Search

You may also like

Wéinst der dréchent dréit Wallounien d‘Krinn zou
International Money Neiegkeeten

Wéinst der dréchent dréit Wallounien d‘Krinn zou

Et ass nees ee waarme Summer an deen huet folgerichteg

Haut iwwerhëlt den Erdogan d‘Tierkei
International Money Neiegkeeten

Haut iwwerhëlt den Erdogan d‘Tierkei

Um haidege Méindeg leet de Recep Tayyip Erdogan säin Eed

Fairtrade Lëtzebuerg: Schockela, Banann a Kaffi hu sech 2019 grousser Beléiftheet erfreet
International Money Neiegkeeten

Fairtrade Lëtzebuerg: Schockela, Banann a Kaffi hu sech 2019 grousser Beléiftheet erfreet

Gëschter huet d’ONG Fairtrade Lëtzebuerg seng Maartzuele vum Joer 2019

money

D‘EU a Singapur ënnerschreiwen e Fräihandelsaccord

D‘EU a Singapur ënnerschreiwen e Fräihandelsaccord

E Freideg huet d‘EU zu Bréissel mat Singapur e Fräihandelsaccord ënnerschriwwen. En Akt dee sech wëll als „Message“ géint den amerikanesche Protektionismus verstane fillen.

De Fräihandelsaccord dréit d‘Ënnerschrëfte vum Premierminister vu Singapur, Lee Hsien Loong, dem President vum Europarot, Donald Tusk an dem EU-Kommissiounspresident, Jean-Claude Juncker. Dës Handlung huet sech um Rand vum EU-ASEAN Sommet zougedroen, deen zu Bréissel stattfonnt huet.

Nom Echec vun de Verhandlunge fir en Fräihandelsaccord tëscht der EU an den 10 Länner vun der ASEAN am Joer 2009, hat sech Bréissel op en Ofkommes mat Singapur konzentréiert. De Jean-Claude Juncker huet d‘Ënnerschrëft mat engem „Partner deen déi selwecht Visioun wéi d‘EU deelt“ begréisst. En Ofkommes mat den aneren ASEAN-Länner ass nach net a Siicht.

Eng staark Allianz

„An dëse schwéieren Zäiten (…) brauche mir staark Alliéierter wéi Singapur, fir de Welthandel-System ze erhalen, deen op klore Reegele fundéiert“, huet hirersäits d‘EU-Kommissärin fir den Handel, Cecilia Malmström, gemengt. Singapur ass bei wäitem den éischten Handelspartner vun der EU innerhalb der ASEAN. 2017 huet den Handelsvolumme bei 53,3 Milliarden Euro geleeën.

Ofgesi vum Ofbau vun den Douanestaxen an net tariféiert Obstakelen, enthält den Handelsaccord „vun der neier Generatioun“ och Dispositiounen zum Schutz vun der intellektueller Proprietéit, der Liberalisatioun vun den Investissementer, dem Marché Public, der Konkurrenz an der nohalteger Entwécklung. Den Text muss elo vum Europaparlament ofgeseent ginn, fir 2019 a Kraaft ze trieden.

Net alles ass gutt

Am Kontext vun dësem Fräihandelsaccord, hunn d‘EU a Singapur och en Ofkommes zum Schutz vun den Investissementer ënnerschriwwen. Dësen Text ass kontrovers, well e virgesäit, datt e „Sonnergeriicht“ muss geschafe ginn, dat sech den „Differenzen ënner Investisseuren“ soll unhuelen. En Dispositif dee vu villen ONGe kritiséiert gëtt, déi dat als parallel Justiz bezeechnen.

Wann de Fräihandelsaccord vum Europaparlament bis ugeholl ass, kann dësen och vun den dann nach 27 EU-Memberlänner ratifizéiert ginn. Eng Prozedur, déi sech iwwer Jore kann zéien, well de ganzen Text an de nationale Parlamenter muss debattéiert an ofgestëmmt ginn. Zu Lëtzebuerg dierft d‘Ratifizéierung awer nëmmen eng Formalitéit sinn. Als nächst kënnt den Accord mam Vietnam…

mat AFP

Foto: De Premierminister vu Singapur, Lee Hsien Loong (l) beim „Handshake“ mam EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker (r) an dem EU-Rotspresident Donald Tusk, am Hannergrond, nodeems de Fräihandelsaccord ënnerschriwwe war. © Francisco Seco/pool/AFP

Related topics ASEAN, Donald Tusk, EU, Fräihandel, Fräihandelsaccord, Jean-Claude Juncker, Lee Hsien Loong, Singapur
Next post Previous post