Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA-Mexiko: Douanestaxe suerge fir Gejéimers
International Neiegkeeten

USA-Mexiko: Douanestaxe suerge fir Gejéimers

Den US-President hat et déi Woch ugekënnegt: entweder Mexiko fënnt

Chineseschen Technologiekonzern verklot US-Regierung
International Neiegkeeten

Chineseschen Technologiekonzern verklot US-Regierung

Huawei-Produite wieren e „Sécherheetsrisiko“, esou d‘US-Regierung, an aus dësem Grond

Weess du, wéi eng Uertschaften sech hannert dëse franséische Nimm verstoppen? – 2
International Neiegkeeten

Weess du, wéi eng Uertschaften sech hannert dëse franséische Nimm verstoppen? – 2

No der éischter Editioun vun dësem Quiz hate mer geduecht,

EU-Sommet: Et brennt ee Liicht um Enn vum Tunnel

EU-Sommet: Et brennt ee Liicht um Enn vum Tunnel

Stonnelaang hunn d‘Staats- a Regierungscheffe vun der Unioun iwwer Finanzhëllefen, vir d‘Zäit no der Kris, beroden a verhandelt. Zur Léisung ass et awer gëschter net komm, Decisioune ginn op ee spéideren Zäitpunkt verluecht. Grond: et feelen d‘Grondlage fir wäitreechend Entscheedungen.

Ëm dës Grondlage soll sech d‘Kommissioun këmmen. Déi gouf beoptraagt d‘Finanzbedierfnesser, vun den duerch d‘Covid19-Pandemie a Matleedschaft gerode Wirtschaftssecteuren, ze erhiewen. Dës Zäit soll genotzt ginn, fir eppes besser Ofschätzen ze kënnen, wéi eng Iwwerraschungen de Verlaf vun der sanitärer Kris bereet hält. Ouni dat léisst sech net schätze wéi vill Geld néideg ass.

An tatsächlech muss een dem Sommet zerguttst halen, dat et wuel politesch nach am einfachsten ass esou ee Fonds unzeleeën. Dës Zuel awer fundéiert ze begrënnen ass den Ament awer onméiglech. A politesch ass et sech zäitlech och net opgaangen, fir ze klären, wat dee richtege Mix vu Kreditter aus engem Coronavirus-Fonds an Zouschëss aus dem neien EU-Budget konkret leeschte kann.

Dat awer läit nees dorunner, datt et der EU an de leschte Méint, jo eigentlech Joren, ni gelongen ass d‘Fro ze klären, iwwer wéi eng eege Finanzmëttel zukünfteg verfügen dierf. Den 1. Juli iwwerhëlt Däitschland de Rotsvirsëtz, an déi si jo eigentlech net dofir bekannt, spendabel ze sinn. Mee och do schéngt sech eppes gedoen ze hunn. Freed sech ob d‘Angela Merkel den Debat och orientéiert kritt.

Endlech Kompromëssbereetschaft

Si hat jo schonn emol am Bundestag zu Berlin den däitsche Parlamentarier ze verstoe ginn, datt si – also Däitschland – zukünfteg däitlech méi Geld wéi bis ewell an den EU-Haushalt wäerten abezuele mussen. Et kéint also tatsächlech schonn am Summer zu éischte Beschlëss kommen. Bis dohinner sollten allerdéngs och schonn déi éischt Milliarden u Spuenien an Italien ausbezuelt gi sinn.

Well esou ganz ouni „Entscheedung“ wollt ee gëschter dann awer net ausenaner goen, firwat sech d‘Staats- a Regierungscheffen op en éischten Hëllefspak zum 1. Juni verstännege konnten. Et soll Fërderkreditter fir mëttelstänneg Entreprisen, Kuerzaarbechtergeld an, fir déi wou et wëllen, soll et zousätzlech Kreditlinnen aus dem europäesche Stabilitéitsmechanissem (ESM) ginn.

EU-SommetDat ass scho richtungsweisend, esou Konsensbereet war ee scho laang net méi, a besonnesch fir d‘Italiener dierft dëse Wee zefriddestellend sinn. De politeschen Drock gëtt esou ewechgeholl, de Spillraum fir Kompromësser erweidert sech, an de véierten EU-Sommet zur Coronavirus-Kris kann ee mat méi Optimismus ugoen. Et gëtt sécherlech villes wat nach ze klären ass mee et geet virun.

Vun dësem Sommet kann een zréckbehalen, datt sech Weeër aus der „Pattsituatioun“ tëscht de Länner am Norden an de Partner am Süden opdinn. An dësem Sënn war et richteg a sënnvoll d‘Entscheedung zäitlech ze verschiben. D‘Aussiicht datt een am Summer zu engem fir all Länner akzeptabele Kompromëss wäert kommen, déi ass zumindest ginn, elo sollten si et net versauen…

mat indymedia/bru

Illustratioun: Kyle Glenn / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, EU-Sommet, Finanzhëllefen, Obilgatioune, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel