Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Generalstreik blockéiert Frankräich
Neiegkeeten

Generalstreik blockéiert Frankräich

Si war Géigestand am Wahlkampf a gehéiert zu de wichtegste

Echsen-Merkel? Schulz-Zug? Deen heite Spot gesäis de leider net op der Tëlee
Neiegkeeten

Echsen-Merkel? Schulz-Zug? Deen heite Spot gesäis de leider net op der Tëlee

Si mer eis éierlech: d‘Spots fir Wahle si meechtens décke

10. Editioun vum „Intra Urban Dance Festival“
Neiegkeeten

10. Editioun vum „Intra Urban Dance Festival“

E Samschdeg de 15. Juni fënnt um Knuedler, déi 10.

En Job bei enger EU-Institutioun mat enger Pai ënnert Mindestloun

En Job bei enger EU-Institutioun mat enger Pai ënnert Mindestloun

Vill Leit sinn iwwerzeegt, datt eng Aarbechtsplaz bei enger vun de sëllechen europäeschen EU-Institutiounen zu Lëtzebuerg, mat engem iwwerduerchschnëttlechem Akommes anhier geet, a stellen elo erstaunt fest, datt virun allem déi politesch Acteuren sech d‘Täsche stoppen…

Europa ass eigentlech a senger jëtzeger institutioneller Form e risegt Trauerspill. Null Solidaritéit a ëmmer nëmmen déi eege perséinlech Befëndlechkeeten am Bléck, halen déi politesch Acteuren aus alle Lager ëmmer grouss Rieden iwwert ee „soziaalt“ an ee fir d‘Bierger „gläichberechtegt“ Europa. Et sinn déi selwecht, déi Verantwortung fir d‘Entwécklung vun de Carrièren an de Paien hunn.

An esou ergëtt et sech, datt „déi Institutioun“ wou mengt déi „sozial Gerechtegkeet“ iwwerhaapt emol erméiglecht ze hunn, och déi ass, déi dem Patronat an den Entreprise beispillhaft vermëttelt, datt esou Saache wéi „Mindestloun“ an „Aarbechtsrecht“ Definitioune sinn, déi ee soll flexibel ausleeën. Besser ass et natierlech sech iwwerhaapt net drun ze halen, wann ee Geld spuere wëll.

Hei muss een dann och zimlech däitlech Grenzen zéien. Rieds ass net vun de Beamten – déi si par Definitioun politesch Acteure, wëll si d‘Politik ëmsetzen – mee ganz kloer vun den „Aarbechter“, déi vu Bréissel ofwäertend als „Kontraktuell-Agente“ bezeechent ginn, a keen Usproch op deen zu Lëtzebuerg per Gesetz definéierte Mindestloun dierfen hunn. Et gëtt hei och kee Kollektivvertrag.

Wann et richteg ass, datt déi miserabel Bezuelung bis ewell a senger Majoritéit „administratiivt Personal“betraff huet, well vill aner Tâche soustraitéiert ginn, an ee Patron sech un déi bestoend Rechter, also Aarbechtsrecht an eventuell Kollektivvertrag muss halen, esou ass et grad esou richteg, datt déi europäesch Institutiounen dës Tâchen nees selwer iwwerhuelen a bezuele wëllen.

Sécherheet gëtt et net zum Nulltarif

Eng vun dësen Tâchen déi vun den europäeschen Institutiounen nees wëll selwer iwwerholl ginn, ass d‘Sécherheet, an hei sollt een dach emol dierfen unhuelen, datt et sech ëm ee sensibele Beräich handelt, an een dofir Mënsche beschäftegte sollt, déi net nëmmen iwwert all Zweiwel erhabe sinn, mee net direkt fir an Apel a ne Stéck Brout bereet sinn „Informatiounen“ weiderzeleeden.

D‘Gewerkschafte LCGB an OGBL hunn Enn Februar awer genee de Fait denoncéiert, datt mat der Decisioun d‘Sécherheet nees an Eegeregie ze iwwerhuelen, et bewosst a geziilt zu Loundumping bei de Sécherheetsleit komme wäert. Wéi dat? Ma laut der Lountabell vun der Firma „Europa“ kann ee Sécherheetsagent 2.074 Euro brutto all Mount fir seng Aarbechtsleeschtung erwaarden.

Blöd hei: laut dem Lëtzebuerger Aarbechtsrecht, misst dëst Ufanksgehalt 495 Euro méi héich sinn. Eng Situatioun déi zanter Jore vun der USL (där wuel onbekanntster Gewerkschaft am Land) denoncéiert gëtt. Gléck fir déi europäesch Institutiounen: kee kennt de Veräin, keen hëlt Notiz vun den Onregelméissegkeeten a jo, et dierf ee behaapten, och der Justiz am Land ass et schäissegal.

Eigentlech ass dat och alle Volleksvertrieder um Krautmaart zimlech egal, woubäi déi hire Kollege vläicht net alles sollten duerchgoe loossen. Aus der Chamber huet et dann och un d‘Adress vun de Gewerkschafte geheescht, dat d‘Méiglechkeet jo awer géif bestoen, den Agenten eng Prime zouzegestoen. Et brauch also eng Prime fir iwwerhaapt op de gesetzleche Mindestloun ze kommen?

Et gëtt jo kengem verbueden niewelaanscht ze schaffen

Huele mir emol Beispill, fir dat ze verdäitlechen: eng Persoun aus dem Ausland mellt sech fir eng Plaz a kritt déi och, mat enger Prime fir den „Depaysement“ (déi bedréit 16% vum Loun, awer och nëmmen ënnert der Konditioun ni hei am Land gewunnt oder geschafft ze hunn) läit d‘Pai bei 2.405 Euro, während de gesetzleche Mindestloun nach ëmmer onverännert bei 2.570 Euro geleeën ass.

Et ass dann och festzestellen, datt Loundumping esou eppes wéi eng Lëtzebuerger Eegenaart ze si schéngt. Zum engen ass de Loun vun de bei den EU-Institutioune beschäftegte Salariéeën net wéi fir all aner Mënsch un den Index gebonnen. Mataarbechter déi zu Stroossbuerg oder Bréissel net wierklech besser drun sinn, kennen de Problem a wëllen ënnert kengen Ëmstänn op Lëtzebuerg.

D‘Differenz bei der Kafkraaft fir e Salarié zu Bréissel géintiwwer engem zu Lëtzebuerg, läit bei ganzen 18% an do schwätze mir nach net emol vum Loyer. Et ass dann och net de gratis ëffentlechen Transport, deen do kéint d‘Differenz maachen. Elo kann dat Land, an dem d‘Leit beschäftegt sinn, vun den Institutiounen eng Korrektur verlaangen… mee bon méi si Lëtzebuerg.

Betraff vum Loundumping sinn ab 2021 eng 300 Sécherheetsagenten. D‘Differenz tëscht dem net dem Aarbechtsrecht ugepasste Mindestloun an dem effektive Mindestloun, géif op d‘Joer tëscht 250.000 an 500.000 Euro ausmaachen. Wann een bei der EU un dësem Betrag sollt scheiteren, kann ee se och direkt ofschafen. Zumindest mécht et den Androck, wéi wa se kuerz virum Ruin wieren…

Illustratioun: © Imelda / unsplash

Ähnlech Sujeten Chamber, EU-Institutiounen, Europa, Krautmaart, LCGB, Loundumping, Mindestloun, OGBL, USL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel