EU-Parlament beschléisst Emissiounsnorme fir Bus a Camion

E Mëttwoch, huet dat europäescht Parlament zu Stroossbuerg d‘Aféierung vun Emissiounsnorme fir schwéier Notzgefierer beschloss. Domatter solle fir déi éischte Kéier CO²-Emissiounsgrenzwäerter fir Busser a Camionen agefouert ginn.

De Lëtzebuerger Europadeputéierten, Christophe Hansen, begréisst generell d‘Aféierung vun Emissiounsnormen, warnt awer virun onrealisteschen a kuerzfristegen Zilsetzungen.

„Lëtzebuerg an d‘EU hunn dem Paräisser Klimaofkommes vun 2015 zougestëmmt a mussen elo endlech Dote schwätze loossen, fir hir ambitionéiert Ziler ze erreechen. Busser a Camionen si vir e véierels vun den CO²-Emissiounen op europäesche Stroosse verantwortlech. Schonn dofir ass héich Zäit och fir dës Loftverschmotzer CO²-Uewergrenzen anzeféieren.

Des Weideren ass d‘Zil vun dëser Veruerdnung, d‘Innovatioun am Beräich vun den Alternativen zum thermesche Moteur, fir schwéier Notzgefierer an Europa unzekuerbelen.

Leider sinn déi vum Parlament gefuerdert Grenzwäerter fir 2025 schlicht an ergräifend net realistesch, well d‘Entwécklungszykle fir LKW duebel esou laang sinn wéi bei Autoen. Dat kéint zur Konsequenz hunn, datt mir an der EU dausende Camione mat Elektroantrib missten op de Maart bréngen. D‘Technik vun den e-LKW stécht awer nach an de Kannerschong, an dierft net bis 2025 a vollem Ëmfang asazbereet sinn.

Dat mëttelfristegt Zil fir 2030, dierf ouni Virbehalt méi héich ewéi déi -30%, déi vun der EU-Kommissioun virgeschloe goufen, ausfalen. Dofir hunn ech mech fir méi streng Emissiounsgrenzen an d‘Fuerderung vun op mannst -35% bis 2030 staark gemaach. Et ass zudeem realistesch, datt déi noutwenneg Technologie bis dohinner verfügbar wäerte sinn.

Ech bedaueren allerdéngs d‘Héicht vun de Strofen, déi bei enger Iwwerschreidung vun den Emissiounsnorme fälleg ginn: 5.000 Euro pro Tonn CO²/Kilometer (vun 2025-2029) an 6.800 Euro pro Tonn CO²/Kilometer (ab 2030). Dat kéint besonnesch fir kleng Transportentreprisen existenzgefäerdend sinn.

Ech hoffen, datt sech an de Verhandlunge mam Ministerrot, ee realistescht Reduktiounszil (kuerzfirsteg) erreecht ka ginn, an sech en ambitionéiert Reduktiounszil (mëttelfristeg) mat eppes méi Wäitsiicht duerchsetzt“, esou de Christophe Hansen, aus Stroossbuerg.