Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

QuattroPole-Musekpräis: Kreativ Innovatiounen
International Money Neiegkeeten

QuattroPole-Musekpräis: Kreativ Innovatiounen

Bei der grenziwwerschreidender Kooperatioun QuattroPole si ganzer 54 Kandidature fir

Russesch Hyperschallrakéit ass Asazbereet
International Money Neiegkeeten

Russesch Hyperschallrakéit ass Asazbereet

Moskau huet confirméiert, datt zanter dem leschte Freideg, déi éischt

De Bréif-Marathon vun Amnesty International
International Money Neiegkeeten

De Bréif-Marathon vun Amnesty International

Et gëtt oft behaapt, datt déi Jonk d‘Leader vu Muer

money

EU-Kommissioun kënnegt neie Budget un

Ursula von der Leyen proposéiert de Haushaltsplang ze änneren a kënnegt ee Konjunkturplang un, fir den ekonomeschen Impakt vun der Pandemie besser offiederen ze kënnen

EU-Kommissioun kënnegt neie Budget un

Déi duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste sanitär Kris ass net eleng um gesondheetleche Plang en zolitte Problem, och fir déi gesamt europäesch Wirtschaft ass et regelrecht Katastroph. Well een elo och net kann ofwaarden, gëtt sech op d‘Zäit no dëser Pandemie virbereet. Dat huet derzou gefouert, datt d‘EU-Kommissiounspresidentin elo en neie pluriannuelle Budget virschléit.

Aus dem Büro vum Ursula vun der Leyen, heescht et, datt d‘Kommissioun Ännerungen am Budget wäert proposéieren, fir d‘Folge vun der Kris bewältegt ze kréien. Zu dëser Initiativ gehéiert ee Konjunkturpak, deen derzou bäidroe soll, den Zesummenhalt bannent der europäescher Unioun duerch „Solidaritéit a Verantwortlechkeet“, ze sécheren. Dat setzt awer Unanimitéit viraus.

Wann ee weess, datt den éischten Ulaf fir de pluriannuelle Budget vun der EU fir den Zäitraum vun 2021 bis 2027, am Februar kläglech gescheitert ass, an et mat der Zesummenaarbecht an der Solidaritéit tëscht den EU-Memberlänner net wäit hir ass, da gëtt dëse Schratt net einfach. Mee dee schéngt essentiell, well de Budget muss zwéngend nach an dësem Joer ficeléiert ginn.

Geléngt dat net, géifen ab 2021 eng ganz Rei EU-Programmer brooch leien. Kuerzfristeg géif dru geschafft, déi Mëttel déi nach am lafenden Haushaltsplang zur Verfügung stinn, flexibel anzesetzen, wat zu enger gewësser Entlaaschtung bäidréit. Dobäi gëtt et och eng Rei Virschléi déi vun de Länner abruecht goufen, fir déi enorm finanziell Belaaschtung déi sech opdeet, ofzefiederen.

„Coronavirus-Bonds“ als méiglech Geldquell

En Donneschdeg haten d‘Staats- a Regierungscheffen sech an enger Videokonferenz beroden, wéi eng Hëllefe fir déi „manner finanzkräfteg Länner“ méiglech sinn. Italien a Frankräich hu proposéiert sougenannt „Coronavirus-Bonds“ auszeginn, wat nieft Spuenien nach vun anere Länner begréisst ginn ass. Däitschland ass allerdéngs dergéint, wat och nees fir eppes Gespréich suergt.

Dat wier scho Sënnvoll, well et iwwert dëse Wee de Länner, déi wéinst hirer ekonomescher Situatioun wiesentlech méi héich Zënsen op e Kredit bezuele mussen, hei un verhältnesméisseg „bëllegt“ Geld komme kéinten. Mee d‘EU-Kommissiounspresidentin huet Verstees-de-Mech fir d‘Argumenter vu béide Säiten, firwat een d‘Decisioun vun Eurogrupp ofwaarde sollt.

Mee och an der Eurogrupp ass ee sech net eens, an esou gouf de schwaarze Péiter un d‘Finanzminister vun der Eurozon weidergereecht. Déi sollen elo, jidderee fir sech, bannt den nächsten zwou Woche Virschléi op den Dësch leeën. D‘EU-Komissioun wëll sech un de Gespréicher bedeelegen. Däitschland jiddefalls hätt léiwer et géif een den ESM hei asetzen.

mat indymedia/bru

Foto: Wann et och wéinst den nationalen Aktualitéiten eppes ënnergeet, esou ass wichteg ze wëssen, datt zu Bréissel keng Zäit verschwent gëtt. Nieft de Beméiunge Material zum Schutz vun allen Acteuren am Gesondheetswiesen, wéi och fir all déi Leit déi berufflech de Kontakt mam Public hunn, esou gëtt sech elo och d‘Zäit no der Pandemie virbereet. © EUCO

Ähnlech Sujeten Budget, Coronavirus, Covid19, EU-Kommissioun, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel