Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iwwert 600 Persoune waren 2017 ouni Führerschäi mam Auto ënnerweess a goufen erwéscht
International Neiegkeeten

Iwwert 600 Persoune waren 2017 ouni Führerschäi mam Auto ënnerweess a goufen erwéscht

Dobäi sinn dës Zuele méi niddreg, wéi nach am Joer

Geet de Brexit an d‘Verlängerung?
International Neiegkeeten

Geet de Brexit an d‘Verlängerung?

Et sinn nach grad emol véier Woche bis zum „Brexit“,

De Knuedler ass erëm op Äis geluecht
International Neiegkeeten

De Knuedler ass erëm op Äis geluecht

Um Mëttwoch kuerz vru Mëtteg, huet de Stater Schäfferot, zesumme

EU-Sommet geréit wéinst Migratiounskris an eng Sakgaass

EU-Sommet geréit wéinst Migratiounskris an eng Sakgaass

Zu Bréissel war d‘Stëmmung um Donneschdeg eppes méi gereizt wéi soss, wann esou e grousse Sommet usteet. De Grond dofir: Italien erhéicht den Drock op seng europäesch Partner, a blockéiert d‘Unhuele vun éischte Conclusioune bei engem Sommet.

Bis déif an d‘Nuecht eran, huet Italien net labber gelooss, a verlaangt net manner wéi e konkret Solidaritéitsbekenntnis, am Kader vun der Gestioun vun der Arrivée vun de Migranten. Nach um 3 Auer moies ass no engem Auswee aus dëser Sakgaass gesicht ginn. Dobäi haten den italienesche Premierminister Giuseppe Conte an de franséische President Emmanuel Macron Propose gemaach.

Den italienesche Regierungschef huet dann awer eng éischt Serie Conclusioune verworf, déi sech op Verdeedegung an Handel bezunn hunn, nach laang iert den Debat zur Migratioun tëscht den 28 iwwerhaapt ugefaangen hat. „Näischt ass ugeholl, bis net alles ugeholl ass“, heescht aus dem italienesche Lager, wou een sech vun der EU a senger Memberen Dote statt Wierder erwaart.

Italien mécht sengen europäesche Partner de Virworf, datt si d‘Land am Stach loossen. Si géifen sech selwer iwwerlooss fir d‘Gestioun vun de Migranten an de Grëff ze kréien. Et hat eng hefteg Diskussioun ginn, an alleguerte sinn se iwwert den Italiener hiergefall, wéi dësen sech geweigert huet déi éischt Conclusioune vum Sommet, déi Eestëmmegkeet verlaangen, unzehuelen.

Ouni Eenegkeet kann et keen Europa ginn

Elo ass dann awer esou, datt dës Spannungen zu Bréissel net iwwerraschend kommen. Während elo gutt zwou Wochen, verweigeren Italien a Malta, de Schëffer vun ONGen déi Migranten u Bord hunn, déi si aus dem Mëttelmier (virun de libescher Küst) gefëscht hunn den Accès an hir Häfen.

An iwwerhaapt steet dëse fréisummerleche Sommet op schwaache Féiss. D‘Bundeskanzlerin ass faktesch gezwongen eng „haart Linn“ bei der Migratioun ze fueren, well den „Heemechtsminister“ Horst Seehofer domatter gedreet huet, déi Migranten op der Grenz „ëmzedréinen“ déi schonn anzwousch anescht registréiert goufen.

Dat begrënnt de fréiere bayresche Ministerpresident mam Argument, datt et keng europäesch Mesure gëtt, déi sech mat de sougenannten „Sekundär-Bewegungen“ beschäftegt. „Europa muss sech villen Erausfuerderunge stellen, mee déi am Verbond mat der Migratioun kéint iwwert d‘Schicksal vun der EU entscheeden“, esou d‘Angela Merkel, déi eng multilateral Léisung fuerdert.

Et ass dann och esou, datt sollten déi Staatscheffen sech net zu engem Accord duerchréngen, si all deene Populisten (déi mat den einfachen Äntwerten zu komplexe Froen) Fudder liwweren. Esou gesäit et zumindest den EU-Rotspresident Donald Tusk. An dat ass besonnesch da bedenklech, wa gewosst ass datt d‘Zuele vun de Migrante säit 2015 wiesentlech zréckgaange sinn.

Hunneg ronderëm de Mond schmiere geet net duer

Virun e puer Stonnen hunn diplomatesch Quellen duerchklénge gelooss, datt sech iwwer nei franco-italienesch Propositiounen ënnerhale gëtt. An dësem Text, dee vun enger Grupp Länner gestëtzt gëtt, geet et drëms a Länner (déi dat fräiwëlleg matmaache wëllen) sougenannte Kontroll-Zenter anzeriichten, wou d‘Migranten, déi an europäesch Gewässer ukommen, opgeholl solle ginn.

Migranten déi en Urecht op Asyl hunn, kéinten da vun dëse Kontroll-Zenter op aner Länner (och op fräiwëlleger Basis) verdeelt ginn. Esou géif dann och der Fuerderung vun den Italiener entsprach, déi eng „Opdeelung vun der Verantwortung“ verlaangen. An dat ass, wéi et vun italienescher Säit ze héiere war, eng gutt Nouvelle, woubäi dat lescht Wuert nach net geschwat ass.

„Et gëtt awer nach Länner déi sech mat aller Gewalt dergéint stäipen“, erzielt eis en Italiener hannert virgehalener Hand, deen net explizit mam Fanger op Ungarn gewisen huet. „Dat wat mat der MS Aquarius geschitt ass, ass interessant“, seet den Informant am Bezuch op d‘Schëff mat iwwer 600 Migranten u Bord, deem den Accès an d‘Häfe vun Italien a Malta verweigert ginn ass.

„Wéi d‘Schëff a Spuenien ukomm ass, hunn sech EU-Länner d‘Migranten opgedeelt“, esou eis Quell weider. Woubäi d‘Schëff vu Lifeline, deem Roum den Accès zu italieneschen Häfe verweigert hat, schlussendlech e Mëttwoch zu Malta uleeë konnt. D‘Schëff ass allerdéngs festgesat ginn, an géint de Kapitän gëtt enquêtéiert, well hie sech net un international Reegele gehalen hätt.

„Opfanglager“ ausserhalb vun Europa

Fir d‘Zuel vun de Schëffer déi an europäesch Gewässer andréngen op e minimum ze reduzéieren, huet den EU-Rotspresident Donald Tusk virgeschloen, datt een sollt driwwer nodenken, baussent Europa „Plattformen ze schafen“, wou d‘Migranten, déi aus dem Mier gerett ginn, opgeholl kënne ginn. Domatter géif och de Wirtschaftsmodell vun de Passeure gebrach.

Zudeem géif dës Mesure derzou bäidroen, datt ee sech an der EU net méi iwwert d‘Opnam vu Migrante streide géif. Leider bleiwen d‘Konture vun dësem Projet ondäitlech, an et stellt sech och d‘Fro vun der Kompatibilitéit mam internationale Recht. De Chef vun der marokkanescher Diplomatie huet en Donneschdeg däitlech gemaach, dat säi Land dës Iddi net gutt fënnt.

Ursprénglech sollt de Sommet derzou féieren, datt een endlech mat der Reform vum Asylrecht an Europa virukënnt. Déi schleeft sech zanter zwee Joer, an et gesäit esou aus, datt een dëst Zil opginn huet. Ze grouss sinn d‘Divergenzen zur Reform vum Dubliner Traité, an deem virgesinn ass, datt dat Land wou d‘Migranten als éischt registréiert, sech och ëm d‘Demande fir den Asyl këmmert.

D‘EU-Kommissioun schléit vir dësem Prinzip am Krisefall auszesetzen, mat enger Opdeelung vun den Demandeuren ab hirer Arrivée op europäeschem Buedem. Mee Länner wéi Ungarn an Polen, déi vun Éisträich ënnerstëtzt ginn, si massiv dergéint. Italien sengersäits, fuerdert e permanente System fir d‘Repartitioun vun de Migranten.

mam Cédric Simon/AFP

Foto: Den italienesche Premierminister Giuseppe Conte am Gespréich mat der Press. Italien huet éischt Conclusiounen zur Verdeedegung an Handel net „matgedroen“, wouduerch et zu Bréissel beim EU-Sommet zu heftegen Diskussioune komm ass. Italien fuerdert vun der EU méi Solidaritéit bei der Opnam vu Migranten. © Ludovic Marin/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Tusk, EU-Sommet, Giuseppe Conte, Italien, Migratioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel