Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

24. Walfer Bicherdeeg: Mat Léift zur Literatur, Kultur an der Geschicht
International Neiegkeeten

24. Walfer Bicherdeeg: Mat Léift zur Literatur, Kultur an der Geschicht

Et ass schonn déi 24. Editioun vun de Walfer Bicherdeeg,

D’ULC an d’Banken – Veruerteelung vum Diktat
International Neiegkeeten

D’ULC an d’Banken – Veruerteelung vum Diktat

Schonn nees maachen d’Banken an enger negativer Aart a Weis

50 Joer Cargolux: Fléien am Design vun de 70er!
International Neiegkeeten

50 Joer Cargolux: Fléien am Design vun de 70er!

En halleft Joerhonnert Bestoen feiert d’Cargolux mat engem Fliger am

EU-Sommet am virtuelle Raum

D‘Cheffin huet ee Plang wéi sech d‘Unioun no der Coronavirus-Kris wirtschaftlech erhuele kann

EU-Sommet am virtuelle Raum

En europäesche Sommet per Visiokonferenz ofzehalen ass en Challenge, mee laang net esou eng Erausfuerderung wéi d‘Wirtschaftskris déi sech um Horizont ëmmer méi däitlech ofzeechent. Sech deem unzehuelen ass den Job vun Der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an déi huet dann och zum Optakt nach emol Reklamm fir hire „Plang“ zum Opschwong gemaach.

An hirer Ried sot d‘Ursula vun der Leyen: „De Virschlag vun der Kommissioun ass couragéiert an equilibréiert“. An tatsächlech huet d‘EU-Kommissioun ee scholdefinanzéierte Konjunktur- an Investitiounsprogramm an Héicht vu 750 Milliarden Euro proposéiert. Domadder awer net genuch, zousätzlech soll de pluriannuellen EU-Finanzkader (7 Joer) iwwer 1,1 Billiounen Euro verfügen.

SommetHeibäi géif dann awer net eleng drëms goen, déi vun der Pandemie am stäerkste betraffe Länner ze hëllefen, mee alle Memberlänner, deenen hir Vollekswirtschaft geschwächt ass. Europa misst elo investéieren a reforméieren, fir aus dëser Kris erauszekommen. Op Europa allerdéngs wierklech dank dësem Programm méi modern, also digital an nohalteg wäert ginn, dat bleift ofzewaarden.

Et ass jo elo net, wéi wann de „Plang“ vun der EU-Kommissiounspresidentin fir Euphorie bei de Membere géif suergen. Villen ass d‘Konzept onverständlech, an datt ee soll Geld léine goen, fir dëst dann als Zouschoss oder Subventioun un d‘Kriselänner ze verdeelen, gefält besonnesch de Länner aus dem europäeschen Norden esou guer net. Mee ganz generell, feelt et der EU un Zesummenhalt.

Holland am Widderstand

Ee Land deem d‘Siicht vun der EU-Kommissioun net geheier ass, firwat sech de Widderstand hei besonnesch forméiert, dat ass Holland. Den hollännesche Premier Mark Rutte – deen dank enger ganz besonnescher Steierpolitik ville Länner Steiereinnamen a Milliardenhéicht entzitt an esou net wierklech d‘Kaart vun der Solidaritéit spillt – wëll d‘Finanzhëllef u Strikt Konditioune bannen.

Besonnesch wann et drëms geet esou onbeléifte Partner wéi Italien a Spuenien, déi mat Geld net ëmgoe kënnen, finanziell ënnert d‘Äerm ze gräifen, brauch et Mesuren déi sécherstellen, datt do net de Floribus gedriwwe gëtt. Méi wéi 70% vun den Hollänner, esou ee rezente Sondage, deelen d‘Siicht vum Regierungschef. Woubäi sech hei d‘Meenunge manner op d‘Comptabilitéit bezéien.

Sommet

D‘Bänker hoffen natierlech dat méiglechst vill Geld geléint gëtt. Esou liicht kann ee legal soss och am Finanzsecteur kee Geld verdéngen. Ganz ofgesi vun der Muecht déi esou erlaangt ka ginn.

Vill Hollänner hu virun allem ee Problem domadder, datt et an der EU vill ze vill Differenze gëtt, déi virrangeg aus dem Wee ze schafe wieren. Ënnerscheeder beim Rentenalter, beim Mindestloun an de Steieren – vir emol déi Haaptpunkten ze nennen – géifen net zouloossen, datt een dat ganzt Geld an een Dëppe gehäit. Et gëtt och Stëmmen, déi vum Premier méi Fräizügegkeet verlaangen.

Esou gouf d‘Argument virgedroen, datt ronn 9% vum BIP dem EU-Bannemaart ze verdanke wieren an dat ass gutt zéng mol méi Goss, wéi Holland u Beiträg un d‘EU iwwerweist. Och am Parlament gëtt et ëmmer méi Stëmmen, déi eppes méi „Solidaritéit“ vum Regierungschef fuerderen. Ob dësen déi ënnerschiddlech Revendicatioune a seng Iwwerleeungen afléisse léisst, ass nach net gewosst.

Et trëppelt een op der Plaz

Datt et bei dësem virtuellen EU-Sommet net zum Duerchbroch géif kommen, dat war vun Ufank u gewosst, an d‘Bierger an der europäescher Unioun dierfe scho frou sinn, datt sech d‘Staats- a Regierungscheffen zumindest doranner eens sinn, datt Europa eng gemeinsam Äntwert op déi bedreelech Wirtschaftskris fanne muss. Dat ass schwéier, grad da wa jidderee just no sech kuckt…

Fir den Ament geet dann emol drëms sech „auszeschwätzen“ an erauszefanne wou jidderengem seng rout Linne gezu sinn. De Montant vum Rettungspak zum Beispill, solle 750 Milliarden oder awer nëmme 500 Milliarde sinn? Wéi gëtt dat ausbezuelt? Kréien d‘Beneficiaire d‘Geld geléint oder sollen en Zouschëss sinn déi net zréckbezuelt musse ginn? A wie kritt wéi vill zougestanen?

SommetAlles Froen déi gëschter keng Äntwert erhalen hunn an och esoubal net wäerten erhalen. Et gëtt béis Zongen, déi behaapten, datt wann d‘Staats- a Regierungscheffen sech bis op eng Léisung verstännegt hunn, entweder Kris längst iwwerwonnen ass oder de Staatebond sech opgeléist huet. Anescht ausgedréckt: et presséiert! D‘Zäit ass knapp an den EU-Budget muss bis Joresenn stoen.

Dem EU-Rot an sengem President dem Charles Michel ass de Problem bekannt. Hei sollen elo prioritär d‘Sträitpunkte beroden a behandelt ginn. Dat géif am beschte goe wann ee sech awer physesch géinteniwwer sëtzt, firwat ab Mëtt Juli nees richteg Treffe solle stattfannen. Dann hunn eis däitsch Noperen och d‘Presidence vun der EU. Et muss een also optimistesch bleiwen…

mat indymedia/bru/ams

Foto: D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen an den EU-Rotspresident Charles Michel hunn nach vill Iwwerzeegungsaarbecht ze leeschten. Vill Zäit dofir hunn se net, well bis Dezember muss och de Budget stoen. © EUCO

Ähnlech Sujeten Budget, Coronavirus-Kris, EU-Sommet, Konsens, Scholden, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel