Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Sentinellen, e Vollek, ofgekoppelt vun der Moderner Welt
Neiegkeeten

D‘Sentinellen, e Vollek, ofgekoppelt vun der Moderner Welt

Den Dout vun engem amerikanesche Missionar ënnert de Feiler vun

Beim Mighty Golem fënns de d’Brieder, déi Welte bedeiten
Neiegkeeten

Beim Mighty Golem fënns de d’Brieder, déi Welte bedeiten

An enger Säitestrooss vun der Ettelbrécker Foussgängerzon steet e Golem

What the Fakt – de Gebuertsdag vun der Konscht
Neiegkeeten

What the Fakt – de Gebuertsdag vun der Konscht

D’Konscht setzt sech mat der Gestaltung aus de verschiddenste Materialen,

EU-Naturschutzdirektiven: Lëtzebuerg muss noleeën

EU-Naturschutzdirektiven: Lëtzebuerg muss noleeën

An engem neie Bericht zur Ëmsetzung vun den zwou EU-Direktive waren 18 EU-Länner op de Préifstand geholl ginn. Dobäi huet keent vun de Memberlänner gutt ofgeschnidden, an och zu Lëtzebuerg muss sech, am Kontext vun enger konkreter Ëmsetzung, nach zolidd ugestrengt ginn.

D‘Fondatioun „natur&ëmwelt“ bezitt sech heibäi op de vun: BirdLife Europe, WWF, EEB an Friends of the Earth Europe verëffentlechte Beriicht „The State of Implementation of the Birds an Habitats Directives in the EU“ (26. Abrëll).

Hei muss festgehale ginn, datt trotz enger Implementéierung vun der Flora-Fauna-Habitat-Richtlinn an der Vulleschutzrichtlinn, an d‘nationaalt Recht, an zwee Drëttel vun den ënnersichte Länner, d‘Habitaten an Zilaarten, net ausräichend geschützt sinn.

Zu Lëtzebuerg muss d‘Situatioun zweeërlee betruecht ginn. Zwar kann ee begréissen, datt béid EU-Direktive schonn am nationale Recht verankert sinn, an och datt d‘Natura 2000 Netz an de leschte Jore konnt erweidert ginn, a mat 66 Gebidder eigentlech komplett ass.

Mat der Natur kann een net Hallefhäerzeg ëmgoen

Do wou et laut der Fondatioun „natur&ëmwelt“ klemmt, datt ass bei der Fäerdegstellung an Ausféierung vun de Gestiounspläng, der konkreter Ëmsetzung vu Moossnamen zum Aarteschutz oder engem geziilte Monitoring.

Am Beriicht, un deem och „natur&ëmwelt“ an de Mouvement Ecologique (MouvEco) bedeelegt waren, konnt unhand de Fakten, Lëtzebuerg nëmmen d‘Nout „Kéint besser maachen“ (could do better) zougestane ginn.

D‘Fondatioun bestreit net datt scho muenches erreecht ginn ass, mee de Beriicht mécht däitlech, datt a Saachen Naturschutz nach „vill Loft no Uewen“ ass. Si riichten dann och en Appell un d‘Politiker, datt onofhängeg vum Ausgang vun de Chamberwahlen, méi Engagement fir de Schutz vun der Biodiversitéit noutwenneg ass.

Zudeem sollt ee sech op Regierungsniveau méi Konsequent géint d‘Aartestierwen asetzen. Hei dierf dann och drun erënnert ginn, datt d‘Biodiversitéit eis Liewensgrondlag duerstellt. Heifir muss sech och politesch agesat ginn, woumat unzehuelen ass, datt een den Engagement och an de Parteiprogrammer wëll erëmfannen.

Ähnlech Sujeten Biodiversitéit, EU-Naturschutzdirektiven, Lëtzebuerg, Mouvement Ecologique, natur&ëmwelt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel