Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nee zum Krich iwwerall op der Welt, Nee zu alle Rüstungsustrengungen!
International Neiegkeeten

Nee zum Krich iwwerall op der Welt, Nee zu alle Rüstungsustrengungen!

Kricher ginn et der aktuell vill ze vill, an awer

Luxembourg Balloon Trophy: Sech d‘Land emol vun uewen ukucken
International Neiegkeeten

Luxembourg Balloon Trophy: Sech d‘Land emol vun uewen ukucken

Reklamm ass eigentlech genuch gemaach ginn, a wiem et trotz

De Christophe Hansen gesäit den nationale Klimaplang mat Skepsis
International Neiegkeeten

De Christophe Hansen gesäit den nationale Klimaplang mat Skepsis

D’Lëtzebuerger Regierung huet den nationalen Energie- a Klimaplang presentéiert. Nodeems

EU-Sommet: Europaminister bereeden sech zu Lëtzebuerg vir

EU-Sommet: Europaminister bereeden sech zu Lëtzebuerg vir

Um Dënschdeg hunn sech zu Lëtzebuerg d‘EU-Europaminister zesummefonnt, fir sech op de Sommet, en Donneschdeg zu Bréissel, virzebereeden. E vun den Haapttheme war och hei de Brexit, a méi am Detail d‘Verhandlungen déi einfach net virukommen.

Hei gëtt et dann och esou lues enk mat der Zäit. Eigentlech sollt déi zweet Phas vun de Verhandlungen zum Austrëtt vu Groussbritannien am Dezember ageleet ginn. Bis ewell konnten awer nach keng Fortschrëtter festgestallt ginn, an den EU-Brexitbeoptragten Michel Barnier huet och beim Rendez-vous um Kierchbierg keng gutt Nouvellen am Gepäck gehat.

Iwwerhaapt gesäit et éischter esou aus, datt d‘Briten net wierklech interesséiert schéngen un der Situatioun eppes wëllen ze änneren. Dat zumindest léisst sech als Fazit zu der fënnefter Verhandlungsronn esou feststellen. An och dem EU-Kommissiounspresident säin Nuetiesse mam Theresa May huet net wierklech eppes verännert. Gutt et ass emol versprach ginn, sech ze tommelen.

De Michel Barnier sengersäits wier awer scho bereet méi schnell virunzekommen, woubäi een dat zesumme muss wëllen an ëmsetzen. Hien ass dann och net gewëllt seng Verhandlungsstrategie ëmzestellen. Et muss een ee Schratt nom anere maachen a berécksiichtege wat déi 27 Memberlänner och u Fuerderungen hunn.

Net einfach „konstruktiv“ ze bleiwen

Fir de Michel Barnier ass dann och eng Viraussetzung déi, der ausgeléister konstruktiver Dynamik vun der britescher Premierministesch eng Chance ze bidden. D‘Zäit vergeet allerdéngs rapid an den Austrëttsdatum steet och fest. Dorunner ännert sech dann och näischt, wa gewosst ass datt sech bei de Prioritéite Fortschrëtter ofzeechne.

D‘Rechter vun den EU-Auslänner a Groussbritannien an d‘Rechter vun de Briten am EU-Ausland mussen erhale bleiwen a séchergestallt ginn. Och d‘Grenz op der irescher Insel muss op bleiwen an d‘Fro vum Geld sollt endlech beäntwert ginn. A beim Geld scheitert dat ganzt dann och reegelméisseg, well een sech iwwert d‘Zomm déi ze iwwerweise wier, net eens gëtt.

Déi verbleiwend 27 sinn sech dann awer eens, datt een zumindest intern mat de Virbereedungen zu der zweeter Phas kann ufänken. Eng Mesure déi an der Ëffentlechkeet begréisst ginn ass mee vum Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn mat gemëschte Gefiller betruecht gëtt. Fir de Stengeforter ass et kloer, datt sech d‘EU muss Gedanken doriwwer maache wéi et soll weidergoen.

Ouni Eenegung keen Handelsofkommes

Fir den Ausseminister kann déi zweet Phas, bei där et ëm fundamental Theme wéi Fräihandel, Sécherheet a Verdeedegung, esou wéi anere politesche Froe geet, nëmme mat enger erfollegräich ofgeschlosser éischter Phas an Ugrëff geholl ginn.

Heizou huet och den EU-Rotsvirsëtzenden an estneschen Ausseminister Matti Maasikas eng Meenung: „Virbereedungsgespréicher si kee Mandat fir d‘Ophuele vu Verhandlungen iwwer déi zukünfteg Bezéiungen tëscht der EU a Groussbritannien“. Mee och wa sech d‘EU op déi zweet Verhandlungsphas virbereet, esou misst awer berécksiichtegt ginn, datt et zu kengem Ofschloss kënnt an een am Mäerz 2019 e Brexit ouni Ofkommes huet. Dat ass zumindest den Avis vum Jean Asselborn.

An de Michel Barnier geséich souwisou léiwer déi zweet Phas dann anzelauden, wann d‘Problemer vun der éischter iwwerwonne sinn. Dat ass mat Sécherheet e Grond firwat hien op d‘Anhale vum „Plang“ besteet. Hie stellt dann och nach eng Kéier kloer, datt et net d‘EU ass déi hei op Zäit spillt. Retard, wann een dann dovunner misst schwätzen, hätt et bis ewell just vun der britescher Säit ginn.

mat AFP

Foto: De Michel Barnier hat schonn déi lescht Woch drop higewisen, datt den Zäitplang enk gëtt an een zwéngend muss virukommen, wann een an zweet Verhandlungsphas wëll iwwergoen. © Emmanuel Dunand/AFP

Ähnlech Sujeten Ausseminister, Brexit, EU-Sommet, Jean Asselborn, Michel Barnier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel