Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Mir hunn en Deal!“ – Trump beendegt Shutdown
james bay dating 2018

„Mir hunn en Deal!“ – Trump beendegt Shutdown

No 35 Deeg Shutdown (Haushaltsspär) ass de Sträit – virleefeg

https://moien.lu/best-christian-devotions-for-dating-couples/
james bay dating 2018

lowestoft dating site

Et war ee vun den zentrale Wahlversprieche vum „Movimento 5

Parc Merveilleux Beetebuerg: Ware mir dëst Joer schonn do?
james bay dating 2018

Parc Merveilleux Beetebuerg: Ware mir dëst Joer schonn do?

Falls net, gëtt et awer héich Zäit bis dohinner luussen

EU-Mobilitéitspak: déi éisträichesch Propose ass besuergnesereegend

EU-Mobilitéitspak: déi éisträichesch Propose ass besuergnesereegend

Eng Delegatioun vum Transportsyndikat ACAL-OGBL an der europäescher Federatioun vun den Aarbechter aus dem Transportsecteur (ETF), hat sech de 27. November mam Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen, François Bausch (déi gréng) zesummegesat, fir iwwert d‘Propose vun der éisträichescher EU-Presidence am Bezuch op den EU-Mobilitéitspak ze schwätzen.

Déi vun den Éisträicher virgeluechte Propositioun géif et notamment den Transportfirmaen erlaben, d‘Referenzperiod sensibel ze verlängeren, an esou hir Chaufferen zwénge méi laang ze fueren, mat méi kuerze Weekender. Konkret bedeit dat, datt d‘Chauffeuren esou kéinte verflicht ginn, bis zu dräi Wochen „op der Strooss“ ze bleiwen, ouni e Recht op e ganze Weekend Roupaus ze kréien.

D‘Vertrieder vun de Gewerkschaften hunn dem Minister erkläert, datt esou eng Moossnam net nëmmen zum Sozialdumping féiert, mee et och zu engem Sécherheetsrisiko féiert, bezunn op d‘Iwwermiddung vun de Chaufferen. Déi éisträichesch Propose géif zudeem derzou féieren, datt de Verbuet vun der Roupaus an der Chaufferskabinn opgehuewe géif.

Schlussendlech huet d‘Delegatioun ënnerstrach, datt dës Propositioun de Chaufferen net d‘Recht gëtt reegelméisseg heem ze goen. Si hätte ganz oft just nach d‘Recht sech op de Sëtz vun der Firma ze kommen, an do sollt ee wëssen, datt de Wunnuert an de Sëtz vun der Firma, schonn emol an ënnerschiddleche Länner leie kann. Domatter huet de Salarié dann nach manner Fräizäit.

De Minister huet vill Versteesdemech fir d‘Revendicatioune vun de Gewerkschafte gewisen, an huet ënnerstrach, datt hie ganz besonnesch d‘Suergen deelt, wat d‘Referenzperiod betrëfft. Hien huet de Gewerkschafte verséchert, datt hie wäert uecht doen, datt hir Positioun berécksiichtegt gëtt.

D‘Ausso vum Minister gëtt begréisst an déi soll och vun Dote begleet ginn. Mat der Hëllef vu Lëtzebuerg, soll de soziale Réckschrëtt op europäeschem Niveau verhënnert ginn. Bis dohinner wäert den OGBL, an Zesummenaarbecht mat der ETF, den Drock op d‘Politik weider erhéijen, fir datt et am Transportsecteur zur Verbesserung vun den Aarbechts- a Lounkonditioune komme kann.

Matgedeelt vum OGBL, Sektioun ACAL. Aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten ACAL, ETF, EU-Mobilitéitspak, François Bausch, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel