Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Greenpeace nëmme partiell begeeschtert
https://moien.lu/totally-free-hookup-websites/

Greenpeace nëmme partiell begeeschtert

Wéi Greenpeace Lëtzebuerg et haut erkläert huet, géif déi Europäesch

online dating ankara
https://moien.lu/totally-free-hookup-websites/

dan mohler dating and marriage

Tëscht dem 14. a 16. Mee huet d’Lëtzebuerger Arméi um Härebierg

Ass den Assange a Liewensgefor?
https://moien.lu/totally-free-hookup-websites/

Ass den Assange a Liewensgefor?

An engem haut verëffentlechte Bréif un déi britesch Inneministesch, hunn

EU-Kommissiounspresident am Spidol

No der Operatioun kann de Jean-Claude Juncker d‘Intensiv-Statioun verloossen

EU-Kommissiounspresident am Spidol

Entspriechend dem Communiqué vum EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker senger Spriecherin Mina Andreeva, ass bei der Operatioun wéinst engem Aneurysma alles gutt verlaf. De 64 järege Lëtzebuerger hätt kënnen d‘Intensivstatioun verloossen.

D‘Operatioun un der Aorta am Bauchberäich wier awer riskant gewiescht an et wier elo wichteg dat auszekuréieren. Wéi laang d‘Rekonvaleszenz wäert daueren, dozou konnt och d‘Mina Andreeva net wierklech eppes soen. Den Agrëff hätt de Jean-Claude Juncker entspriechend Kraaft kascht an et misst een sech elo gedëllegen. Op den „Trounwiessel“ zu Bréissel soll dat awer keen Afloss hunn.

Hien ass nach ëmmer un der Spëtzt vun der EU-Kommissioun, woubäi den Interim elo vum éischte Vizepresident Frans Timmermans assuréiert gëtt. D‘Mandat vum EU-Kommissiounspresident hat misse verlängert ginn, wëll d‘Nofolgerin Ursula von der Leyen Problemer mat der Nominéierung vun hire Kommissären huet. D‘EU-Parlament hat dräi vun de Kandidaten an d‘Wüst geschéckt.

Mee och bei eis am Land huet d‘Rekonvaleszenz vum Jean-Claude Juncker Repercussiounen. Esou muss déi Lëtzebuerger Justiz den ominéise „SREL Prozess“, deen den 19. November sollt opgeholl ginn, elo verluecht ginn. Dat well de fréiere Lëtzebuerger Premierminister an dësem Prozess als „Zéien“ muss gehéiert ginn. Iwwer nei Terminer zum Prozess ass weider nach näischt bekannt.

Foto: Karin

Ähnlech Sujeten EU-Kommissioun, EU-Kommissiounspresident, Jean-Claude Juncker, Spidol, SREL-Prozess
Nächsten Artikel Virrechten Artikel