Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Trotz grousser Maniff, huet de polnesche Senat eng kontrovers Reform ugeholl
yfn lucci dating history Neiegkeeten

anno mundi dating

An der Nuecht op e Mëttwoch, huet de polnesche Senat

dating zoosk profile
yfn lucci dating history Neiegkeeten

D’Kreeslafwirtschaft, erkläert

Kreeslafwirtschaft oder Circular Economy: Dat ass e Begrëff, deen een

LGBTI: Commemoratiounsdag zu Esch/Uelzecht
yfn lucci dating history Neiegkeeten

LGBTI: Commemoratiounsdag zu Esch/Uelzecht

D’Gay Pride ass nieft alle Manifestatiounen, déi dem Gefill vu

Sommet vun den EU-Inneminister zu Lëtzebuerg (mat Analys)

D‘Migratioun als „Plat de Résistance“ a kaum ee wou „Appetit“ gewisen huet

Sommet vun den EU-Inneminister zu Lëtzebuerg (mat Analys)

Datt mat der „organiséierter Verdeelung vun de Mëttelmier-Flüchtlingen“ an der EU ass net einfach an dem däitschen Inneminister, Horst Seehofer (CSU), seng „Iwwergangsléisung“ huet och gëschter beim Sommet um Kierchbierg net „Iwwerzeegt“.

Gutt, et war vu virera kloer: „dat gëtt net einfach“. D‘Verdeelung vun de Migranten/Flüchtlingen deenen et geléngt iwwert d‘Mëttelmier Europa ze erreechen ass weiderhi staark ëmstridden. An et dierft dem grousse Mann aus Bayern méi ofverlaange wéi hie sech dat virgestallt huet, fir seng „Kollegen“ vun der Sënnhaftegkeet, vu senger Iwwergangsléisung ze iwwerzeegen.

EU-InneministerViru gutt zwou Wochen, hat den Horst Seehofer mat Frankräich, Italien a Malta e Wee fonnt fir zu enger Eenegung ze kommen. Gëschter huet den däitschen Inneminister missen agesinn, datt hien net een eenzegt Land iwwerzeegt krut. Hien hat am Virfeld mat 14 „Bereetwëllege“ Länner gerechent a sollt beim Sommet zu Lëtzebuerg zolidd op de Buedem vun der Realitéit opschloen.

„D‘Rettung vu Mënschen engersäits an de Kampf géint skrupellos Passeuren anersäits, si Grondsätz vun der Unioun“, esou den Horst Seehofer. Dat gëtt dann och esou vu kengem bestridden, an et dierf drun erënnert ginn, datt eng Rei Länner (nieft Däitschland, dat sech verflicht huet bis zu 25% vun de Migranten opzehuelen) wéi Lëtzebuerg, Litauen a Portugal, sech staark engagéieren.

An esou „ganz fir d‘Kaz“ war de Sommet dann awer net. Ëmmerhin hu eng Rei Länner zousätzlech Informatiounen zum „Seehofer-Plang“ gefrot, firwat d‘EU-Kommissioun entscheet huet, den 11. Oktober eng Konferenz anzeberuffen, bei där déi „technesch Ëmsetzung“ soll diskutéiert ginn. Et wier awer kloer, datt Länner wéi Griicheland, Italien a Spuenien, keng Kapassitéite méi hätten.

Et muss sech u Prinzipie gehale ginn

Elo ass et awer e Fakt, datt wann sech d‘EU-Inneminister treffen, an et dobäi ëm d‘Verdeelung vun de Flüchtlingen an/oder Migrante geet, éischter wéineg bis guer näischt decidéiert gëtt. Et ass wéi wann et eng „Fauschtregel“ vun der europäescher Asylpolitik wier. De Sommet zu Lëtzebuerg huet dës Thees op en neits beschtens ënner beweis gestallt. Mee e „weider esou“ ass net Akzeptabel.

Um Kierchbierg ass et ëm de sougenannte „Malta-Plang“ vum Horst Seehofer gaangen, dee mat vill „Ach a Krach“ den 23. September zu Valetta ausgeschafft konnt ginn. An dësem gouf festgehalen, datt déi Mënschen déi ëm Mëttelmier opgegraff oder gerett ginn, sollen dierfen an Italien oder Malta u Land bruecht ginn, vu wou aus si op déi véier Länner: Däitschland, Frankräich, Italien a Malta verdeelt ginn. Dat kann awer nëmmen ëmgesat ginn, wa sech méi Länner deem uschléissen.

EU-InneministerFir dat ze erméigleche misst een de Mechanissem och op déi aner EU-Länner an esouguer op d‘EU-Partner, wéi beispillsweis d‘Schwäiz, ausdehnen. De Problem hei: bis ewell hu just Lëtzebuerg a Portugal dësem Plang ouni Virbehalt zougestëmmt. All déi aner sinn net interesséiert oder hu keng Loscht, jee nodeems duerch wéi ee Brëll een hiren Argumenter ze begéine bereet ass.

Elo muss ee sech dëse „Malta-Plang“ eppes méi genee ukucken, fir ze verstoe wourunner sech vill Länner stoussen. An do gëtt et tatsächlech ee Punkt, deem net emol de Jean Asselborn sollt dierfen zoustëmmen. Laut dësem Plang sollen nämlech och esou „Persounen“ op d‘Länner verdeelt ginn, vun deene gewosst bis erwisen ass, datt si keen Usproch op Asyl oder internationale Schutz erhiewe kënnen. Eng „Verwässerung“ vun de bestoende Kritäre kann dann och net ziilféierend sinn.

Wat de „Plang“ fir Objektiver huet

Elo ass et dann awer och nach esou, datt de Malta-Plang sech awer virun allem doduerch ervirdeet, datt hei minimal Ziler verfollegt ginn. Zum enge wieren déi ze beschléissend Prozeduren op sechs Méint zumindest zäitlech begrenzt. Zum aneren ass d‘Bedeelegung „fräiwëlleg“. Net ze vergiessen, datt och nëmme ganz wéineg Migrante vun dëser Prozedur géife profitéieren, an zwar eigentlech nëmmen déi, wou vu Schëffer an en italieneschen oder malteseschen Hafen iwwerfouert ginn.

Fir dëst Joer sinn dat awer nëmmen nach e puer honnert Mënschen, well déi allermeeschte Migrante fannen iergendwéi en anere Wee, fir an d‘EU eranzekommen. Laut aktualiséierten Zuele wieren dat fir 2019, ronn 80.000 Mënschen. A beim Malta-Plang geet et jo an éischter Linn och dorëms, Italien a Malta ze entlaaschten, och wann dat zu enger Reform vun der EU-Asylpolitik féiere sollt.

EU-InneministerE weidere Problem, deen de „Widderstand“ vu ville Länner erkläert: zanter 2016 sinn d‘Zuele vun de Migranten/Flüchtlingen nees steigend. Den Ament – an dat huet och mat der Erdogan-Politik ze dinn – si besonnesch Griicheland a Spuenien nees belaascht. Hei muss een dann elo och Angscht hunn, datt déi vun der Tierkei ugekënnegt Invasioun vu Syrien, d‘Lag am europäesche Südosten nach verschäerft. E Mechanissem wéi et de Seehofer virgesäit géif hei en Ureiz zur Flucht bedeiten.

Wier et ugesiichts dem Fakt, datt ee jo weess wat zu de Problemer bäidréit, wéi eng Ursaachen zur Migratioun/Flucht bäidroen an een net gewëllt ass d‘Leit opzehuelen, net endlech un der Zäit déi national a europäesch Aussepolitik esou ze gestalten, datt et guer net esouwäit kënnt. Et kann een net Waffe verkafen an sech wonneren, datt et Mënsche gëtt déi sech net wëllen erschéisse loossen.

Foto: Och de Jean Asselborn huet sech um Sommet an d‘Gespréicher abruecht. Eisen Ausseminister ënnerstëtzt dem Horst Seehofer seng Propose an fuerdert vu senge Kollegen eppes méi Engagement an der europäescher Migratiounspolitik © MFA

Ähnlech Sujeten EU-Inneminister, Flüchtlingen, Horst Seehofer, Migratioun, Sommet Kierchbuierg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel