Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

G5 Sahel: Den Terrorismus soll mat enger neier militärescher Allianz bekämpft ginn
International Neiegkeeten

G5 Sahel: Den Terrorismus soll mat enger neier militärescher Allianz bekämpft ginn

Een Dag nom Sommet iwwert d‘Finanzéierung vum „Klima“, verreent Frankräich

dislike
Merkel: Wie Gewalt uwennt verspott d’Demokratie
International Neiegkeeten

Merkel: Wie Gewalt uwennt verspott d’Demokratie

Eng ustrengend Nuecht haten d’Polizisten zu Hamburg. Dat wat sech

Autofestival 2019: Wichteg Warnungen a Rotschléi vum Konsumenteschutz
International Neiegkeeten

Autofestival 2019: Wichteg Warnungen a Rotschléi vum Konsumenteschutz

Am Kader vum Autofestival 2019, réit de Konsumenteschutz (ULC) alle

EU-Sommet zu Tallin mat fromme Wonsch ofgeschloss

EU-Sommet zu Tallin mat fromme Wonsch ofgeschloss

2018 wëll d’EU-Kommissioun nei Reegele virstelle fir d’Gigante vum digitale Beräich besser besteieren ze kënnen. Et soll dann och trotz dem Widderstand vu eenzele Memberlänner duerchgesat ginn, betount um EU-Sommet zu Tallin de Jean-Claude Juncker.

„Am numeresche Secteur mussen d’Steieren do bezuelt gi wou se geschëlt sinn“ betount den EU-Kommissiounspresident um Enn vum „Digitale Sommet“ zu Tallin. „D’EU-Kommissioun mécht d’nächst Joer Virschléi fir eng gerecht Besteierung“, esou de Jean-Claude Juncker.

Primär gëtt hei u Firme wéi Goggle, Amazon, Facebook an Apple (GAFA) geduecht. Dës Entreprise gi reegelméisseg beschëllegt Steieroptimiséierung ze bedreiwen, dat mat Hëllef vun onduerchsichtege Finanztransaktiounen. Esou gëtt den erwirtschafte Profit, deen an der ganzer EU realiséiert gëtt, an ee Land (z.Bsp. Irland oder Lëtzebuerg) iwwerwisen, wou se kaum oder wéineg Steiere bezuele mussen.

Frankräich hat dann och scho Mëtt September bei enger Entrevue tëscht den europäesche Finanzminister eng Initiativ virgeluecht, déi eng Steier op den Ëmsaz (Chiffre d’Affaires) deen an all Land realiséiert gëtt, virgesäit. Also et soll net méi de Benefice berécksiichtegt ginn.

Null Toleranz fir blann Passagéier?

Dës Initiativ ass um Freideg op de Niveau vun de Staatscheffe bruecht ginn. Den Emmanuel Macron hat schonn um Dënschdeg bei senger Ried op der Sorbonne d’GAFA als „Blanne Passagéier vun der zäitgenëssescher Welt“ bezeechent. De franséische President ass dann och iwwerzeegt, datt esou eng Mesure „eng gerecht Finanzéierung vun ëffentleche Besoinen duerch d’Besteierung vun den Acteuren déi den europäeschen Acteure Konkurrenz maachen“, ass.

Laut dem Elysée hätt dës Propose d’Ënnerstëtzung vu gutt 20 Länner, dorënner Däitschland, Italien an Spuenien. Aner Länner awer, wéi Zypern, Malta an Irland, déi gehéierlech vun der fiskaler Konkurrenz innerhalb der EU profitéieren, stäipen sech dergéint.

„Wa mir wierklech wëllen, datt Europa digital gëtt, da si méi Steieren a Reegelen net d’Léisung. Et ass en Fait ganz de Contraire“, argumentéiert zu Tallin den iresche Premierminister Leo Varadkar. Aner Memberlänner bleiwe reservéiert, wëll et hinne léiwer wier wann de Problem um internationalen Niveau, am Kader vum G20 oder der OECD, kéint geléist ginn. Si wëllen domatter verhënneren, datt Länner baussent der EU de fiskale Virdeel vun de GAFA kéinet fir sech notzen.

Foto: Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker plädéiert zu Tallin um „Digitale Sommet“ fir Reegelen déi et sollen erlaben d’Digital-Gigante gerecht ze besteieren. © Janek Skarzynski/AFP

Ähnlech Sujeten Amazon, Apple, Emmanuel Macron, EU-Sommet, Facebook, Goggle, Jean-Claude Juncker, Tallin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel