Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pedophilie: Kardinol fuerdert datt Fraen sech un der Formatioun zum Paschtouer bedeelegen
Neiegkeeten

Pedophilie: Kardinol fuerdert datt Fraen sech un der Formatioun zum Paschtouer bedeelegen

„Frae mussen sech méi un der Formatioun vun de Paschtéier

Editorial: Den Dossier „Brexit“ zitt sech…
Neiegkeeten

Editorial: Den Dossier „Brexit“ zitt sech…

Déi fënneft Verhandlungsronn tëscht der EU a Groussbritannien ass alt

Theaterschoul Lëtzebuerg – Stagen a Formatiounen 2019
Neiegkeeten

Theaterschoul Lëtzebuerg – Stagen a Formatiounen 2019

Och an dësem Joer proposéiert d’Theaterschoul an der Stad Lëtzebuerg

EU: Jidderee muss mat senge Chômeure selwer eens ginn!

EU: Jidderee muss mat senge Chômeure selwer eens ginn!

E Freideg konnten sech d‘Membere vun der CoRePer (Comité vun de permanente Vertrieder vun den 28 Memberlänner) drop eenegen, den Text vun der EU-Kommissioun, mat deem déi Länner déi Grenzgänger beschäftegen, och dësen hir Chômage-Indemnitéit iwwerhuele mussen, nees an den Tirang ze leeën. Eng Decisioun déi vum Lëtzebuerger Aarbechtsminister begréisst ginn ass.

Fir den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) war et eng gutt Nouvelle, och wann de Sujet net aus der Welt geschaaft ginn ass. Den Text wier net appropriéiert a géif och dem soziale Fortschrëtt net entgéint kommen, esou den Avis vum Minister. Den 19. Mäerz hat et wuel e prinzipiellen Accord ginn, mee zanterhier hu sech eng Rei Länner dem lëtzebuergesche Widderstand ugeschloss gehat.

De Projet zur Moderniséierung vun der Reglementéierung an der EU vun der Koordinatioun vun der Sozialversécherung, staamt aus dem Joer 2016. Déi gréisste Virwërf deenen sech den Text ze stellen hat, war datt hie sech net un de regionale Spezifizitéiten orientéiert huet, firwat besonnesch Lëtzebuerg vun der Moossnam benodeelegt gi wier. Mee och aner Regioune sinn dovunner betraff.

Wat wier den Impakt fir Lëtzebuerg gewiescht?

Wat eist Land betrëfft, esou muss ee bedenken, datt hei ronn 200.000 Grenzgänger eng Schaff hunn, a logescherweis sinn och si vun den ënnerschiddlechen Ursaachen déi zum Aarbechtsplazverloscht féiere betraff. Laut dem Projet vun der EU-Kommissioun, hätt Lëtzebuerg, fir déi Leit wou hei am Land mindestens 6 Méint geschafft a cotiséiert hunn, fir d‘Chômage-Indemnitéit misse riicht stoen.

Dat huet natierlech e Präis, a säitens der ADEM gëtt d‘Zuel vun 12.000 Demandeure genannt, déi berechtegt wieren. De Minister leet awer grousse Wäert drop ze betounen, datt et manner ëm déi finanziell Belaaschtung geet, déi esou eng Moossnam mat sech bréngt. Et wier den administrativen Opwand, deen der ADEM net kann zougemutt ginn, géint dee sech zu Bréissel gewiert ginn ass.

Ëm d‘Geld geet et ënnert dem Stréch awer. Wa Lëtzebuerg fir de Chômage vu den Frontaliere misst opkommen, da géif dat d‘Staatskeess tëscht 85 a 90 Milliounen Euro kaschten, esou eng virsiichteg Estimatioun. Schonn haut ass et esou, datt Lëtzebuerg déi éischt dräi Méint „Chômage“ op sech hëlt fir all Frontalier deen hei seng Aarbecht verléiert. Käschtepunkt: ronn 30 Milliounen.

Eis franséisch Noperen hunn e berechtegten Interêt

Datt Frankräich un dëser „Initiativ“ schwéier interesséiert ass, an déi rumänesch Presidence vum EU-Rot genotzt huet fir den Dossier virunzedreiwen, kann een net verdenken. Eis Nopere kéinten, sollt dem Virschlag vun der EU-Kommissioun Rechnung gedroe ginn, all Joer bis zu 700 Milliounen Euro aspueren, wann d‘Leit do indemniséiert géifen, wou si och cotiséiert hunn.

E Freideg awer hunn d‘Belsch, Dänemark, Éisträich, Holland an esouguer Däitschland hire „Veto“ zur aktueller Versioun ageluecht. Dem Dan Kersch säi Virgänger a Kandidat fir e Mandat als EU-Deputéierten, Nicolas Schmit hat sech scho mat Hänn a Féiss géint dës Initiativ zur Wier gesat. Méi wéi eng Derogatioun konnt dësen der EU-Kommissioun awer net aus de Rëppe leieren.

Wéi elo d‘Rumänen domatter ëmginn ass net gewosst. D‘Fransousen, esouvill dierf ee sécher sinn, wäerten och weiderhi fir esou eng Moossnam militéieren. Dat bedeit datt den „Trilog“ tëscht der Kommissioun, dem Rot an dem Parlament bestoe bleift. Ugesiichts de bevirstoenden EU-Wahlen, wier een zu Bréissel gutt beroden, dësen Dossier rouen ze loossen an nach emol ze iwwerdenken.

Ähnlech Sujeten Aarbechtsminister, Chômage, CoRePer, Dan Kersch, EU, EU-Kommissioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel