Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De 6. Mee ass nees Kulturnuecht zu Esch/Uelzecht
International Neiegkeeten

good online dating starters

Mat der 6er Editioun vun der „Nuit de la Culture“

cancer woman dating a libra man
International Neiegkeeten

Glécksspill an de Bistroen: d‘Brigange kruten den Dicks gebéit

An éischter Linn e „portugisesche Fait divers“ huet och Lëtzebuerg,

Noruff: zum Dout vun der Prinzessin Alix
International Neiegkeeten

Noruff: zum Dout vun der Prinzessin Alix

Wéi den Haff matgedeelt huet, ass d‘Prinzessin Alix vu Lëtzebuerg,

No Katowice, d‘EU mat engem Versuch et besser ze maachen

De CO²-Ausstouss vun den Autoe bis 2030 ëm en Drëttel reduzéieren

No Katowice, d‘EU mat engem Versuch et besser ze maachen

D‘Negociateure vun den EU-Memberlänner an dem Europaparlament hunn sech e Méindeg drop gëeenegt, d‘CO²-Emissioune vun den neie Gefierer ëm 37,5% bis 2030 ze reduzéieren. Dat ass eng besser Propose wéi initial virgesinn, an ass och direkt vun der Automobilindustrie denoncéiert ginn.

Interessant un dësem „Accord“, d‘Politiker an hir Technokraten hunn dëse Kompromëss nëmmen zwee Deeg nom Ofschloss vun der 24. UN-Klimakonferenz zu Katowice (COP24) fonnt. Eng Klimakonferenz bei där déi international Communautéit op e neits u sech selwer gescheitert ass. Elo muss dësen Accord nach déi offiziell Zouso vum Parlament an dem Europarot erhalen.

„Et waren haart an intensiv Verhandlungen, déi mir haut gefouert hunn, a mir hunn onermiddlech während eiser Presidence geschafft, fir entspriechend Fortschrëtter ze erzilen (…) Ech sinn dann och iwwerzeegt, datt d‘Memberlänner dësen Accord ënnerstëtzte wäerten“, deklaréiert d‘Elisabeth Köstinger, éisträichesch Ministesch fir nohalteg Entwécklung, an engem Communiqué.

Hiert Land, dat nach bis Januar d‘Presidence vun der EU huet, hat d‘Verhandlungen am Numm vun den 28 gefouert. De Kompromëss, deen um Méindeg fonnt gouf, läit um „hallwe Wee“ tëscht de méi konservativ agestallte Länner, an der Positioun vum Europaparlament, deen „eppes méi gewot“ ass, a virun allem méi strikt ass, wéi dat wann nach vun der EU-Kommissioun proposéiert gouf.

Näischt Konkretes, mee et geet sech gefreet

Den EU-Kommissär fir de Klima, Miguel Arias Canete – dee Katowice mat eidelen Hänn verlooss huet – huet sech zimlech gefreet: „De Succès vun haut ass esou wichteg, wann een d‘Conclusioune vun der COP24 bedenkt“, heescht et am Communiqué. „Dat weist däitlech, wéi eescht mir eist Engagement géintiwwer dem Paräisser Accord huelen“. (Zur Info: am Mee sinn EU-Wahlen)

Och de franséische Minister vun der ekologescher Transitioun, François de Rugy, begréisst dësen ambitiéisen Accord an ënnersträicht, datt et „e groussen Effort ass deen d‘Automobilindustrie hei muss leeschten, fir seng Aufgaben am Kampf géint d‘Äerderwiermung ze iwwerhuelen“. Datt et sech bei dësem Accord, wéi gesot, beschtefalls ëm en éischte Schratt handelt, sot awer och hien net.

Gëeenegt ginn ass sech emol op eng Reduktioun vu 37,5% vun den CO²-Emissioune bis 2030, dat bezunn op d‘Zuele vun 2021. Dat ass kee schlechte Witz, dat ass en techneschen Detail. Elo muss ee Wëssen datt d‘EU-Kommissioun, ënnerstëtzt a berode vun enger finanzstaarker Auto-Lobby, eng Reduktioun vun 30% proposéiert, d‘EU-Parlament hirersäits 40% gefuerdert hat.

Deenen 28 war et am Oktober, mat béien a brieche gelongen, sech op 35% ze eenegen. Blockéiert hu wéi Gewinnt Däitschland an déi osteuropäesch Länner, déi onbedéngt ënner 30% bleiwe wollten. Frankräich hat sengersäits déi 40% verdeedegt. Lëtzebuerg, Holland an Irland, hu bedauert, datt et dem Europarot zolidd un Ambitioune feelt.

(bei de Camionnette sollen d‘Emissiounen ëm 31% reduzéiert ginn, mee mat enger Tëschenetapp vu 15% bis 2025. N.v.d.R)

Déi mächteg Lobby moolt den Däiwel un d‘Mauer

Et kann ee sech liicht virstellen, datt esou Annoncen an/oder Accorde bei der Industrie net gutt ukommen. Déi hat och entspriechen deem wat hei um Spill steet, alles mobiliséiert fir sech an den Text anzebréngen. Hiert éiwegt Argument: wann dir dat beschléisst ginn Aarbechtsplaze verluer! An natierlech huet déi europäesch Vereenegung vun de Constructeuren sech „besuergt“ gewisen.

Dofir heescht vun der ACEA: „d‘Objektiver, esou wéi se vun der EU festgeluecht ginn, wäerten e schrecklechen Impakt op d‘Beschäftegung am Automobilsecteur hunn“ esou déi iwwerdäitlech Warnung vun engem Club deen et bis ewell gewinnt war seng Regelen ze diktéieren, an déi vun der EU operluechten Emissiounsreduktioun an eegener Verantwortung ze iwwerpréiwen.

Fir d‘ACEA ass et offensichtlech, datt dëst Objektiv fir 2030 eenzeg an eleng „politesch motivéiert“ ass, ouni datt och nëmmen am geréngste géif Récksiicht op déi technesch a sozioekonomesch Realitéite geholl ginn. Dat et selbstverständlech technesch méiglech ass, d‘CO²-Emissiounen ze reduzéieren, mee dat sech op de Profit, also d‘Aktionären auswierkt, hunn se net als Grond genannt.

Ganz de Géigendeel bei der ONG „Tranport & Environnment“. Déi hunn trotz ee puer klenge Bedenken dësen Accord begréisst. „Europa verännert seng Vitesse an der Course zur Produktioun vu Gefierer mat Null-Emissioun. Mat der neier Legislatioun, sollte bis 2030, 30% vun den Autoe mat elektresch oder Waasserstoff fueren. Et geet awer net séier genuch“, esou de Greg Archer.

D‘Europadeputéiert Karima Delli (déi gréng), Presidentin vun der Transportkommissioun am EU-Parlament, huet méi haart Wierder fonnt. „Amplaz den Automobilsecteur ze recadréieren, a sech fir Moossnamen anzesetzen déi d‘Investissementer an nei Aarbechtsplazen an enger Mobilitéit mat null Emissioune fërdere, hunn d‘Regierungen op e neits bewisen, datt si weder d‘Muecht nach de Courage hunn, Gesetzer opzestellen, déi op der Héicht vum Klimazil sinn“.

Erënnere mir dofir nach emol drun, datt déi europäesch Unioun, am Kader vun de COP21 versprach huet, seng Emissioune vun Zäregaser (CO², Methan, Stéckstoff…) ëm 40% – bezunn op den Ausstouss vun 1990 – am Ensembel vun der Industrie ze reduzéieren. Wann et net esou batter eescht wier, misst een driwwer laachen…

mat AFP

Ähnlech Sujeten ACEA, Äerderwiermung, Automobilindustrie, CO2-Ausstouss, EU-Kommissioun, EU-Parlament, Klimawandel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel