Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann trotz Walen net iwwerall gewielt gëtt
stuck in matchmaking for honor Neiegkeeten

roman dating site

D‘Flemm mat der Politik hunn, esou kéint ee mengen, net

https://moien.lu/high-there-weed-dating-app/
stuck in matchmaking for honor Neiegkeeten

Syrien: Damaskus féiert seng Offensiv an der Ghuta weider

Um Samschdeg huet déi syresch Arméi d‘Offensiv op d‘Rebellenhéichbuerg vun

Amerika kënnegt INF-Accord mat Russland
stuck in matchmaking for honor Neiegkeeten

Amerika kënnegt INF-Accord mat Russland

E Freideg huet den US-Ausseminister, Mike Pompeo, annoncéiert, datt sech

EU: Polen blockéiert en Text zu de fundamentale Rechter

EU: Polen blockéiert en Text zu de fundamentale Rechter

Polen huet en Donneschdeg, bei der Sëtzung vun den EU-Justizminister zu Lëtzebuerg, en Text iwwert de Schutz vun de fundamentale Rechter an der EU blockéiert.

An dësem, ginn d‘Diskriminatioune géint d‘LGBT-Communautéit mentionnéiert. Polen huet argumentéiert, dat een net engem Text zoustëmme kéint, an deem et keng explizit Referenzen zu den Diskriminatioune géint d‘Chrëschten an Judde géif ginn.

Dëst Dokument, dat bis ewell all Joers eestëmmeg vun den EU-Länner ugeholl ginn ass, mécht de Bilan vum Joer 2017, vun der Ëmsetzung vun der Charta vun de fundamentale Rechter vun der EU, an definéiert d‘Fortschrëtter déi nach ze realiséiere sinn.

D‘Hoer an der Zopp

Et war de polnesche Justizminister, Zbigniew Ziobro, dee mëttels engem Communiqué annoncéiert hat „säi Veto géint déi vum Europarot virgeluechte Conclusiounen“ anzeleeën. Hien erkläert seng Positioun duerch de Refus vun anere Ministeren, déi chrëschtlech a jiddesch Relioun, an engem Passage deen Diskriminatioune géint reliéis Gruppen, ze ernimmen.

„De reliéisen Haass vergëft Europa“ esou d‘Siicht vum polnesche Minister, dee mengt, datt een „d‘Chrëschten an d‘Judde géint déi reliéis Diskriminatioun muss schützen, an dat am gläichen Ëmfang wéi de Schutz vun den LGBT-Mënschen, de Kanner da Migranten oder de Fraen“. En Diplomat huet erkläert, datt déi aner Ministeren d‘Reliounen net „selektiv oplëschte“ wollten.

Ëm wat et wierklech geet

En aneren Diplomat, deen och net wëll genannt ginn: „tatsächlech verhält et sech esou, datt d‘Polen de Text blockéieren, well et an dësem e Passage iwwert d‘LGBT-Communautéit gëtt, an dësen huet hinnen net gefalen“.

An eisen Informant, deen eng ni do gewieschte Situatioun geschëldert huet, huet dann nach op eng ugespaante Lag um Dësch vun de Minister higewisen. „Bestëmmte Minister déi och am Sall waren, hunn de Virfall als ‚Schan‘ bezeechen“, esou eis Quell.

Dësen Text deen ënnert de Minister beschwat ginn ass, mentionnéiert de Fait, datt d‘Membere vun der LGBT-Communautéit „nach ganz oft Affer vun Diskriminatioun, physesch Gewalt an Ustëftung zu Haass a Gewalt an der EU sinn“.

Schlecht Stëmmung tëscht Bréissel a Warschau

Duerch de polnesche Veto ass den Text elo als „einfach Conclusioune vun der éisträichescher Presidence vum Europarot“ ugeholl ginn, an net als offiziellen Text dee vum Europarot a senge Membere veräntwert gëtt.

Wat elo den „Incident“ vum Donneschdeg betrëfft, esou muss een dësen an de Kontext vum ugespaante Verhältnis tëscht der EU a Polen setzen. D‘EU-Kommissioun, gestëtzt notamment vu Frankräich an Däitschland, huet Mesure géint Warschau ageleet, wëll d‘PiS-Regierung d‘Onofhängegkeet vun der Justiz, duerch kontrovers Reformen, a Fro gestallt huet.

mat AFP

Foto: De polnesche Justizminister Zbigniew Ziobro ass fir Demokraten an Acteure vun der Zivilgesellschaft e rout Duch. Hien ass d‘Symbol vun enger konservativ-radikaler Politik an enger Regierung, déi den ieweschte Geriichtshaff esou reforméiere wëll, datt et net méi méiglech ass vu Gewaltentrennung ze schwätzen. D‘EU-Kommissioun ass elo opgefuerdert den Artikel 7 anzeleeden. (Archivbild aus dem Juli 2017) © Wojtek Radwanski/AFP

Ähnlech Sujeten EU, Fundamental Rechter, Justizminister, Polen, Zbigniew Ziobro
Nächsten Artikel Virrechten Artikel