Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mauritius vun enger Uelegpescht bedreet
International Neiegkeeten

Mauritius vun enger Uelegpescht bedreet

Ee groussen Uelegteppech bedreet d‘Küst vun der paradisescher Vakanzendestinatioun Mauritius.

Schwéiert Zuchongléck a Schottland
International Neiegkeeten

Schwéiert Zuchongléck a Schottland

Un der Ostküst ass eng no engem Äerdrutsch bei der

money
Wéi kéint eis Bezéiung mat Groussbritannien nom Brexit ausgesinn?
International Neiegkeeten

Wéi kéint eis Bezéiung mat Groussbritannien nom Brexit ausgesinn?

Fir wien wëll unhuelen, datt d‘Modalitéite vun der Scheedung tëscht

EU-Kommissioun warnt Ungarn

EU-Kommissioun warnt Ungarn

Wéinst de Noutstandsgesetzer, déi dem Viktor Orban eng bal onbegrenzte Muecht zougestinn, d‘Meenungs- a Pressefräiheet, mee och d‘Parlament ausser Kraaft setzt, ass d‘Ursula von der Leyen, EU-Kommissiounspresidentin op de Barrikaden.

Dat Zumindest geet aus engem Interview ervir, deen esou Haut vun der Bild am Sonntag (BamS) verëffentlecht gëtt. Si géi d‘Entwécklung, politesch wéi rechtsstaatlech, mat Opmierksamkeet verfollegen, a betount datt si bereet zum Handelen ass, sollten d‘Moossnamen an Aschränkungen, dat „erlaabte Mooss“ iwwerschreiden. Fir „Medien“ war dat awer och scho virun de Kris de Fall.

UngarnAn d‘Ursula von der Leyen verweist nach emol op Grondsätzleches. Natierlech ass et rechtens, datt Länner an der Kris op Noutstandsgesetzer zréckgräifen, déi musse laut den europäesche Verträg: verhältnesméisseg, zäitlech limitéiert an demokratesch kontrolléiert ginn. Esou eng „Kontroll“ üübt Bréissel generell aus, woubäi een aus der Erfarung geléiert huet, wou ee méi genee muss „kucken“.

Mat Ungarn huet schon d‘Juncker-Kommissioun esou hire Misär gehat. An elo, wou sech de Viktor Orban ëmfaassend Vollmuechte geneemegt huet, déi et him erlaben onbefrist an ouni Récksprooch mam Parlament per Dekret ze regéieren, geet d‘Angscht ëm, datt sech Ungarn zu engem totalitäre Staat entwéckelt. Sollt den ungaresche Ministerpresident iwwert d‘Strengt schloe géif ee préiwen.

D‘Nout an der Kris a hir Gesetzer

Ob sech d‘Regierung an Ungarn vun engem méigleche Vertragsverletzungsverfaren elo beandrocke léisst? Wuel éischter net, an et sinn och net eleng d‘Ungarn, déi sech duerch Rietsnationalismus ervirdinn. Et gëtt bannent der EU nach aner Kandidaten, déi sech dës Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, zu notze maache wéilten, fir sech onbegrenzt Muecht am Land ze sécheren.

UngarnA Polen gouf esou d‘Wahlgesetz geännert, fir datt d‘Presidentewahl am Mee, mëttels Bréifwahl ka stattfannen. Pole war rezent vum EuGH wéinst senger Justizreform „op d‘Plaz gestallt“ ginn, well d‘Onofhängegkeet vun de Riichter sollt ausgehiewelt ginn. Zudeem sinn och déi eesäiteg ergraffe Grenzschléissungen net wierklech am Sënn vum „europäesche Gedanken. Léisst sech dat ophalen?

Net gewëllt einfach nozekucken

Een dee sech schon emol wäit aus der Fënster erausleent, dat ass den däitschen Ausseminister Heiko Maas. Däitschland, dat am zweete Semester d‘EU-Presidence vu Kroatien iwwerhëlt, misst an der Krisebewältegung eng besonnesch Roll anhuelen, esou de Minister géintiwwer de Kollege vun der „Welt“. Hie wéilt d‘Pandemie zum Schwéierpunkt vun der Presidence maachen, esou den Text…

UngarnFir den däitschen Ausseminister wier et elo wichteg déi richteg Léieren aus dëser Kris ze zéien. Dat bezitt sich ganz prezis op den Zoustand vum europäesche Katastropheschutz, wéi och dem Opbau an Erhalt vu Produktiounsstanduerter vun essentielle medezinesche Gidder (Schutzausrëschtung a Medikamenter). Natierlech misst een dann an der ganzer EU nees Rechtsstaatlechkeet hierstellen.

mat indymedia/bru/ber

Foto: Déi „Grüne Jugend“ aus Éisträich huet erkannt, datt de Viktor Orban, déi sanitär Kris elo als Virwand benotzt, fir Parlament an Demokratie ausser Kraaft ze setzen. Si werfen der Kommissioun vir: „Während d‘EU haart stur reagéiert, esoubal ee Staat eng Wirtschaftspolitik wéi de neoliberale Mainstream propagéiert, sinn Demokratieofbau a rassistesch wéi faschistesch Tendenze kee Problem. (…) Et brauch eng europäesch Republik, wou nationalistesch an autoritär Tendenzen der Vergaangenheet ugehéieren.

Wat et mat der Bezeechnung „Dollfuß 2.0“ op sech huet

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Dikatur, EU-Kommissioun, Europa, Kris, Noutstandsgesetzer, Rechtsstaatlechkeet, Totalitarismus, Ungarn
Nächsten Artikel Virrechten Artikel