Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Ukrain blockéiert russesch sozial Netzwierker
International Money Neiegkeeten

D‘Ukrain blockéiert russesch sozial Netzwierker

Gëschter ass an der Ukrain d’Entscheedung getraff ginn, fir op

Science Summer Splash: Wa Wëssenschaft an Technik d‘Vakanz verschéineren
International Money Neiegkeeten

Science Summer Splash: Wa Wëssenschaft an Technik d‘Vakanz verschéineren

Organiséiert vun der PINS Asbl, fënnt vum 12. bis de

Texas: Ouni Solidaritéit keen Neiufank
International Money Neiegkeeten

Texas: Ouni Solidaritéit keen Neiufank

Op de Verkéierskniet déi d’Häerz vun Houston ëmschléngen ass nees

money

EU a Griicheland fannen en Accord beim leschten Entworf vum Hëllefsprogramm

EU a Griicheland fannen en Accord beim leschten Entworf vum Hëllefsprogramm

Déi europäesch Institutiounen a Griicheland sinn zu engem techneschen Accord komm, deen e ganzen Ensembel vu Reforme virgesäit, déi vun Athen mussen ëmgesat ginn. Domatter kann dann de leschten Entworf vum Hëllefsprogramm ofgeschloss ginn, heescht um Samschdeg vu Bréissel.

„En Accord um Niveau vun den Experte konnt beschloss ginn. Deen dréit iwwer en Ensembel vun noutwennege Reformen, déi am Kader vum véierten Entworf zum ESM-Programm (europäesche Stabilitéitsmechanissem) néideg sinn“, heescht et an engem Communiqué.

Dësen Accord muss elo mat der politescher Zoustëmmung vun de Finanzminister aus der Eurozon bestätegt ginn. Dat soll beim nächste Meeting vum Eurogroupe, dëse 24. Mee de Fall sinn.

„Déi griichesch Autoritéiten hunn als Objektiv, dës Mesuren esou séier wéi méiglech, awer virun der Sëtzung vum Eurogroupe den 21 Juni, ëmzesetzen“, esou d‘EU-Kommissioun. Et gouf dann och nach drop higewisen, datt den Echange tëscht Bréissel an Athen bis dohinner bestoe bleift.

Fir de franséischen EU-Kommissär, Pierre Moscovici, ass dat „eng exzellent Nouvelle“. Hie gratuléiert de griicheschen Autoritéiten an d‘Equipe vun den Institutioune fir déi geleeschten Aarbecht an déi gutt Zesummenaarbecht.

Den Drock bleift erhalen

„D‘Reussitte vun der véierter a leschter Revisioun ass eng essentiell Konditioun fir e globalen Accord zu allen oppene Froen ze deblockéieren, déi virum Ofschloss vum Programm gekläert musse ginn“, esou de Moscovici deen nach zoufüügt datt „no esou ville schwéiere Joren, de ganzen Ustrengungen an Affer, Griicheland et elo misst gepackt hunn“.

Eng Missioun vum IMF hat sech déi lescht Woch un den „Aarbechten“ zu Athen bedeelegt. „D‘Missioun huet gutt Fortschrëtter gemaach, an d‘Gespréicher mat den Autoritéiten um Sëtz vum IMF, sollen an de nächsten Deeg weidergefouert ginn. Hei gëtt sech op bestëmmte Froe konzentréiert, déi mat der struktureller a budgetärer Reform ze dinn hunn“, esou de Gerry Rice.

Enn Abrëll haten sech d‘Finanzminister vun der Eurozon den 21. Juni als Stéchdatum gesat, fir en Accord zu de Modalitéiten ze fannen, mat deene Griicheland aus den Hëllefsprogrammer, déi d‘Land elo zanter aacht Joer erhält, erausklamme kann. Dozou gehéiert d‘Entlaaschtung bei der Staatsschold, woubäi d‘Finanzminister sech hei net eens sinn.

Néng Joer Rezessioun

Griicheland, datt 2017 – no néng Joer Rezessioun – nees wirtschaftlech e „Wuesstem“ verzeechent, muss den 20. August, d‘Tutelle vun de Creanciere verlooss hunn. De globalen Accord op deen sech d‘Europäer gäre wéilte verstännegen, muss Mesuren enthalen, déi zu enger Entlaaschtung vun der Staatsschold féiert. Déi bleift aktuell, mat 178% vum BIP (2017) „kolossal“.

De leschten Entworf vum Hëllefsprogramm, fir deen um Samschdeg en Accord fonnt ginn ass, gesäit vir, datt d‘Griichen 88 Reforme mussen ëmgesat hunn. Am Echange dofir erhalen si „neit Geld“. Dat soll dann awer dat lescht Geld sinn, an schonn am Juni kéinten tëscht 10 a 12 Milliarden Euro iwwerwise ginn.

Mat dëser „leschter“ Iwwerweisung, sollt et der griichescher Regierung méiglech sinn, sech eng finanziell „Mouk“ unzeleeën, mat deenen si déi éischt 18 Méint – no der Sortie vum Programm – dierften iwwerbréckt kréien.

mat AFP

Ähnlech Sujeten ESM, EU, Griicheland, Pierre Moscovici
Nächsten Artikel Virrechten Artikel