net erbléist den Artikel 5 vum NATO-Accord ze bestätegen. Dee gesäit vir, datt déi Alliéiert engem zu Hëllef komme wann ee vu baussen ugegraff gëtt.

De Message den Europäer ze soen, datt si sech musse vereenen ass net fundamental vun deem ewech wat Frankräich säit Jore probéiert ze maachen“, huet rezent déi nei Arméiministesch Syvie Goulard gemengt. Et muss „versicht ginn d’Entwécklung vun enger autonomer Kapassitéit, ageschriwwen an d’Kooperatioun vun der NATO, mee op den europäesche Fäegkeete baséierend, ëmzesetzen“ esou d’Ministesch weider.

Ouni Tabu

Een Diplomat gesäit et esou: „Et ass een exzeptionelle Moment, d’Tabu’en sinn opgehuewen (…) nach viru Jore war net drun ze denken, datt een ee Konsens zum Prinzip vun der strategescher Autonomie kéint fannen.“ Mee „déi zentral Fro zur Stonn ass déi vun enger Insuffizienz un finanzielle Mëttel“ ënnersträicht den Diplomat.

De Volet „Recherche“ dee vun der Kommissioun virgeschloe gëtt an am besonneschen d’Recherche an de Beräicher vun der Elektronik, de kryptéierte Logiciellen an der Robotik, spillt hei eng grouss Roll. En Entworf vum europäesche Projet, deen 2016 virgeluecht gi war, huet ee Programm virgesinn, dee mat engem Budget vu ronn 500 Milliounen Euro no 2020 sollt beduecht ginn.

Als zweet sollt de Fong den interesséierte Länner d’Méiglechkeet bidden, Equipementer zesummen anzekafen. Dës Länner kéinten sech zum Beispill zesummendoe „fir an d’Dronentechnologie oder gréisser Quantitéite vun Helikopter anzekafen an esou ee bessere Präis erzielen.“ Déi europäesch Exekutive hat Enn 2016 gemengt, datt „[d]ëse Volet sollt et méiglech maache 5 Milliarde pro Joer ze mobiliséieren“ dorops hiweisend, datt „ee Mangel un Zesummenaarbecht tëscht de Memberlänner am Domäne vun der Sécherheet an der Verdeedegung all Joer tëscht 25 an 100 Milliarde kascht.

Ofgesi vum Fong, sollt d’Kommissioun haut och verschidden Zeenarien zu der Evolutioun vun der gemeinsamer Verdeedegung um Horizont 2025 virstellen. Dës Zeenarie sinn da méi oder manner Ambitiéis et brauchen eng europäesch Integratioun déi deem ugepasst sinn. D’Memberstaate sinn also gehalen hir Wënsch kloer op den Dësch ze leeën.

mam Cédric Simon (AFP)

Ähnlech Sujeten Brexit, EU, Europa, Jean-Claude Juncker, Verteidegung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel