Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UNO: d‘Nikki Haley kritt sech net géint d‘Hamas duerchgesat
https://moien.lu/how-to-bomb-dating-site/ Neiegkeeten

i want a girl for dating in hyderabad

Et ass eng vu senge leschten Aktiounen, an et hat

https://moien.lu/from-dating-to-boyfriend/
https://moien.lu/how-to-bomb-dating-site/ Neiegkeeten

What the Fakt – De Papp vum Max a Moritz verléisst eis fir ëmmer

De Wilhelm Busch, däitsche Moler, Lyriker an Auteur ass och

Den Hugo, e verkannten Nationalheld?
https://moien.lu/how-to-bomb-dating-site/ Neiegkeeten

Den Hugo, e verkannten Nationalheld?

Dir hutt et villäicht matkrut: Mir haten déi ganz Woch

money

EU-Steierpolitik: e Beschloss gefaasst

EU-Steierpolitik: e Beschloss gefaasst

En Dënschdeg de 15. Januar huet d‘EU-Kommissioun zu Stroossbuerg den Debat zur Reform vum Beschlossverfahren an der EU-Steierpolitik ugestouss. Et ass dat e Beräich an deem géigewäerteg d‘Memberlänner eestëmmeg beschléisse mussen. Mee et ass oft esou, datt bei wichtegen Initativen keng Eestëmmegkeet erziilt ka ginn, a wann dach, féiert et ganz gären zu deiere Verzögerungen an suboptimale politesche Resultater.

An där um Dënschdeg verëffentlechter Matdeelung gëtt eng „Feuille de Route“ virgeschloen, fir a bestëmmter Beräicher vun der gemeinschaftlecher Steierpolitik schrëttweis a geziilt zu engem Beschloss mat enger qualifizéierter Majoritéit, am Kader vun engem uerdentleche Gesetzverfahren iwwerzegoen, wéi dat schonn an de meeschten anere politesche Beräicher vun der EU üblech ass. Dës Méiglechkeet ass zudeem och an den europäesche Verträg esou virgesinn.

Et ass dann och esou, datt am Kader vun engem Beschloss mat qualifizéierter Majoritéit, d‘Länner an der Lag wieren, méi séier, méi wierksam a méi demokratesch Kompromësser an der Steierpolitik ze fannen, esou datt dat vollt Potential vun dësem politesche Beräich ausgeschëpft géif ginn. Dat uerdentlecht Verfahre fir d‘Gesetz, géif zudeem derzou bäidroen, datt d‘EU-Parlament e konkrete Bäitrag leeschte kéint, an esou d‘Usiichte vun de Bierger besser vertruede géifen.

D‘EU-Kommissioun schléit net vir, d‘Zoustännegkeete vun der EU am Beräich vun der Besteierung ze änneren, oder d‘Recht vun de Memberlänner, no eegenem Ermiessen Akommessteier oder Kierperschaftssteier unzepaken. Et géif hei drëms goen, d‘Memberlänner an d‘Lag ze versetzen, op effizient Aart a Weis, hir scho gebündelt Steiersouveränitéit auszeüben, an esou méi séier op gemeinsam Erausfuerderunge reagéieren ze kënnen.

De Jean-Claude Juncker ass dofir

Den EU-Kommissiounspresident, Jean-Claude Juncker, dee sech a senge leschte Rieden zur Lag vun der Natioun fir en Iwwergang zu enger qualifizéierter Majoritéit ausgeschwat hat, huet nach emol betount: „Ons ëmmer méi globaliséiert Vollekswirtschafte sinn op modern an éiergäizeg Steiersystemer ugewisen. Ech si weiderhin ausdrécklech dofir, bei zukünftege Froe vu Besteierung an eiser Unioun zur Beschlossfäegkeet mat qualifizéierter Majestéit iwwerzegoen“.

Fir den EU-Kommissär Pierre Moscovici steet fest: „Säit dem Entstoe vun der Gemeinschaft viru 60 Joer, ass d‘EU um Gebitt vun der Steierpolitik aktiv. Während an de 50er Joren, mat sechs Memberen, d‘Eestëmmegkeet nach Sënn gemaach huet, esou ass dat haut net méi de Fall. Dës Regel erschéngt anachronistesch, rechtlech problematesch a wirtschaftlech kontraproduktiv“. De Kommissär ass sech bewosst, datt et sech heibäi ëm e kriddelege Sujet handelt.

De Prinzip vun der Eestëmmegkeet huet dozou gefouert, datt wichteg Propose fir Wuesstem, Kompetitivitéit a Steiergerechtegkeet am Bannemaart, säit Jore festgefuer sinn. Net ze vergiessen, datt dat europäescht Parlament bei dëse Beschlossverfahren, leedeglech eng berodend Funktioun huet. Mat deem gemaachte Virschlag, kéint et an der EU zu enger neier Dynamik kommen, an d‘Unioun weltwäit als féierend Kraaft duerstellen, wann et drëms geet Léisungen ze fannen.

matgedeelt vun der europäescher Unioun, iwwersat a resuméiert vum Laure Schlesser

Weider Informatiounen:

Ähnlech Sujeten Bréissel, EU-Kommissioun, EU-Parlament, EU-Steierpolitik, Stroossbuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel