Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Frankräich ass vun engem Handelsaccord EU/USA net begeeschtert
International Neiegkeeten

Frankräich ass vun engem Handelsaccord EU/USA net begeeschtert

Am Kader vu sengem Staatsbesuch a Spuenien, huet de franséische

USA: Een zum Dout veruerteelte ka sech net méi erënneren…
International Neiegkeeten

USA: Een zum Dout veruerteelte ka sech net méi erënneren…

Kann de Staat Alabama een zum Dout veruerteelte Mënsch hiriichten,

angry
Katalounien: Éischt prominent Verhaftungen
International Neiegkeeten

Katalounien: Éischt prominent Verhaftungen

Um Méindegowend huet eng Untersuchungsriichterin, déi zwee Leader vun de

EU-Sommet: Theresa May verlaangt vun der EU Argumenter, déi se zu London verdeedege kann

EU-Sommet: Theresa May verlaangt vun der EU Argumenter, déi se zu London verdeedege kann

Den EU-Sommet zu Bréissel steet alt nees bal exklusiv am Zeeche vum Brexit. Keen einfacht Treffen, wann ee bedenkt, datt d‘Premierministesch aus Groussbritannien vun de „Kollegen“ erwaart, Argumenter geliwwert ze kréien, mat deenen si den Accord vum Brexit hire Bierger erkläre kann.

Mir mussen zesummeschaffe fir e Resultat ze erreechen dat mir kënne matdroen an virun eise Matbierger verdeedegen“, esou d‘Theresa May während dem Iesse mat de 27 Staatscheffen an der EU-Regierung. Déi wëllen sech haut zesummesetzen, ouni déi britesch Premierministesch, fir de Punkt ze maachen.

Et ass elo awer esou, datt et virgesinn ass, e Geste ze maachen. Dat gesäit dann esou aus: et gëtt sech EU-Intern op zukünfteg Verhandlunge virbereet. An et ass och richteg, datt een zu London ongedëlleg ass ze gesi wéi et nom Brexit diplomatesch a wirtschaftlech soll a ka weidergoen. Dat Ännert awer näischt drun, datt fir unzefänken d‘Modalitéite vun der Scheedung musse gekläert ginn.

An d‘Angela Merkel bréngt och zimlech direkt op de Punkt: „Et gëtt net genuch Fortschrëtter fir déi zweet Verhandlungsphas unzegoen“. Och den Emmanuel Macron huet sech fir eng staark „Eenheet“ géintiwwer London ausgeschwat: „Mir sinn all vereent bei de Constaten, den Interessen an den Ambitiounen“.

D‘Kanzlerin an de President hunn zur selwechter Eenheet opgeruff, fir d‘Fro vu Katalounien ze behandelen. Si stinn hannert Madrid a kënnen dem Wëllen no Onofhängegkeet näischt ofgewannen. An den EU-Rotspresident Donald Tusk ënnersträicht: „Et besteet kee Fräiraum fir eng Interventioun vun der EU“.

Enner véier Aen

An der Causa „Brexit“ ass virgesinn, datt den EU-Rotspresident sech um Freidegmoien zu engem „véier Aen“ Gespréich mat der Premierministesch trëfft. Den Donald Tusk erhofft sech déi éischt Phas, déi eenzeg der Scheedungsprozedur virbehalen ass, spéitstens beim Sommet am Dezember ofschléissen ze kënnen. Allerdéngs missten d‘Brite méi konkret Virschléi op den Dësch leeën.

Nach ëmmer ongekläert, de Statut vun den EU-Bierger nom Brexit. Et ass awer eng vun den dräi Prioritéite vun der EU, nieft der Reegelung vum finanziellen an dem Grenzverkéier an Irland. An engem oppene Bréif op Facebook, huet d‘Theresa May den dräi Milliounen EU-Bierger verséchert, datt en Accord zum gräifen no ass: „Mir wëllen, datt d‘Leit bleiwen a mir wëllen, datt d‘Familljen zesummebleiwen“.

Beim Iessen also huet d‘May déi aner Staatscheffen opgeruff „e gemeinsamen Effort“ ze maachen, deen an d‘Dynamik vu senger Ried zu Florenz passt. Do hat déi britesch Premierministesch den 22. September zwee Virschléi gemaach: als éischt sech engagéieren 20 Milliarden Euro ze iwwerweise fir d‘Konte mat der EU ze berengegen; als zweet eng Transitiounsphas vun zwee Joer no dem offizielle Brexit am Mäerz 2019.

Elo missten dann awer déi iwwereg EU-Länner och nach erkennen, datt dat eng vum Theresa May ausgestreckten Hand war. Well d‘Onsécherheet datt d‘Verhandlungen ouni Accord op en Enn kéinte goen, ass reell. A nëmmen ugeholl d‘EU géif déi ausgestreckten Hand erkennen, wat kéint dat um Montant vun der Facture – déi tëscht 60 an 100 Milliarden um Enn wäert leien – änneren? U sech näischt.

Einfach nëmmen eng Fro vum Geld

Dat gesäit dann och den hollännesche Premierminister Mark Rutte genee esou. „Et ass besonnesch an haaptsächlech eng Fro vu Geld“, seet de Rutte deen duerchaus iwwerzeegt ass, datt d‘Theresa May „eng gutt Ried“ gehalen huet, leider keng nei Virschléi virgeluecht hätt. Fir d‘Bundeskanzlerin wier zudeem kloer datt: „Ech gesi kee Grond firwat et eis net gelénge sollt. Ech wëll ganz kloer en Ofkommes an kéng Léisung déi net Virauszegesinn ass“.

Ausser dem Brexit, huet beim „Diner“ och nach d‘Aussepolitik fir Diskussioune gesuergt. D‘Memberlänner stinn zesummen hannert dem Nuklearofkommes mam Iran, dee vum Donald Trump a Fro gestallt gëtt. Nordkorea huet weider Sanktioune „versprach“ kritt:

Et ass och – alle viraus Däitschland – doriwwer debattéiert ginn de finanziellen Opwand, dee mat de Bäitrëttsverhandlunge vun der Tierkei zesummenhänkt, ze reduzéieren. Domatter soll Ankara verständlech gemaach ginn, datt ee mat der aktueller Politik net averstanen ass. Virum Digestif huet den Emmanuel Macron sech op e neits fir eng méi protektionistesch EU-Handelspolitik ausgeschwat.

mam Clément Zampa/AFP

Foto: An der Pressekonferenz virum „Diner“ ass och den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker op déi allgemeng Stëmmung wéinst dem Brexit agaangen. © Aurore Belot/AFP

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Brexit, Emmanuel Macron, EU-Sommet, Groussbritannien, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel