Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

déi Lénk: Steiergerechtegkeet, an zwar elo!
International Neiegkeeten

déi Lénk: Steiergerechtegkeet, an zwar elo!

Enger Etüd no, déi am Optrag vun der grénger Fraktioun

Informatiounsdeeg bei der Lëtzebuerger Arméi: 550 Schüler waren dobäi!
International Neiegkeeten

Informatiounsdeeg bei der Lëtzebuerger Arméi: 550 Schüler waren dobäi!

Tëscht dem 14. a 16. Mee huet d’Lëtzebuerger Arméi um Härebierg

dislike
Google a Gmail sinn an engem Geriichtsprozess, deen e groussen Impakt op digital Entreprise kéint hunn
International Neiegkeeten

Google a Gmail sinn an engem Geriichtsprozess, deen e groussen Impakt op digital Entreprise kéint hunn

Den Internetgigant Google, a méi prezis säin e-Mail Service Gmail,

An der EU kruten 2017 méi wéi eng hallef Millioun Demandeuren de Statut vum Asylant

D'Syrer maachen en Drëttel aus.

An der EU kruten 2017 méi wéi eng hallef Millioun Demandeuren de Statut vum Asylant

Nodeems viru kuerzem d’Zuele bei den Demande fir Asyl fir de Mäerz zu Lëtzebuerg eraus komm sinn, huet elo Eurostat d’Zuele fir d’EU verëffentlecht. Dobäi gëtt fir d’éischt fest gestallt, datt et e Réckgang vu 25% vis a vis vun 2016 gouf, wat d’Unerkennung vun der Schutzbedierftegkeet ugeet. Op déi 28 Memberstaate verdeelt kommen 538.000 Demandeuren, déi dëse Statut krut hunn. 33% dovunner ware Syrer, 19% Afghanen an 12% koumen aus dem Iran.

Flüchtlingen aus Syrien sinn an insgesamt 18 Memberstaaten op der éischter Positioun ze fannen, wat den accordéierten Schutzstatus ugeet. Dat heescht bei wäitem net, datt se gläichméisseg verdeelt sinn. Esou krute 70% vun de Syrer, déi eng Demande gemaach hunn, an Däitschland de Schutzstatus – dat sinn der insgesamt 124.800.

Däitschland beweist an dëser Saach breet Schëlleren

Net nëmmen do ass Däitschland un der Spëtzt: Hei goufen och 60% vun alle positiven Entscheedunge getraff. Dat sinn 325.370 Entscheedunge vun 538.120. Op de Platzen duerno fënnt een: Frankräich (40.600), Italien (35.100), Éisträich (34.000) a Schweden (31.200). Zu Lëtzebuerg waren et der 1.130.

Interessant ass och d’Gewiichtung, wéi vill Asylanten op eng Millioun Awunner kommen. Iwwer 3.000 pro Millioun hunn nëmmen Däitschland (3.945), Éisträich (3.865) a Schweden (3.125). Lëtzebuerg kraazt un der 2.000er Mark mat 1.915 Asylanten op eng Millioun Awunner. D’Belsch (1.135) a Frankräich (605) leien do e Stéck wäit dovunner ewech.

D’Hierkonft vun de Flüchtlingen, déi eng Demande fir Asyl maachen, spillt dobäi eng grouss Roll. Während 94% vun de Syrer de Statut op Asyl zougeschwat kréien, esou fënnt een um aneren Enn vum Spektrum Albanien mat 5%. Och Eritrea (92%) a Somalia (69) hunn nach eng héich Quot, wat dësen Zousproch ugeet.

D’Unerkennungsrate falen an der EU ënnerschiddlech aus. Während an Däitschland (50%) a d’Belsch (52%) d’Halschent vun den Entscheedungen an der éischter Instanz positiv ausfalen, hëlt eisen Noper Frankräich an nëmmen 29% vun de Fäll eng positiv Entscheedung. Zu Lëtzebuerg falen 66% vun den éischten Decisioune positiv aus.

 

 

Ähnlech Sujeten Asyl, EU, Europa, Lëtzebuerg, Syrien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel