Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Israel gënnt sech ee juristescht Koméidistéck
International Neiegkeeten Stories

Israel gënnt sech ee juristescht Koméidistéck

Fir de 70 järege Regierungschef, wäert de Rendez-vous bei Beriicht

E Programm fir den Drogesüchtegen ze begleeden
International Neiegkeeten Stories

E Programm fir den Drogesüchtegen ze begleeden

De Suchtverband Lëtzebuerg Asbl, an Zesummenaarbecht mat der UNI-Lëtzebuerg, huet

Guidéiert Visitt duerch d’Schlammwiss an d’Beringungsstatioun
International Neiegkeeten Stories

Guidéiert Visitt duerch d’Schlammwiss an d’Beringungsstatioun

Dir wollt schonn ëmmer méi zum Naturschutzgebitt Schlammwiss, seng Flora

EU-Kommissioun setzt op Nohaltegkeet

Ass dem Uschi säi „Green Deal“ tatsächlech esou nohalteg wéi een eis dat wëlle gleewen doen?

EU-Kommissioun setzt op Nohaltegkeet

Dat si zu Bréissel d‘Fërdergelder fir de Kampf géint séi sanitär a wirtschaftlech Kris, ausgeléist duerch d‘Covid19-Pandemie un Oplage fir de Klimaschutz wëlle verknäppen, dat dierft wéineg Widdersproch mat sech bréngen. Mee mam Slogan „ Kee Goss fir d‘CO²-Wirtschaft“ kann et jo faktesch net gedoe sinn. Hei bréicht méi Konkret a novollzéibar Informatiounen, soen d‘Kritiker.

Et ass richteg, datt d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, fir hire 750 Milliarden Euro „Rettungsprogramm“ de meeschte Luef säitens den Italiener, de Spuenier an esouguer de Polen zougestane kritt huet, mee si si jo och déi gréissten Notznéisser vun dëse Fërdergelder. Dat huet d‘Ambassadeure vun dëse Länner allerdéngs net dovunner ofgehalen Drock ze maachen.

Si hu gëschter zu Bréissel gefuerdert, datt dat Geld dann elo och misst „fléissen“. Italien, Spuenien a Polen geséichen et awer och gären, wann dëse Geldfloss net mat allzevill Konditioune verknäppt géif ginn. Dat gesäit d‘EU-Kommissioun eppes méi differenzéiert, well och wann d‘Zäit knapp ass, wëll déi un hire Klimaschutzziler festhalen. De Konjunkturprogramm soll den nohaltegen Ëmbau vun der europäescher Wirtschaft schliisslech matfinanzéieren. Esou zumindest de Plang vu Bréissel.

Den EU-Kommissär Frans Timmermans ass also net gewëllt neit Geld an déi al CO²-Wirtschaft ze investéieren an huet deene Länner, déi Geld aus dem groussen Dëppe sollen zougestane kréien, da schonn emol verdäitlecht, datt de Gros vum Goss deen hei soll verdeelt ginn, u gréng Oplage wäert gebonne ginn. Dat géif iwwerpréift, esou den EU-Kommissär, deen awer mat Mooss wëll virgoen.

Kontroll wier wichteg, fir sécherzestellen, datt d‘Geld aus dem Konjunkturprogramm och fir den ëmweltfrëndlechen Ëmbau vun der Wirtschaft genotzt gëtt. Entreprisen, déi den Ament nach eng negativ Klimabilanz Opweises hunn, géif een elo awer och net fale loossen. Anescht ausgedréckt: och déi schlechtste Schüler kréie gehollef, mee dat geet net ouni gewësse Konditiounen ze erfëllen.

Konsequent awer net Konkret

„Entreprisen déi een héije CO²-Foussofdrock hunn, ginn opgefuerdert ee grénge Reformplang auszeschaffen a virzeleeën. Unhand vun dësem Plang kënne mir dann erkennen, datt alles an déi richteg Richtung verleeft“, esou de Frans Timmermans. Dat kléngt net verkéiert ass awer ville Kritiker nees net Konkret genuch. Dës Oplage misste weesentlech méi däitlech formuléiert ginn.

De gréngen Europadeputéierte Bas Eickhout, fënnt den Usaz u sech gutt, mee bezweiwelt, datt dës Konditiounen duer ginn. Hien ass besonnesch am Bezuch op de Kärthema „Energieproduktioun & Waasserstoff“ éischter Enttäuscht: „Wat bedeit propper Waasserstoff-Wirtschaft? Dat misst op der Basis vun erneierbaren Energie lafen, mee d‘EU-Kommissioun wëll och Gas zouloossen, an dat bedeit, datt un der Verbrennungswirtschaft festgehale gëtt“, esou den äerdegen Hollänner.

Hien ass och beim Thema Landwirtschaft am Kontext vum Investitiounsprogramm vun der EU-Kommissioun net iwwerzeegt, datt een den eegene Slogan „New Green Deal“ behäerzegt. Hei géif et vill ze wéineg Oplagen, an dat esouwuel bei Energie- wéi Ëmweltoplagen. Dat ass fundéiert, mee eng Majoritéit fir eng ekologesch Transformatioun vun der Subventiounspolitik gëtt et net.

Berécksiichtegt een hei elo awer och den Drock, deen op der EU-Kommissioun läit a bedenkt een datt si den 23. Abrëll (also viru gutt engem Mount) den Optrag vun de Staats- a Regierungscheffe kritt huet ee Wirtschaftsprogramm auszeschaffen, deen och nach muss mam pluriannuelle Finanz-Kader fir den Zäitraum 2021-2027 verknäppt ginn, dann huet et awer zolidd Fortschrëtter ginn.

2.000 Säiten an een Tabubroch

D‘Propositiounen, déi elo d‘EU-Kommissioun an engem 2.000 Säiten ëmfaassenden Dokument virgeluecht huet, kann een esou kuerzfristeg net seriéis kommentéieren, firwat ee sech op déi zentral Punkte vum Hëllefspak hei beschränke muss. Dobäi geet et ëm de Goss, deen d‘Länner erhale sollen. Fir sech dëst Geld ze besuergen, soll d‘EU-Kommissioun bannent engem festgeluechten Zäitraum Obligatiounen erausginn an esou um Kapitalmaart 750 Milliarden Euro opdreiwen.

Vun dëser Gesamtzomm gi 500 Milliarden Euro als Zouschoss an 250 Milliarden Euro als Kredit iwwert den europäesche Budget un déi besonnesch haart vun der Kris betraffe Länner verdeelt. Dat ass engersäits ee Novum an anersäits ass et och eng Erweiderung vun de Befugnisser vun der EU-Kommissioun. Zugläich ass den ëmstriddene Plang vun de „Corona-Bonds“ domadder vum Dësch.

An et mécht en Ënnerscheed, op een d‘Scholde „Vergmeinschaftet“ oder een als „Scholdenunioun“ optrëtt. Dat heescht, datt en EU-Memberland fir säin Undeel um EU-Budget kann haftbar gemaach ginn, méi awer och net. Dat schéngt verstänneg, zemools europäesch Scholde wärend der Finanz- an Eurokris weder denkbar, nach an den EU-Verträg virgesi waren. An nach eppes ass nei…

Bis ewell huet déi europäesch Unioun keng Méiglechkeet eegen Einnamen ze generéieren, firwat am Dokument virgeschloe gëtt, iwwert déi nei geschafe Plastik- an Digitalfiskalitéit u Geld ze kommen, mat deenen d‘Scholden – zumindest partiell – solle berengegt ginn. Domadder géif en Tabu gebrach ginn, well bis heihinner hunn d‘Länner d‘Souveränitéit iwwert hir Finanzen.

mat indymedia/bru

Foto: © European Commission

Ähnlech Sujeten Coronavirus-Kris, EU-Kommissioun, Green Deal, Obligatiounen, Scholden, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel