Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Juncker: Ons Zukunft ass digital
International Money Neiegkeeten

Juncker: Ons Zukunft ass digital

Malta huet den „Zepter“ vun der EU-Presidence un Estland weidergereecht.

Japan wëll nees kommerzielle Walfang bedreiwen
International Money Neiegkeeten

Japan wëll nees kommerzielle Walfang bedreiwen

Um haidege Mëttwoch huet Japan säin Ausstig aus der internationaler

Wéi gutt kenns du dës Uertschafte mat “Bur” am Numm?
International Money Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dës Uertschafte mat “Bur” am Numm?

Mir zéien op en Neit duerch d’Land, fir däi Wëssen

money

EU-Kommissioun als Spillverdierwer bei geplangter Hochzäit vu Siemens-Alstom

EU-Kommissioun als Spillverdierwer bei geplangter Hochzäit vu Siemens-Alstom

Wéi gëschter zu Bréissel d‘EU-Kommissioun säi Veto zur Industriehochzäit tëscht Siemens an Alstom abruecht huet, hu sech d‘Regierungen zu Berlin a Paräis un de Kapp gegraff. D‘Argument: „D‘Fusioun géif de Wettbewerb aschränken“, gëtt als „politesche Feeler“ denoncéiert.

Et war ofzegesinn, datt wéi sech bei de Verhandlungen zum Zesummeschloss vu Siemens an Alstom d‘EU-Kommissioun zu Wuert gemellt huet, et zu Komplikatioune bei der Hochzäit géif kommen. D‘Kommissioun hat béide Parteien eng Rei „Bedenken“ ënnerbreet, déi si net entkräfte konnten, firwat d‘EU-Kommissärin fir Konkurrenz, Margrethe Vestager, d‘Fusioun verhënnert.

Berlin a Paräis hirersäits bedaueren dës „schiedlech“ Decisioun. Béid Länner hunn d‘Hochzäit vun hiren héich technologeschen Entreprisen ënnerstëtzt, well si wollte sécherstellen, datt et och muer nach en europäeschen Hiersteller gëtt, deen am Eisebunnssecteur kompetitiv ass. Siemens (ICE) an Alstom (TGV) wollten sech mat der Fusioun géint déi chinesesch Konkurrenz ofsécheren.

De Géigner aus China „CRRC“ – den erwisenermoossen de gréissten Hiersteller vu Lokomotiven a Waggonen – ass wuel nach net an der EU „aktiv“, wat op d‘Entscheedung vun der Kommissioun Afloss ka gehat hunn, mee et um europäesche Marché sinn d‘Chinese staark interesséiert. Si wäerte kommen, an dat éischter eppes méi „fréi“ wéi da méi „spéit“, wann d‘Lag esou gënschteg ass.

Gutt Argumenter déi leider deene Falschen notzen

Op der EU-Kommissioun ass ugefouert ginn, datt déi ugestrieften „Elefantenhochzäit“ vu de gréissten Hiersteller vu Zich, Waggonen a Signalanlagen an Europa, all Konkurrenz géif verbidden. Ënnermauert gëtt dëst Argument dann och nach mat der Begrënnung, datt Siemens an Alstom déi onkontestéiert „Spëtzt“ an dësem industrielle Secteur duerstellt, wat d‘Konkurrenz behënnert.

Dozou seet d‘Margrethe Vestager: „Siemens an Alstom sinn d‘Meeschter am Eisebunnssecteur, an ouni Sécherheete vun hirer Säit, géif d‘Fusioun zur Deierecht bei beispillsweis de Signalanlage féieren, déi fir d‘Sécherheet vun den Passagéier onabdingbar sinn. D‘Fusioun géif sech och negativ op d‘Präisgestaltung vun der nächster Generatioun un Héichgeschwindegkeetszich auswierken.

No dëser „Entscheedung“ déi weder bei de betraffene Regierungen, nach bei de Wirtschaftsverbänn op Zousproch gestouss ass, kënnt et zum politeschen Disput. Däitschland a Frankräich, déi sech mat der Fusioun, d‘Schafung vun engem „Champion“ erhofft haten, deen Europa eng Virreiderroll am Eisebunnssecteur sollt sécheren, sinn „not amused“ a fuerderen eng Reform vum Wettbewerbsrecht.

Wéi „populär“ ass elo d‘Entscheedung vun der EU-Kommissioun, a wéi en Afloss huet esou eng wirtschaftlech gewoten Entscheedung op déi bevirstoend Europawahlen? Wiem seng Interesse vertrëtt d‘EU-Kommissärin Vestager tatsächlech? Äntwerten dozou gëtt et no den EU-Wahlen am Mee. D‘Decisioun jiddefalls, ass erëm net am Sënn an zum Wuel vun den EU-Bierger geholl ginn.

mat indymedia/bru/par/ber

Ähnlech Sujeten Alstom, Eisebunn, EU-Kommissärin, EU-Kommissioun, Fusioun, Kompetitivitéit, Konkurrenz, Margrethe Vestager, Siemens
Nächsten Artikel Virrechten Artikel