Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
De Roy Moore scheitert a gëtt engem nei Hoffnung
International Neiegkeeten

De Roy Moore scheitert a gëtt engem nei Hoffnung

D’Angscht, datt d’Joer 2017 grad esou schlëmm géif ginn wéi

tonguesurprise
Brexit: London leet Virschléi op den Dësch
International Neiegkeeten

Brexit: London leet Virschléi op den Dësch

Haut verëffentlecht London seng Proposen zu der Grenz tëscht Irland

cool
Dës Initiativ suergt zu Bouneweg fir méi Liewensqualitéit
International Neiegkeeten

Dës Initiativ suergt zu Bouneweg fir méi Liewensqualitéit

Gutt gelaunt an héich erfreet hunn d’Awunner vun der Bongert-Strooss

EU-Kommissär Öttinger hält déi britesch Premierministesch fir „Schwaach“

EU-Kommissär Öttinger hält déi britesch Premierministesch fir „Schwaach“

Ëmstridden, mee ee vun den wichtegsten EU-Kommissären, den däitsche Günther Öttinger (CDU). Hien huet sech um Mëttwoch besuergt gewisen, well Groussbritannien am Kontext vum Brexit stänneg „blockéiert“. Hien hält déi britesch Premierministesch fir „Schwaach“ a mécht de Geck mam briteschen Ausseminister.

„D‘Madamm May ass schwaach an de Boris Johnson huet déi selwecht Coiffure wéi den Trump. Domatter ass alles gesot“, deklaréiert den EU-Budgetskommissär bei engem Gespréich mat Schüler an enger Schoul zu Karlsruhe. „Et bleift nëmmen ze hoffen datt verstänneg Matbierger d‘Madamm May iwwerzeegt kréien, sech a Richtung vun engem intelligente Brexit ze entwéckelen“.

Richteg ass, datt d‘Verhandlungen zum Austrëtt aus der europäescher Unioun, nach bei verschidde Punkten op de Widderstand vu Groussbritannien stoussen. Esou beim Statut vun Nordirland, oder den Handelsbezéiungen nom Brexit.

„Verréckt“

Déi legislativ Wahle vun 2017 hunn dann och de politeschen Ambitioune vum Theresa May „ e klenge Stréch duerch d‘Rechnung“ gemaach. Seng konservativ Partei hat hir absolut Majoritéit verluer an zanterhier muss sech d‘Premierministesch mat engem staarken Dissens an der eegener Partei ausenanersetzen.

Hei gëtt et zwee Lager, dat eent besteet op enger enker Zesummenaarbecht mat der EU, dat anert besteet op engem Austrëtt ouni Zougeständnesser. Esou och de Boris Johnson. Den Ausseminister huet um Dënschdeg eng Zollunioun, esou wéi se vum Theresa May ugestrieft gëtt, als „Verréckt“ bezeechent.

Laut dësem Plang vun enger „neier Zollunioun“ géif Groussbritannien d‘Douanestaxen am Numm vun der EU erhiewen, déi duerch den Territoire transitéieren, mee fir den EU-Bannemaart bestëmmt sinn. Dogéint awer eegen Taxen erhiewen, fir Gidder déi am Land selwer bleiwen.

Ze vill Bürokratie

Laut dem Boris géif dës Léisung zu engem fierchterleche bürokrateschen Opwand féieren a sech negativ op zukünfteg „Fräihandelsaccorden“ mat anere Länner auswierken. Groussbritannien wier awer nom Brexit op esou Accorden ugewisen.

Bréissel waart an Tëschenzäit nach ëmmer op déi britesch Virschléi, mat deenen déi zukünfteg Relatiounen tëscht Groussbritannien an der EU sollen definéiert ginn. An dobäi soll schonn am Juni de nächste „Brexit-Sommet“ ofgehale ginn.

mat AFP

Foto: Den EU-Kommissär Günther Öttinger, ass net nëmme wéinst senger „Aart a Weis“ sech auszedrécke bei den Diplomaten ëmstridden. © Emmanuel Dunand/AFP

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Günther Öttinger, Theresa May, Zollunioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    4

  • Cool

    0

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    4

  • Crazy

    6

  • Love

    0