Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Polen bereet 2 Milliarde fir eng US-Militärbasis ze bezuelen
International Neiegkeeten

Polen bereet 2 Milliarde fir eng US-Militärbasis ze bezuelen

Polen ass bereet wéinstens 2 Milliarden US-Dollar op den Dësch

Et ass eekeleg Kal dobaussen, och fir däin Auto
International Neiegkeeten

Et ass eekeleg Kal dobaussen, och fir däin Auto

Mat unhalende Minustemperaturen, gëtt et net nëmmen de Mënsche Kal,

Juristesch Néierlag fir den US-President
International Neiegkeeten

Juristesch Néierlag fir den US-President

Bannent wéinegen Deeg, ass et fir zweet, datt den ieweschte

D’EU-Parlament muss sech (erëm) géint GMO’en wieren

D’EU-Parlament muss sech (erëm) géint GMO’en wieren

Mat grousser Majoritéit huet d’Europäescht Parlament 4 nei Autorisatiounen zur Aféierunge vu genetesch modifizéierten Organismen (GMO) fir d’Ernierung vu Mënsch an Déier refuséiert. Zënter 2015 si méi wéi 50 esou Autorisatiounen ofgelehnt ginn. Trotzdeem stell déi europäesch Kommissioun sech weiderhin daf. Wisou?

Op Initiative vun der EU-Deputéierter Tilly Metz huet sech eng transpartisan Koalitioun der Autorisatioun vun de GMO’en entgéint gesat. D’Risike fir d’Gesondheet, d’Ëmwelt an d’Biodiversitéit sinn nach ëmmer net korrekt vun der EFSA ageschat ginn. Bei de Verhandlunge gëschter ware 4 GMO’en am Gespréich déi resistent géint Glyphosat a Glyfonisat sinn. Géif een hei den Accord ginn, esou géif een zur selwechter Zäit der Notzung vu kriibserreegenden Herbiziden zousoen.

Op der anerer Säit géif een zouloossen, datt um europäesche Maart Liewensmëttel fir Mënsch an Déiere ugebuede ginn, déi potentiell mat an der EU verbuedenen Herbiziden, wéi beispillsweis dem Glyfosinat, behandelt gi sinn.

D’EFSA hat d’Zäit, fir autoriséiert Planze komplett op hir Toxicitéit ze bewäerten. Allerdéngs ass heibäi keen een Test organiséiert ginn, bei deenen et ëm verschidde Verbindunge vun den erlaabte genetesch modifizéierten Organismen oder och déi verschidde méiglech Interaktioune mat Réckstänn vun Herbiziden an hirem Metabolismus geet. Net emol d’Quantitéit vun de Réckstänn ass getest ginn. Dobäi hunn aktuell Etüde bewisen, datt d’GMO’e potentiell gëftegt Elementer fir d’Immunsystem fräisetzen.

„Et ass inacceptabel datt déi europäesch Kommissioun viru fiert an d’GMO’en erlaabt, ouni no Verbesserungen am Evaluatiounsprozess bei der EFSA ze verbesseren; an dat trotz Wëssenslücken déi onofhängeg Wëssenschaftler opgewisen hunn an d’Parlament ënnerstrach huet“, sou d’Tilly Metz. Iwwert déi demokratesch Fro hinaus, de Rot vum Parlament net a Betruecht ze zéie géif een mat der Gesondheet vun all Liewewiese spillen.

D’EU-Deputéiert hieft ervir, datt d’Kommissioun keng Responsabilitéit weist, wa si d’GMO’en erlaben a soumat och den Drock op eis Ëmwelt, Natur an Immunsystemer erhéijen. „D’Kommissioun beleet eng wëssenschaftlech Laxheet, déi fir eis all schiedlech ass. Ech fueren also viru fir mech géint d’Aféierung vun de GMO’en entgéint ze stellen a fir d’Gesondheet vun der Bevëlkerung ze kämpfen an den Ekosystem zur Prioritéit ze maachen.“

Ähnlech Sujeten Autorisatioun, déi gréng, EFSA, Europäesch Unioun, Genetesch Modifizéiert Organismen, GMO, Kriibserregend, Tilly Metz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel