Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Regierung mat 50 % Fraen an ee staarke Gläichstellungsministère
International Neiegkeeten Stories

Eng Regierung mat 50 % Fraen an ee staarke Gläichstellungsministère

Den CID – Fraen an Gender ass schockéiert iwwert déi

Suffocation a Belphegor an der Kufa – God Dethroned an Dark Rise als Support!
International Neiegkeeten Stories

Suffocation a Belphegor an der Kufa – God Dethroned an Dark Rise als Support!

Kommenden Dënschdeg, wäert Lëtzebuerg ganz am Zeeche vum Black Death

Eis Handelskummer stellt sech der Zukunft
International Neiegkeeten Stories

Eis Handelskummer stellt sech der Zukunft

Et ass zur Traditioun ginn, datt sech d‘Handelskummer fir seng

Bréissel: Marketing-Flopp fir EU-Klimagesetz

D‘Ursula von der Leyen hat sech geduecht et wier eng gutt Iddi d‘Greta Thunberg zur Presentatioun anzelueden, a gëtt besserem beléiert

Bréissel: Marketing-Flopp fir EU-Klimagesetz

Nodeems si zu Bréissel moies de „Green Deal“ vun der EU-Kommissiounspresidentin beschloss haten, mat deem d‘Ursula von der Leyen den Ëmbau vun der europäescher Gesellschaft lancéiere wëll an bis 2050 „Klimaneutralitéit“ erreeche wëll, ass och den éischte Gesetzprojet fir Klimaschutz virgestallt ginn. Et huet eppes Kritik ginn, an d‘Knetzel war net dat eenzegt dat et kritiséiert huet.

Am „Green Deal“ vun der EU ass festgeluecht ginn, datt d‘Europäer bis zum Stéchdatum net méi CO² produzéieren, wéi se et op anere Plaze späichere kënnen. Dës Ausso soll elo an engem Gesetz gefestegt ginn. Dat awer geet am Kär net iwwert dat bis ewell bekannen eraus. De gréngen EU-Parlamentarier Michael Bloss vermësst hei beispillsweis eng Reduktiounsvirgab bis 2030.

„Ech si schonn enttäuscht, well d‘Kommissioun gesot hat, datt si eng Klimakommissioun wëll sinn. Si hunn ëmmer grouss Ziler ugekënnegt an elo hunn se op en Neits keng konkret Ziler virginn, mee soen: ‚Mir maachen dat méi spéit‘. Mir brauchen dës Ziler awer zäitno, fir dat dëst Joer och en Erfolleg-Joer gëtt. Et steet ganz vill um spill“, esou den engagéierten däitschen EU-Deputéierten.

An et steet tatsächlech vill um Spill, well wann et an dësem Rhythmus virugeet, riskéiert d‘EU sech bei der fir November zu Glasgow geplangte Weltklimakonferenz zolidd ze blaméieren. Datt ee wëll Klimaneutral wier eng gutt Saach, mee ouni verbindlech Moossnamen ass dat alles beschtefalls eng Absichtserklärung. Dat gesäit esou och de sozialisteschen EU-Parlamentarier Timo Wölken.

Et kann net um leschte Stëppel geléngen

„Et feelen ambitionéiert Tëschenetappen an en Emissiounsbudget, fir datt d‘Memberlänner net eréischt um leschte Stëppel domadder ufänke CO²-Emissiounen ze reduzéieren, mee elo direkt domadder ufänken. Eppes muss eis kloer sinn: alles wat mir elo net maachen, wäert eis spéider richteg wéi doen“, esou den EU-Deputéierten. Da muss awer d‘SPD eng aner Politik maachen…

Vu konservativer Säit gëtt et dogéint – et gehéiert ee jo zur „Famill“ – keng Awänn. Den däitsche Peter Liese (CDU) begréisst d‘Intentioun vun der Kommissioun d‘CO²-Reduktiounszil fir 2030 eréischt am Hiecht op de Leescht ze huelen. Et bréicht eng wëssenschaftlech Bewäertung vun de Folgekäschten, déi beispillsweis duerch d‘Ofschalte vu Kuelekraaftwierker entstoe wäerten.

KlimagesetzFir de Peter Liese, Member vun der EPP an esou politesch Verwannt mam Victor Orban senger Fidesz, hätt een op d‘Wënsch vu virun allem de jonke Mënschen an Europa „reagéiert“. D‘Analys vun der Kommissioun géif zudeem weisen, datt d‘Ziler och mat zousätzlechem Wuesstem an dem schafe vun Aarbechtsplazen ze erreeche sinn. Dat stëmmt esou net ganz, mee Politik bleift Politik.

An dat huet virun allem och domadder ze dinn, datt d‘Propose vun der EU-Kommissioun jo och nach muss d‘Zoustëmmung vun de Memberlänner kréien, wat nees eng ganz aner Geschicht ass. Op der internationaler Bühn wéist ee gäre säi grénge Mäntelchen, doheem geet et ëm Muecht a virun allem perséinlech Interessen. Polen an Ungarn hu guer net d‘Absicht, de Green Deal ëmzesetzen.

„Wann d‘Haus brennt, waart een net of“

Wann d‘Grenzen tëscht politeschem Aktivismus a theatraleschem Optrëtt net méi erkennbar sinn, dann ass de Projet scho gescheitert. D‘Ursula von der Leyen, hat dann och nees eng „Eingebung“ vun der besonnescher Aart. Si hat zur Virstellung vum Gesetzprojet déi weltbekannten Aktivistin Greta Thunberg agelueden. Hei war drop gewett ginn, datt et eng cool Marketingoperatioun ass.

Blöd allerdéngs, wann déi streidereg Knetzel esouguer kee weiblecht Solidaritéitsgefill entwéckelt an och nach ënner Beweis stellt, datt et onofhängeg a virun allem selbstbestëmmt denke kann. Si huet der fréierer Verdeedegungsministesch mat „Beroder-Syndrom“ zolidd d‘Show versaut. Dat hat d‘EU-Kommissiounspresidentin allerdéngs net am Sënn, wéi si dës jonk Fra „benotze“ wollt.

KlimagesetzD‘Greta huet den Elitte wéi gewinnt de Spigel virgehalen, fuerdert vun der EU-Kommissioun net manner wéi zäitno ze handelen. Am Ëmweltausschoss vum EU-Parlament huet dës engagéiert jonk Damm der politescher „Intelligenzia“ nees korrekt de Marsch geblosen. Dat virgeluechte Gesetz wier Makulatur a géif nëmme bedéngt op laangfristeg Ziler setzen, et misst awer elo gehandelt ginn.

„Wéi är Kanner de Feieralarm ausgeléist hunn, hutt dir d‘Haus verlooss, nogekuckt an och de Geroch erfaasst. Dir hutt festgestallt dat d‘haus tatsächlech brennt. Et war kee falschen Alarm, an awer sidd dir nees an d‘haus eran, hutt a Rou zu Nuecht giess, iech nach e Film eragezunn a sidd uschléissend gemitterlech an d‘Bett gaangen, ouni datt een d‘Pompjeeë geruff hätt“, esou d‘Greta.

Politiker hunn einfach keen Zäitgefill

An dat war eigentlech just d‘Intro… „Et deet mir leed, mee dat mécht einfach kee Sënn. Wann äert Haus brennt, da waart dir dach net e puer Joer of, iert dir mat läschen ufänkt? Mee genee dat ass et wat haut hei vun der EU-Kommissioun virgeschloe gëtt“, seet déi jonk Schwedin an huet – wéi esou oft – den Nol nees matten op de Kapp getraff. Dobäi gëllt d‘Gesetz als zentrale Bausteen…

Ouni d‘Gesetz kann de Green Deal net ëmgesat ginn, ass et net méiglech sech den noutwennegen Investitiounen a Milliarden-Héicht unzehuelen, wouduerch eng klimaneutral Ekonomie, esou wéi se am Präisser Ofkommes niddergeschriwwe gi war, net ze erzilen ass. D‘Klimaneutralitéit soll bis 2050 erreecht ginn, dat awer eréischt mat enger Progressiver „Verschäerfung“ ab 2030.

KlimagesetzDofir hätt een awer am Gesetz konkret Moossname misse festleeën, mee esouwäit wollt dann nees kee goen. Just ee Kader fir „Moossnamen“ opzestellen, dat ass Aewëscherei, jo scho bal en Affront géintiwwer all deene Jonken (a manner Jonken), déi sech fir eng liewenswäert an aarteräich Welt asetzen. An et ass scho krass, datt Leit, déi 2050 net méi wäerten do sinn, dat wëlle verhënneren.

12 vun de 27 verbliwwene Länner vun der EU (an Däitschland gehéiert net derzou, firwat mir eppes méi wäert op d‘Ausso vun hiren EU-Deputéierte geluecht hunn) hunn de Problem och erkannt an d‘EU-Kommissioun ugewisen, hei nach emol nozeleeën. Revendicatiounen, déi schrëftlech schonn en Dënschdeg dem Vizepresident vun der Kommissioun, Frans Timmermans, zougedroe goufen.

mat indymedia/bru

Foto: Si haten d‘Greta Thunberg agelueden, an der Hoffnung, datt et dat vun der EU-Kommissioun proposéiert Klimagesetz als Errongenschaft géif erkennen. De Géigendeel war de Fall, an esou huet nees eng jonk Damm vu grad emol 17 Joer (nach ouni Schoulofschloss) deenen „ganz Gescheiten“ awer leider nëmmen de perséinlechen Interesse verflichte Politiker den Dicks gebéit. (Videograb)

Ähnlech Sujeten Ëmweltkommissioun, EU, Green Deal, Greta Thunberg, Klimagesetz, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel