Search

You may also like

USA: Nei Sanktioune géint Russland
International Neiegkeeten

USA: Nei Sanktioune géint Russland

Déi niddreg Kummer vum US-Kongress huet en Dënschdeg bal eestëmmeg

Brexit: De britescher Premierministesch flitt alles ëm d‘Oueren
International Neiegkeeten

Brexit: De britescher Premierministesch flitt alles ëm d‘Oueren

432 Deputéiert hunn am House of Commons, géint dee vum

De Magazin „ons stad“ gënnt sech eng Frëschzellekur
International Neiegkeeten

De Magazin „ons stad“ gënnt sech eng Frëschzellekur

Virun enger gudder Woch huet déi Stater Buergermeeschtesch de neie

EU ergräift Sanktioune géint de Venezuela

EU ergräift Sanktioune géint de Venezuela

Um Méindeg huet d‘EU Sanktioune géint politesch Leader vum Venezuela beschloss. Caracas huet d‘Noriicht net appreciéiert a bezichtegt Bréissel sech der „virherrschender a rassistescher“ US-Administratioun ze ënnerwerfen.

D‘Sanktiounen déi leschten Donneschdeg um Niveau vun den Ambassadeure gestëmmt gi waren, si gëschter formell vun den 28 EU-Länner, am Kader vun enger Reunioun vun den Ausseminister zu Bréissel, ugeholl ginn.

Aus Caracas kënnt dann och prompt d‘Äntwert vum Ausseministère: an engem Communiqué gëtt der europäescher Unioun virgeworf sech vu Washington féieren ze loossen. Mat de Sanktiounen hätten sech d‘Ausseminister vun den EU-Länner fir eng falsch an interventionistesch Politik entscheet.

„Dat zwanghaft bestriewe géintiwwer dem Venezuela, verféiert déi europäesch Unioun vun den eegene fundamentale Wäerter ofzekommen, fir zum Instrument vun den imperialisteschen Uspréch vun der amerikanescher Regierung ze verkommen“, ass et am Communiqué ze liesen. Zudeem betruecht Caracas d‘Sanktiounen als illegal.

Vun de Sanktioune betraff, sinn siwen héich Responsabel vum venezuelanesche Regimm. Laut der Decisioun vun e Méindeg, sollen deenen hir Gelder agefruer ginn an se sollen och kee Visa méi erhale fir an d‘EU areesen ze kënnen.

Siwen Nimm op der schwaarzer Lëscht

Domatter wëll Bréissel déi vum sozialistesche President Nicolas Maduro gefouert Regierung an d‘Knéien zwéngen. Betraff vun de Sanktioune sinn notamment d‘Nummer zwee vum Regimm, de Vizepresident vun der vereenter sozialistescher Partei vum Venezuela, an aflossräichen Deputéierten Diosdado Cabello, wéi och den Inneminister Nestor Reverol.

Aner Perséinlechkeeten, déi beschëllegt ginn d‘Manifestatioune vun der Oppositioun niddergeschloen ze hunn, sinn och vun de Sanktioune betraff. Dozou gehéiert de Chef vum Geheimdéngscht Gustavo Gonzales Lopez, de Procureur Tarek William Saab an de fréiere Kommandant vun der bolivarescher National-Gard Antonio Benavides.

Bréissel huet all dës Leit op déi „schwaarz Lëscht“ gesat a stellt sech esou däitlech op d‘Säit vun der Oppositioun, déi onbestridde vun den USA finanziell gestëtzt gëtt. Op politeschem Niveau, sinn et den Tibisay Lucena, President vun der nationaler Wahlkommissioun an de Maikel Moreno, President vum ieweschte Geriichtshaff, déi betraff sinn.

De Maikel Moreno, ass schonn eppes méi laang op der schwaarzer Lëscht vu Washington. Him gëtt virgeworf sech an d‘Muecht vum Parlament agemëscht ze hunn, dat vun der Oppositioun kontrolléiert gëtt, an der Exekutive erméiglecht ze hunn, mat Drénglechkeet-Dekreter ze regéieren.

D‘USA a Kanada hate schonn am Summer 2017 juristesch a finanziell Sanktioune géint de venezuelanesche President Nicolas Maduro ergraff, deen se als Diktator bezeechent hunn. Washington huet allen amerikanesche Bierger eng kommerziell Relatioun mat Venezuela ënnersot.

Foto: Während zu Bréissel Sanktioune géint Venezuela beschloss gi sinn, ass et zu Caracas zu Ausenanersetzungen tëscht Manifestanten an der Police komm. D‘Oppositioun hat zu Protester opgeruff, nodeems den Oscar Perez géint de Wëlle vu senger Famill vun den Autoritéite begruewe gi war. Hie war ëm d‘Liewe komm, wéi d‘Police hie verhafte wollt. Hien hat en Helikopter vun der Police geklaut a Granaten op de Geriichtshaff ofgeworf an op den Inneministère geschoss. © Juan Barreto/AFP

Related topics EU-Sanktiounen, Nicolas Maduro, Venezuela
Next post Previous post