Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ACEL: Lëtzebuerger Verband vun de Studentencercele stellt sech géint d‘Stage-Gesetz
International Money Neiegkeeten

ACEL: Lëtzebuerger Verband vun de Studentencercele stellt sech géint d‘Stage-Gesetz

Mat der „Originalversioun“ vum Gesetzprojet 7265 (Stage fir Schüler a

dislikesurprise
Wéi steet et ëm d’Panorama-Fräiheet zu Lëtzebuerg?
International Money Neiegkeeten

Wéi steet et ëm d’Panorama-Fräiheet zu Lëtzebuerg?

Et ass nach net esou laang hier datt Thema iwwert

Cargolux – de Beluga-Fluch gouf verréckelt!
International Money Neiegkeeten

Cargolux – de Beluga-Fluch gouf verréckelt!

De Fluch, bei deem zwee Belugae vu Shanghai an Island

money

D’USA a China bleiwen déi wichtegst Handelspartner fir d’EU. Mee de meeschten Handel vun de EU-Länner fënnt an der Unioun statt

Zu Lëtzebuerg spille virun allem d'Nopeschlänner eng wichteg Roll

D’USA a China bleiwen déi wichtegst Handelspartner fir d’EU. Mee de meeschten Handel vun de EU-Länner fënnt an der Unioun statt

Well mëttlerweil ëmmer méi oft d’Ried vun engem Handelskrich mat den USA ass, muss een sech eng Kéier déi aktuell Zuele virun An halen. An do gesäit een, datt d’USA 2017 dee wichtegsten Handelspartner fir d’EU ass. Mee d’Situatioun fir déi eenzel Länner vun der EU gesäit do ganz anescht aus.

16,9% vum EU-Wuereverkéier fanne mat den USA statt. Op der zweeter Plaz fënnt een China (15,3%). Domat leien dës zwou Natiounen den aktuellen Zuele vun Eurostat zum Joer 2017 no wäit virun der Schwäiz (7,0%), Russland (6,2%) an der Tierkei (4,1%) a Japan (3,5%).

Dat kann awer net doriwwer ewech täuschen, datt vir bal all Membere vun der EU en anere Uniouns-Member de wichtegsten Handelspartner war. Dobäi ass Däitschland dat wuel beléiftste Partnerland iwwerhaapt. Däitschland ass fir 17 Länner an der EU dat wichtegst souwéi an 22 Länner eent vun deenen dräi wichtegste Länner fir den Export. Fir d’Tschechesch Republik (33%), Éisträich (29%), Ungarn (28%), Polen (27%) a Lëtzebuerg (26%) war et dat wichtegst Land fir den Export.

Lëtzebuerg exportéiert 84% vun de Wueren an EU-Länner. Domat komme mer op déi zweet Plaz

Wat den Export ugeet, dominéieren iwwerall – ausser am Vereenegte Kinnekräich an Zypern – d’EU-Memberen. Am Rescht vun der EU gëtt méi wéi d’Halschent innerhalb vun der EU exportéiert. An der Slowakei, Lëtzebuerg, der Tschechescher Republik an Ungarn falen iwwert 80 vun den Exporter un aner Membersstaaten.

Den Undeel vun den USA um Handel mat der EU war no 2009 an en Déif gefall.

Bei den Importer ergëtt sech dobäi en ähnlecht Bild. EU-Memberen dominéieren hei kloer. Bei insgesamt 7 Memberstaaten stamen iwwert 25% vun den Importer aus engem eenzege  Partnerland. Dozou gehéieren: Éisträich (42% vun den Importer kommen aus Däitschland), Lëtzebuerg (32% aus der Belsch), Portugal (32% aus Spuenien), d’Tschechesch Republik (30% Däitschland), Irland (29% aus dem Vereenegte Kinnekräich), Polen (28% aus Däitschland) an Ungarn (26% aus Däitschland).

Beim Import vun ausserhalb der EU mussen d’USA sech iwwregens mat der zweeter Plaz zefridde ginn. China kënnt hei op déi éicht Positioun mat engem Fënneftel vun allen Extra-EU-Importer. D’USA kommen op grad emol 14%, Russland op 8%.

D’Vereenegt Staaten hunn eng turbulent Evolutioun hannert sech an d’Situatioun ënnerscheet sech vu Land zu Land.

Den Undeel vun den USA um Handel mat der EU war no 2009 an en Déif gefall. Louchen se bis 2004 bei iwwert 20% Punkten, waren se deen Ament esouguer ënnert d’15% Mark gefall. Tëscht 2015 an 2016 waren se erëm op bal 18% geklommen, mee an Tëschenzäit geet den Undeel erëm erof. Dëst schéngt zum Virdeel vu China ze geschéien. De Chinesen hiren Deel um Handel mat der EU huet sech zënter 2000 vu 5,5% op 15,3% bal verdräifacht.

 

Ähnlech Sujeten Belsch, China, Däitschland, EU, Frankräich, Lëtzebuerg, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel