Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Warnschoss vun der CGFP sollt ee bei de Parteien héieren hunn
International Neiegkeeten

De Warnschoss vun der CGFP sollt ee bei de Parteien héieren hunn

Eng staark „Fonction Publique“ ass gutt fir d‘Land a seng

LIH: Den OGBL kritt eng Rei Fuerderunge fir d‘Personal duerchgesat
International Neiegkeeten

LIH: Den OGBL kritt eng Rei Fuerderunge fir d‘Personal duerchgesat

Den OGBL, als eenzeg Gewerkschaft déi an der Personalvertriedung representéiert

Ab haut brauch all nei Wunneng en Dampmelder
International Neiegkeeten

Ab haut brauch all nei Wunneng en Dampmelder

Um haidege Mëttwoch ass dat sougenannten „Dampmelder-Gesetz“ a Kraaft getrueden.

EU-Kommissioun setzt Polen ënner Drock

EU-Kommissioun setzt Polen ënner Drock

Beim Sträit ëm déi polnesch Justizreform, schéngt der Kommissioun zu Bréissel elo de Kolli endgülteg geplatzt ze sinn. Nodeems sech déi nationalkonservativ Regierung ee „Gesetz zur Disziplinéierung vu Riichter“ vergënnt huet, ass ee Vertragsverletzungsverfare géint d‘Land an d‘Wee geleet ginn. Dëst Gesetz, esou d‘EU-Kommissioun verstéisst géint geltend EU-Recht.

Via Twitter huet den EU-Justizkommissär Didier Reynders dëse Virgank bestätegt. Op Nofro huet d‘EU-Kommissiounsvizepresidentin Vera Jourova erkläert, datt d‘Regierung mat dësem Gesetz ënnert anerem déi politesch Kontroll iwwer Inhalter vu Geriichtsentscheedunge kéint méiglech maachen. D‘Riichter an der Unioun missten sech awer ob d‘Onofhängegkeet vun de polnesche Kollege verloosse kënnen.

PolenAm vun der PiS-Partei initiéierte Gesetz, dat Mëtt Februar a Kraaft getrueden ass, kënne Riichter mat Geldstrofen, Réckstufung bestrooft, an esouguer gekënnegt kréien, wa si d‘Legalitéit oder d‘Entscheedungskompetenz vun engem anere Riichter, enger Kummer oder engem Geriicht a Fro stellen. Zudeem dierfen sech Riichter laut dësem Gesetz, net politesch betätegen. Dat ass net mat europäeschem Recht ze vereenbaren.

Warschau wéi gewinnt onbeandrockt

Elo hunn se zu Warschau zwee Méint Zäit, schrëftlech op „d‘Bedenke vun der EU-Kommissioun“ ze äntweren. Sollt et wéi gewinnt oflafen, kéint et zu eng Uklo um europäesche Geriichtshaff (EuGH) kommen. Polen huet sech, zanter d‘Partei fir Recht a Justiz (PiS) dat politescht Heft fest an der Hand huet, bis ewell wéineg asiichteg gewisen, wat derzou gefouert huet, datt d‘Bezéiungen tëscht Bréissel a Warschau „ugespaant“ sinn.

PolenSäit Joren ass d‘PiS-Partei schwéier domadder beschäftegt, de ganze polnesche Justizsystem no eegenem „Gusto“ ëmzegestalten. Dat féiert stänneg zu Verfahren, an esou lues sollt ee sech d‘Fro stellen, ob déi polnesch Regierung schwéier vu Begrëff ass. Esou huet den EuGH 2019 scho missen agräifen, well d‘Zwangspensionéierung vun de Riichter um iewescht Geriichtshaff, wéi och normale Geriichter géint EU-Recht verstéisst.

PolenVirun dräi Wochen huet den EuGH entscheet, datt dat déi polnesch Disziplinarkummer hir Aarbecht astelle muss, well se méiglecherweis net onofhängeg wier. An eppes méi wäit zréck: 2017 huet d‘EU-Kommissioun missen ee Rechtsstaatsverfahren no Artikel 7 vun den EU-Verträg géint Polen missen aleeden. E Verfaren dat bedauerlecherweis nach net ofgeschloss ass. Géif Warschau awer veruerteelt, kéint dem Land d‘Stëmmrecht entzu ginn.

mat indymedia/bru/waw

Foto: © EUCO

Ähnlech Sujeten Didier Reynders, EU-Kommissioun, Justizreform, PiS-Partei, Polen, Rechtsstaatlechkeet, Vera Jourova
Nächsten Artikel Virrechten Artikel