Search

You may also like

Verweigert sech de Cactus engem Kollektivvertrag?
International Neiegkeeten

Verweigert sech de Cactus engem Kollektivvertrag?

Nodeems et bei der Luxtram S.A. endlech zu engem Kollektivvertrag

Flogging Molly am Atelier – eng riseg Party am iresche Stil!
International Neiegkeeten

Flogging Molly am Atelier – eng riseg Party am iresche Stil!

Gëschter Owend huet déi iresch Folk- a Punk-Rock Band Flogging

Spärung vun der N33 tëscht Esch-Uelzecht a Rëmeleng
International Neiegkeeten

Spärung vun der N33 tëscht Esch-Uelzecht a Rëmeleng

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt d’N33 tëscht Esch-Uelzecht a Rëmeleng (Potto

Haut stellt d‘EU-Kommissioun hire Klimaplang vir

Wat verstoppt sech hannert dem Uschi sengem gréngen Handel?

Haut stellt d‘EU-Kommissioun hire Klimaplang vir

Lëtzebuerg huet schonn e Klimaplang, esouguer ee Klimaschutzgesetz soll 2020 gestëmmt ginn, mee De Klima geet eis all eppes un an esou ginn haut zu Bréissel d‘Eckpunkte vum „green Deal“ virgestallt. D‘Zilsetzung ass däitlech: De Kontinent Europa soll bis 2050 Klimaneutral ginn.

Et ass mat Ofstand den ambitiéiste Projet vun der EU-Kommissioun an dem Ursula von der Leyen. Europa soll mat dësem „Plang“ eng Pionéierroll beim Klimaschutz iwwerhuelen. Bis 2050, esou d‘EU-Kommissiounspresidentin, soll Europa den éischte Klimaneutrale Kontinent ginn. Fir datt et keng Zweiwel un den Absichte vun der Komissioun gëtt, soll bis Mäerz e Gesetz de Plang stëtzen.

An dësem Plang ass och en Etappenzil enthalen: bis 2030 soll den Ausstouss un Zäregasen – am Verglach zu 1990 – net méi ëm 40%, mee direkt ëm 50% reduzéiert ginn. Bei der Cop25/UN-Weltklimakonferenz zu Madrid, huet d‘Ursula von der Leyen, hire „gréngen Handel“ ugekënnegt. Dee géif den Ausstouss reduzéieren, Aarbechtsplaze schaffen an d‘Liewensqualitéit verbesseren.

Et wäert zu wäitreechende Verännerunge kommen dee vill Beräicher betrëfft: Industrie, Energie, Landwirtschaft an de Verkéier si konkret Secteuren déi genannt goufen. Dobäi gëtt iwwerluecht, den Emissiounshandel och op de Schëffsverkéier auszebreeden. Fir dëse „green Deal“ ass de Frans Timmermans verantwortlech an och hien huet eng Rei Iddien déi hien ëmsetze wëll.

Dozou gehéiert déi ëmweltfrëndlech Moderniséierung vun de Gebaier an den Heizungen. D‘Stied solle méi gréng ginn an d‘Bëscher missten nees verstäerkt beplanzt ginn… Dat gëtt net bëlleg firwat d‘Finanzmëttel aus dem EU-Haushalt, vun de Memberlänner an dem Privatsecteur sollen zesummegefouert ginn. An dësem Plang spillt dann och déi europäesch Investitiounsbank eng Roll.

Aus der EIB eng Klimabank maachen

Geet et der EU-Kommissioun no, da gëtt déi europäesch Investitiounsbank (EIB) zu enger Klimabank ëmgebaut. Déi soll da verstäerkt nohalteg Projete fërderen. Et gëtt sech zudeem och Gedanken iwwert en Iwwergangsfonds gemaach. Dëse sollt mat ronn 30 Milliarden Euro gefëllt ginn. Geld mat deem de Kueleregiounen an Osteuropa gehollef gëtt de Strukturwandel hinzekréien.

„D‘EU huet d‘Mëttel an d‘Technologie fir de Klima nees an d‘Spur ze bréngen“, esou een zimlech optimistesche Frans Timmermans. Hie stellt zudeem kloer, datt wann dës Gespréicher gefouert ginn, d‘Leit verstoe mussen, datt och wann näischt géif gemaach ginn, et richteg deier gëtt. Wéi hien awer wëll d‘Industrie an d‘Wirtschaft mat an d‘Verantwortung wëll huelen ass net gewosst.

An da gëtt et och schonn, obwuel nach näischt Konkretes um Dësch läit, entspriechend zolidd Kritik. Esou vun de „gréngen“ am EU-Parlament. Si fuerderen eng CO²-Emissiounsreduzéierung vu mindestens 65% bis 2030. Dat wier noutwenneg fir den Ziler vum Paräisser Accord gerecht ze ginn. Wéi dat ze bewältegen ass, wou et jo och esou eppes wei Klimagerechtegkeet soll ginn, gouf net preziséiert.

Skepsis gëtt et allerdéngs och säitens der „politescher Famill“ vum Ursula von der Leyen. Déi sougenannt europäesch Vollekspartei (EPP) wou jo och d‘CDU an CSU – déi Parteien déi an de leschte Joerzéngte beispillsweis alles gemaach hunn fir déi däitsch Autosindustrie a d‘Kuel, vum Ofbau bis zum Kraaftwierk ze schützen – doheem sinn, denken un hir Frënn an de Konzerner.

Dat dierfen se natierlech net esou „schwaarz op wäiss“ duerleeën, dofir heescht et dann: „Beim Klimaschutz dierfen d‘Aarbechtsplazen net vergiess ginn“. Eng Ausso déi verdäitlecht, datt si dem Ursula vun der Leyen an dem Frans Timmermans net nogelauschtert hunn. Déi hu schliisslech behaapt, datt manner CO²-Ausstouss, méi Aarbechtsplazen a Liewensqualitéit mat sech bréngen.

Mat Fuerderungen dat schlëmmst verhënneren

Wann ee kéint unhuelen – d‘Detailer si no nach net (offiziell) bekannt – datt de Plang vun der EU-Kommissioun nohalteg ass, deen och de Volet „Beschäftegung“ a „Räichtum“ berécksiichtegt, esou muss dëse Plang awer och nach um EU-Parlament ugeholl ginn, an do dierft et zu Amendementer kommen. Wa gewosst ass wien do d‘Soen huet, kritt den Optimismus en zolitten Dämpfer.

An domatter net genuch. Net nëmmen datt déi „konservativ Kräften“ am EU-Parlament alles wäerte versichen éischter eegen an/oder national Interessen ze verdeedegen. Gett och d‘Memberlänner selwer, déi alleguerte ganz eegen Interessen a Virstellungen hunn. Polen, Tschechien an Ungarn – déi och soss net vill vun der EU halen – verlaange Milliarde fir d‘Energietransitioun unzegoen.

De Problem: dës Länner hunn d‘Muecht d‘Ambitioune vun der EU-Kommissioun ze verhënneren, well an der EU alles, och dem Uschi säi Plang, muss eestëmmeg ugeholl ginn. Et ass net dovunner auszegoen, et sief si kréie ganz, ganz vill Geld versprach (an och iwwerwisen), datt déi dëse Projet einfach esou matdroen. Zudeem hu grad Polen an Ungarn den Ament keng gutt Bezéiung zur EU.

Polen steet um Pranger well hei de Rechtsstaat an d‘Onofhängegkeet vun der Justiz, wéi och déi sakrosankt Pressefräiheet sollen ofgeschaaft ginn. Ungarn mat sengem faschistesche Leader Viktor Orban, ass oppe géint de Projet Europa. Datt hien a seng Fidesz et de Briten nach net gläich gemaach hunn, huet domatter ze dinn, datt si et verstanen hunn, den EU-Geldseegen ze notzen…

mat indymedia/bru/ber

Foto: Adam / Pixabay

Related topics EU-Klimaplang, EU-Kommissioun, Frans Timmermans, Klimanoutstand, Ursula von der Leyen
Next post Previous post