Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kofi Annan: ee Liewe vir d‘Vereenten Natiounen
International Neiegkeeten

Kofi Annan: ee Liewe vir d‘Vereenten Natiounen

De Kofi Annan, dëse Samschdeg am Alter vun 80 Joer

surprise
Volleyball 1. Divisioun: VC Belair mat iwwerzeegendem Start an d‘Saison
International Neiegkeeten

Volleyball 1. Divisioun: VC Belair mat iwwerzeegendem Start an d‘Saison

Nodeems um virleschte Sonndeg de Match géint den CHEV Dikrech

US-Vizepresident mécht onverhuele Krichserklärung am UN-Sécherheetsrot
International Neiegkeeten

US-Vizepresident mécht onverhuele Krichserklärung am UN-Sécherheetsrot

Ganz dem Virbild getrei, huet den US-Vizepresident Mike Pence sech

EU-Parlament Ratifizéiert de Brexit

Zu Bréissel hu gëschter d‘EU-Deputéiert dem Austrëtt vun Groussbritannien zougestëmmt

EU-Parlament Ratifizéiert de Brexit

Et war et schéint Bild an et huet fir eppes Emotioun gesuergt: virum Europaparlament zu Bréissel stoung e Mann mat sengem Duddelsak an huet d‘Europa-Hymn gespillt… un der Entscheedung déi virdru geholl gouf, huet säin Optrëtt näischt méi geännert. Déi meeschten Deputéiert haten, sécher och eppes schwéieren Häerzens, dem Accord zum Austrëtt aus der Unioun zougestëmmt.

BrexitMat engem Vott: 621 derfir, 49 dogéint an 13 enthalen; ass gëschter de leschten Akt vun engem Koméidistéck op en Enn gaangen, dat eis britesch Frënn nach emol schwéier bedauere wäerten. E Freideg um Mëtternuecht verléisst den „Empire“ no 47 Joer Memberschaft de Club. E wëllen, haarde Brexit ass eis erspuert bliwwen, mee elo muss sech awer och der Zukunft zougewennt ginn.

Haut mussen nach déi verbliwwe 27 Länner dem Accord zoustëmmen. Dat ass eng Formalitéit, wat ze soe war gouf gesot, d‘Scheedung ka vollzu ginn. An esou ganz geet jo kee wierklech: bis Enn vum Joer leeft d‘Transitiounsphas, an esoulaang ass Groussbirtannien nach an der Zollunioun, also och am Bannemaart. Dat awer och just déi Zäit déi bleift, fir en Handelsofkommes ze verhandelen.

Brexit

© Charlotte Potts (via Twitter)

Trauer a Gléck leien oft beienaner

Den EPP-Fraktiounschef Manfred Weber ass weiderhin der Usiicht, datt de Brexit e Feeler ass. D‘Sozialistin Gabriele Bischoff bezeechent den Dag als Warnung. Warnung virun deem wat aus populisteschem Wahnsinn vun arroganten Elitte resultéiere kann.

BrexitFir de Martin Schirdewan vun der Lénksfraktioun ass et net fir elo einfach zur Dagesuerdnung iwwerzegoen, och aner Länner kéinten dem Beispill follegen an esou de Projet Europa a Fro stellen. De Virsëtzende vun de Liberalen, Dacian Ciolos, ass sengersäits zouversiichtlech, datt de Bloe Banner mat de gëllene Stären enges Daags nees op der Insel am Wand hänke wäert…

A während déi grouss „Famill“ sech mat Tréine vun de Kosengen aus Groussbritannien lassgesot hunn, gouf et een, dee mat engem breede Grinsen an houfregem Bléck duerch d‘Reie gezunn ass: de Nigel Farage. Hien dee gelunn a bedrunn huet, fir seng Landsleit beim Referendum vun enger Dommheet ze iwwerzeegen, där hir Auswierkungen net virauszegesi sinn.

De „Mister“ Brexit huet gëschter – et hätt een hie jo net misse Froen – nach emol ënnerstrach, datt Groussbritannien net eleng wäert bleiwen. Hie géif ferm domadder rechnen, datt nach aner Länner dem Beispill vun de Brite follege wäerten. Dänemark, Polen an Italien kéinten als éischt Kandidaten op sech Opmierksam maachen, esou den Nigel Farage.

BrexitUn d‘Adress vun den Deputéierten awer och de Bierger vun Europa nach ee Message: „D‘EU ass en anti-demokrateschen a ganz geféierleche politesche Projet. Ech wëll datt dee beendegt gëtt an dofir wäert ech weiderhi kämpfen“, esou de Rabbelkapp deen no senger leschter Ried am Plenum mat sengen „Unioun-Jack“ gefuchtelt huet.

Hei hat déi stellvertriedend Parlamentspresidentin, Mairead McGuiness, de Nigel Farage zur Uerdnung geruff: „Paakt är Fändelcher op d‘Säit an huelt se mat wann der elo gitt“. De Britt huet dat labber geholl an d‘Remark mat engem Grinse quittéiert…

mat indymedia/bru

Foto: Esou ass de Vott ausgaangen. © Anna Cavazzini MEP

Ähnlech Sujeten Brexit, EU-Parlament, Leave EU, Nigel Farage, The End
Nächsten Artikel Virrechten Artikel