Search

You may also like

Weltdag vun den Ozeaner – Et gëtt villes ze verléieren, awer och ze gewannen
International Meenung Neiegkeeten

Weltdag vun den Ozeaner – Et gëtt villes ze verléieren, awer och ze gewannen

Iwwer zwee Drëttel vun der Äerd si vu Waasser bedeckt

money
CNFP: Recommandatioune sinn nëmmen da gutt wann een se unhëlt
International Meenung Neiegkeeten

CNFP: Recommandatioune sinn nëmmen da gutt wann een se unhëlt

Um Méindeg huet den CNFP (Nationalrot fir ëffentlech Finanzen) de

Den Josh Island an der Brasserie K116
International Meenung Neiegkeeten

Den Josh Island an der Brasserie K116

Um räichhaltege Programm vun der Brasserie K116 steet am Abrëll den Optrëtt

EU Klimagesetz: De Kampf géint de Klimawandel elo ugoen

EU Klimagesetz: De Kampf géint de Klimawandel elo ugoen

Laut dem Emissiouns-Rapport vun der Ëmweltorganisatioun vun der UN musse mir eis global Zäregasemissiounen ab 2020 all Joer ëm 7,6 Prozent senken, fir d’Ziler vum Paräisser Ofkommes ze erreechen an déi global Erwiermung op 1,5 °C iwwert dem virindustriellen Niveau ze begrenzen.

Déi Europäesch Kommissioun huet 2019 hire Virschlag fir ee Green Deal virgestallt, mat dem Zil, Europa bis 2050 zum éischte klimaneutrale Kontinent ze maachen. Am Mäerz 2020 koum dunn de Virschlag fir eng Veruerdnung zum Europäesche Klimagesetz, dat als Sail vum Green Deal d’Zil vun der Klima-Neutralitéit an d’Gesetz aschreiwe soll. Dëst Gesetz wäert d’Grondlag fir all Klimaschutzmoossnamen vun der Unioun an de kommende Joerzéngten bilden.

EU-Klimagesetz

Aktuell Situatioun an Ziler (EU-Klimagesetz nach net mat abezunn)

Gréng Fuerderungen

Reduktioun vun 65 % vun den Zäregasemssiounen bis 2030

Déi Europäesch Union muss sech d’Zil setze bis 2030 op mannst 65 % vun der Zäregasreduktioun ze erreechen. Dat nächst Joerzéngt an d’Klimaschutzmoossnamen, déi mir eis ginn fir eis Ziler ze erreeche, wäerten entscheeden, ob mir d’Chance hunn, d’Zil vun 1,5 °C ze erreechen an esou beschleunegt an irreversibel Auswierkunge vum Klimawandel ze vermeiden.

Netto-Emissioune bis 2040 op Null reduzéieren

Mir mussen eis Netto-Emissioune bis 2040 op Null reduzéieren, also klimaneutral ginn. Netto-Null-Emissioun bedeit net, datt mir keng Emissioune méi produzéiere wäerten, mee datt déi verbleiwend Emissioune mat „negativen“ Emissiounen ausgeglach ginn. D’EU muss hir Emissioune verréngeren, a gläichzäiteg natierlech Senken wéi Bëscher, Biedem a Fiichtgebidder verbesseren. Dat wäert net just entscheedend sinn, fir d’Klimaziler ze erreechen, mee och fir déi biologesch Diversitéit nees hierzestellen, eis Resilienz ze stäerken an d’Regeneratioun vun eisen Ekosystemer ze verbesseren.

Een Europäesche Klimarot

Ee Schlësselelement fir een erfollegräicht Klimagesetz ass d’Abezéie vun engem onofhängege wëssenschaftleche Berodungsgremium. Mir fuerderen dofir d’Ariichtung vun engem Europäesche Klimarot (European Panel on Climate change – EPCC). Den EPCC soll als onofhängegt, wëssenschaftlecht Berodungsgremium fir de Klimawandel fungéieren an aus 20 Sozial- an Naturwëssenschaftler bestoen, déi opgrond vun hirem Fachwëssen ausgewielt ginn. Den EPCC soll bewäerten, déi d’EU seng Klimaziler erreecht an op mannst all 5 Joer ee Rapport dozou verëffentlechen.

En Accord vun allen EU-Rechtsvirschrëfte mam Zil vun der Klimaneutralitéit

Mir fuerderen d’EU-Kommissioun op, all Moossnamenentwërf, Virschléi zur Legislatioun an dem Haushalt abezunn, virun dem Akzeptéieren op hir Vereenbarkeet mam Zil vun der Klimaneutralitéit ze bewäerten Mir schloen och vir, datt d’Kommissioun all relevant a scho bestoend EU-Rechtsvirschrëften an Haushälter op hir Vereenbarkeet ze bewäerten an, falls erfuerderlech, Ännerunge virschléit fir se un d’Klimagesetz unzepassen.

Dës Weidere fuerdere mir d’Kommissioun op, eng ëmfaassend Analys vun alle Subventiounen fir direkt an indirekt fossil Brennstoffer an alle Memberstaate virzeleeën.

Zäregasemissiounen vum Verkéierssecteur konsequent reduzéieren

Den Transportsecteur ass de gréissten Zäregasproduzent vun der Europäescher Unioun an den eenzege Secteur, dee seng Zäregasemissiounen säit 1990 erhéicht huet.

EU-Klimagesetz

Zäregasemissiounen aus der internationaler Loft- a Schëfffaart sinn aktuell net duerch en europäesch Recht gereegelt a mussen dringend an d’EU-Klimagesetzveruerdnung opgeholl ginn. Déi momentan global Ziler vun der internationaler Schëfffaartsorganisatioun (IMO) an den Internationalen Zivilloftfaart-Organisatiounen (ICAO) erbréngen net déi erfuerderlech Emissiounsreduzéierungen.

Weider erhieflech Moossnamen sinn erfuerderlech, fir d’Klimaneutralitéit ze erreechen. D’Kommissioun muss ëmfaassen Rechtsvirschrëfte virleeën, fir sécherzestellen, datt de Loftfaart- an de Séiverkéier mat den Ziler vum Klimagesetz an Eeklang stinn.

Fir ee klore Wee zur emissiounsfräier Mobilitéit am Bezuch op den Europäesche Green Deal ze garantéieren, muss d’EU-Kommissioun och d’Legislatur zum CO2-Emissiounsleeschtungsstandard fir Autoen a Liwwerween iwwerschaffen, fir ab 2021 e Virschlag fir ee Wee a Richtung emissiounsfräi Mobilitéit ab 2025 virginn ze kënnen.

Aktiv Mobilitéit, wéi Wanderen a Vëlofueren, kann eng grouss Roll bei der Reduzéierung vun den Emissiounen an eise Stied spillen. Mir sinn dofir der Meenung, datt d’Kommissioun bis spéitstens 2021 eng Strategie fir eng aktiv Mobilitéit virleeë sollt.

Matgedeelt vun déi gréng

Opmaacherbild: © Markus Spiske / Usplash

Related topics déi gréng, Douce Mobilitéit, EU-Klimagesetz, Europäesch Kommissioun, Fuerderungen, Klimaneutralitéit, Paräisser Klimaofkommes, Reduktioun, Zäregasemissiounen
Next post Previous post