Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
D‘EU a Singapur ënnerschreiwen e Fräihandelsaccord
International Neiegkeeten

D‘EU a Singapur ënnerschreiwen e Fräihandelsaccord

E Freideg huet d‘EU zu Bréissel mat Singapur e Fräihandelsaccord

Wann sech Frae bewosst géint Kanner entscheeden
International Neiegkeeten

Wann sech Frae bewosst géint Kanner entscheeden

Dat een am 21. Joerhonnert als Fra iwwer 30 Joer

Et solle méi Zich tëscht Wittlich a Lëtzebuerg zirkuléieren. Dobäi kënnt jidderee fir säin eegenen Trafic op!
International Neiegkeeten

Et solle méi Zich tëscht Wittlich a Lëtzebuerg zirkuléieren. Dobäi kënnt jidderee fir säin eegenen Trafic op!

Eng Kéier d’Stonn soll den Zuch tëscht Lëtzebuerg a Wittlich

EU a Mercosur-Länner eenege sech op Handelsvertrag

Ofkommes no 20 Joer Verhandlungen

EU a Mercosur-Länner eenege sech op Handelsvertrag

D’Verhandlungen zum Ofkommes tëschent der EU an de Mercosur-Länner, dat sinn den Ament Brasilien, Argentinien, Uruguay a Paraguay, haten 1999 ugefaangen a koumen elo op en Enn. Déi brasilianesch Regierung schwätzt vun engem “historeschen Ofkommes” an “enger vun de gréisste Fräihandelszone vun der Welt”. Zesummegeholl liewe ronn 776 Millioune Mënschen an der EU an an de Mercosur-Länner. Fräi vu Kritik ass dësen Deal allerdéngs net.

Scho viru Jore gouf gesot, datt d’Verhandlunge kuerz virum Ofschloss stéingen. Datt et trotzdeem esou laang gedauert huet fir eng Eenegung ze fannen, louch laang Zäit um Haaptsträitpunkt, dem Agrarsecteur.

“Faule Kompromëss” & “Klima-Frontalugrëff”: Kritik um Handelsdeal

Wärend d’EU-Kommissioun op gënschteg Rohstoffer a vereinfachten Zougang op südamerikanesche Mäert – virun allem am Automobilsecteur – hofft, mellen zuelräich Ëmweltschutzorganisatiounen sech zu Wuert. Dëst Fräihandelsofkommes géif d’Dier fir gentechnesch verännert Liewensmëttel opmaachen, esou d’Kritik. Ausserdeem kéint deen duerch d’Ofkommes forcéierten Ausbau vun der Landwirtschaft zur Verschlechterung vun de Liewensbedingunge vun indigene Bevëlkerungsgruppen an zu gravéierenden Ënweltschied féieren. D’EU-Kommissärin Cecilia Malström betount dogéint widderhuelt, datt dëst Virdeeler fir d’Wirtschaft an d’Betriber mat sech bréngt.

Südamerikanesch Rohstoffer hu schonn ëmmer eng grouss Roll an der EU gespillt: 36 Prozent vum importéierte Soja stamen aus Brasilien, 250.000 Tonne Mercosur-Rëndfleesch wäerte laut Attac um EU-Bannemaart landen. Laut der ONG dierften duerch d’Ofkommes d’Quote fir Rëndfleesch ëm 100.000 Tonnen a fir de Poulet ëm 90.000 Tonnen erhéicht ginn.

Schlecht fir d’Klima

D’Alexandra Strickner, Handelsexpertin bei Attac, schwätzt vun engem “Frontalugrëff op de Klimaschutz, Aartevillfalt a Mënscherechter”, wann et ëm d’Mercosur-Ofkommes geet. Handelspolitik am Interessi vun der Agrarindustrie an exportéierende Konzerner wier mam Klimaschutz net kompatibel, sou si weider.

Déi globaliséierungskritesch ONG huet sech viru kuerzem mat 340 weideren internationalen Organisatiounen un d’EU-Spëtzt mat engem Bréif gewant, an deem si zum Ofbroch vun de Verhandlungen opgefuerdert hunn. An éischter Linn gouf d’Politik vum brasilianesche President Jair Bolsonaro kritiséiert. Déi wier mat de Mënscherechts- an Ëmweltrichtlinie vun der EU net vereenbar.

“Faule Kompromëss”

Grond genuch fir d’Landwirten op d’Strooss ze goen. Eleng a Frankräich hu lescht Joer iwwer 20.000 Bauere géint d’Fräihandelsofkommes protestéiert. Si fäerten, datt den europäesche Maart mat Bëllegfleesch mat méi labbere Standarden iwwerschwemmt gëtt.

Och an Éisträich gëtt et vill Kritik. Sou seet de Josef Moosbrugger, Präsident vun der éisträichescher Landwirtschaftskummer, datt den Deal e “faule Kompromëss” op Käschte vun der europäescher Landwirtschaft an Ëmwelt wier an dowéinst vun hinnen ofgeleent gëtt. Kee Mënsch géif verstoen, firwat an deenen nächste Joren honnertdausend Tonne Fleesch, Zocker oder Ethanol vu Südamerika bis Europa transportéiert misst ginn, nëmme fir europäeschen Industriegidder d’Grenzen opzemaachen.

Wat fir a wat géint d’Ofkommes schwätzt

D’EU huet mam latäinamerikanesche Staatebond Mercosur den Opbau vun der weltwäit gréisster Fräihandelszon vereenbaart. Bréissel versprécht sech dovu méi Wuelstand op béide Säiten. Déi europäesch Industriebetriber dierfte sech freeën. Landwirtschaft an Ëmweltschützer sinn allerdéngs alarméiert.

Ass d’Ofkommes schlecht fir d’Bierger, Baueren a Beem?

Pro

Signal géint Ofschottung
No 20 Joer goufen d’Gespréicher iwwert den Handelsvertrag tëschent der EU an de Mercosur-Staaten ofgeschloss. De Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker bezeechent dat als Signal fir gemeinsam Wäerter an Ënnerstëtzung fir de multilateralen, reegelbaséierte System – eng kloer Kritik um Donald Trump. Zesumme mat dem jéngst a Kraaft getruedenen EU-Japan-Deal huet Bréissel duerch d’Mercosur-Ofkommes frësch Munitioun am Handelskonflikt mat Washington gewonnen.

Betriber a Konsumente profitéieren
D’EU ass fir d’Mercosur-Staaten de gréissten Handels- an Investitiounspartner. Well d’Handelsbarrièren ewech falen, géife laut EU-Kommissioun 60.500 europäesch Betriber profitéieren. Fir déi südamerikanesch Konsumente géifen d’Präisser vun Autoen a Medikamenter, awer och Olivenueleg oder Wäin erof goen. Ëmgedréit profitéieren d’Europäer vu méi bëllegen Importer, virun allem bei de Liewensmëttel – D’Bifdeckliibhaber sti schonn an de Startlächer. Einfuhrquoten sollen déi heemesch Bauere schützen.

Bekenntnis zu Sozial- an Ëmweltfroen
D’Ofkommes beinhalt och Kapitel zu den Themen Ëmweltschutz an Aarbechtsrecht, wéi Bréissel betount. Och e Bekenntnis zum Paräisser Klimaofkommes sief dran enthalen. “Kloer a robust” Reegelen zum Thema Nohaltegkeet géifen och ONGen abannen a fir Transparenz suergen.

Kontra

Legitiméierung fir Populisten
Amplaz dem US-President gemeinsam d’Stir ze bidden, géif dat neit EU-Mercosur-Ofkommes nëmmen als Tarnung fir de brasilianesche President Jair Bolsonaro – fir vill Leit dem Trump säi Brudder am Geescht – déngen. Dat soe mol seng Kritiker, déi deem säin Hang zum Autoritären uprangeren. Grad sou wéi dem Bolsonaro säin Ëmgang mam indigene Vollek a seng ëmweltschiedlech Politik. En Accord mat sou Politiker widdersprécht dem Geescht vum multilateralen a reegelbaséierte System, esou d’Argument vun der Kritiker.

Drock op Baueren a Liewensmëttelstandarden
D’Agrarwirtschaft an Europa bekuckt déi latäinamerikanesch Konkurrenz mat hire Mega-Farme skeptesch. De massenhaften Import u Fleesch, Zocker an Ethanol géif virun allem erëm d’Baueren an d’Familljebetriber haart treffen. Ausserdeem suergen Handelsgéigner sech ëm déi niddreg Liewensmëttelstandarden aus de Mercosur-Länner, wéi beispillsweis de massiven Asaz vu Pestiziden.

Schlecht fir d’Klima
Fir Ëmweltschützer stellt d’Ofkommes eng ökologesch Gefor duer. Déi europäesch Gréng gesinn doran leedeglech Lëpsebekenntnisser zum Klimaschutz. Méi Handel géif an der Praxis zu enger méi séierer Ofholzung vum Reebësch a soumat zur Klimabelaaschtung bäidroen.

mat indymedia/bru/lon

Opmaacherfoto: © Mercosur

Ähnlech Sujeten EU, Handelsofkommes, Mercosur, Mercosur-Ofkommes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel