Pipo Peng: Märeler Park
Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum
Organiséiert vum Service vum natierleche Patrimoine vun der Stad Lëtzebuerg,
D‘Affär ëm de Casier-bis an/oder soss geheim Fichiere bei Police
D‘EU-Kommissioun huet informéiert, datt den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker seng Vakanz an Éisträich huet missen ofbriechen, an op Lëtzebuerg rapatriéiert ginn ass, wou hien an der Urgence un de Galeblos operéiert ginn ass. Aus dem kuerze Communiqué ass ze enthuelen, datt dem 64 järege Politiker d‘Galeblos huet missen erausgeholl ginn.
De Jean-Claude Juncker ass zanter 2014 President vun der EU-Kommissioun. Säi Mandat geet Enn Oktober op en Enn, an da kann d‘Ursula von der Leyen iwwerhuelen. Wéi et heescht, misst de Patient e bëssi Zäit am Spidol verbréngen an sech uschléissend e puer Wochen erhuelen. D‘Redaktioun wënscht dem fréiere Premierminister e séiere Retablissement an eppes Gedold.
Foto: © EU-Council