Search

You may also like

money
CNFP: Recommandatioune sinn nëmmen da gutt wann een se unhëlt
Neiegkeeten

CNFP: Recommandatioune sinn nëmmen da gutt wann een se unhëlt

Um Méindeg huet den CNFP (Nationalrot fir ëffentlech Finanzen) de

Den iresche „JO“ zum Schwangerschaftsofbroch ass eng Néierlag fir d’Kierch
Neiegkeeten

Den iresche „JO“ zum Schwangerschaftsofbroch ass eng Néierlag fir d’Kierch

De „massive“ Jo vun den Iren zum Recht op de

D’Cité Bibliothéik feiert 10 Joer
Neiegkeeten

D’Cité Bibliothéik feiert 10 Joer

Zum 10te Gebuertsdag vun der Cité Bibliothéik huet de Schäfferot

EU-Talk zur Vakanz 2020 – Dat kann nach eppes ginn!

EU-Talk zur Vakanz 2020 – Dat kann nach eppes ginn!

Reegelméisseg invitéiert d’Europäescht Parlament zu Lëtzebuerg op seng sougenannt Webinaren, wou iwwert digital Konferenzen Aktualitéiten ugeschwat ginn. Haut goung et dorëm, ob et dëst Joer iwwerhaapt méiglech ass Vakanz ze maachen, wéi dat genee soll ausgesinn a wou d’Erausfuerderunge leien. Wierklech eppes Neies ass een net gewuer ginn. D’Gäscht ware sech awer eeneg, datt nach vill Onstëmmegkeeten herrschen.

Dës Kéier mat dobäi waren den Europa-Deputéierten Marc Angel, den Tourismusminister Lex Delles, de CEO vun der Horesca François Koepp, de President vun der ULAV Fernand Heinisch an d’Europa-Deputéiert Tilly Metz.

Vakanz 2020

Eréischt de 15. Juni sollen d’Reesbeschränkungen an d’Kontrollen an den EU-Bannegrenzen opgehuewe ginn. Aktuell ass et nach immens onkloer, wou een hireese kann a soll, jo wou een als Lëtzebuerger iwwerhaapt eragelooss gëtt. Eleng am Groussherzogtum mécht den Tourismus 10 % vum PIB aus, 30.000 Aarbechtsplazen hänken hei am Land vum Secteur of. Europawäit sinn et der souguer 27 Milliounen.

Dofir steet fest: Den Tourismus muss ënnerstëtzt ginn. Eng Ausso, déi méi liicht ausgeschwat, wéi gemaach ass. Net nëmmen d’Eenzelpersoun, mee och Reesbüroen hunn hir Schwieregkeeten am ganze Chaos den Duerchbléck ze behalen. Wëll et keng Koherenz an der EU an eenheetlech Moossname ginn, muss oft individuell an den Hoteller, Restauranten a Servicer nogefrot ginn, wéi d’Lag ausgesäit.

Esou schéngt et, wéi wa Vakanz Doheem an dësem Joer ganz grouss geschriwwe gëtt. Mat zuelräichen a villfältegen Initiativen, wéi beispillsweis dem Bong vu 50 € fir am Groussherzogtum vum Hebergement ze profitéieren, de Moossnamen am Kader vum „Vëlosummer 2020“ oder och der Verëffentlechung vun informative Broschüren, gëtt de Secteur am Land gefërdert.

Heibäi ass virun allem den naturnoen Tourismus ervir gehuewe ginn. Tatsächlech géif den Tourist, deen op Lëtzebuerg kënnt, besonnesch déi pittoresk Landschaften a fantastesch Natur am Gediechtnes behalen. A grad elo bidden d’Campinger, déi bei eis am Land oft u Bëscher a Flëss leien, sou wéi d’Vëlosweeër an zuelräich Trëppelweeër, déi ideal Méiglechkeet eng sozial Distanz ze halen.

En Detail, dat besonnesch an de Fokus geréckelt ginn ass, war awer, datt den Tourist direkt bei der jeeweilegen Infrastruktur buche soll, an net iwwer aner Plattforme fuere soll. Esou kommen d’Sue sécher all beim ausgewielte Service un.

Vakanz 2020

© Thibault Milan / Unsplash

Reesen op europäeschem Niveau

Wichteg fir den Tourismus sinn oppe Grenzen, oppe Fluchhäfen an de Courage ze reesen. Net nëmme fir den Hebergement, mee och fir d’Horesca sinn zoue Grenzen Gëft fir d’Geschäft. De François Koepp huet dobäi ënnerstrach, datt Lëtzebuerg wuel dat eenzegt Land war, dat den europäesche Geescht a sech dréit. Mir hätten d’Grenzen net zougemaach, dofir awer d’Nopeschlänner, woubäi esou Grenzschléissunge just hëllefen, datt de Virus sech manner schnell verbreet.

Um 13. Mee 2020 soll e Pak mat Richtlinnen zum Tourismus a Verkéier vun der EU-Kommissioun erauskomm sinn. Wier et net elo, bal e Mount méi spéit, un der Zäit fir genee dës Richtlinnen ze aktualiséieren?

D’Europa-Deputéiert Tilly Metz ass op alle Fall frou iwwert dësen Input an huet d’Kommissioun zu engem Tourismussommet am Hierscht opgeruff. Et ass jo och logesch sech eréischt nom Summer, wann d’Majoritéit vun de Vakanze gelaf sinn, zesummenzesetzen, fir iwwert de Secteur ze diskutéieren.

Vakanz 2020

© ConvertKit / Unsplash

Vill Wieder, wéineg Inhalt

En déck Stonn ass de Webinar op Zoom gelaf. Am Endeffekt weess een elo awer net méi, wéi virdrun. Zum Gléck wësse mir awer elo wou d’Invitéeën hir Vakanz verbrénge wäerten!

D’Tilly Metz ass optimistesch bei d’Famill vun hirer Fra an Italien kënnen ze reesen. De Marc Angel huet virgesinn am August vun der räichhalteger Offer zu Lëtzebuerg ze profitéieren an uschléissend eng Aart Road-Trip an Europa, respektiv der Grenzregioun ze maachen. Wéi ee sech et schonn erwaart huet steet beim Lex Delles alles ënnert dem Motto „Vakanz Doheem“ an esou wäert hien d’Ecker vum Land besichen. Seng Pläng hunn trotz der Pandemie net changéiert.

Ma, fir de François Koepp ass d’Vakanz net wierklech eng Prioritéit. Et gëtt aktuell vill ze dinn, mee e probéiert awer vun de puer wéinege fräien Deeg ze profitéieren. De Fernand Heinisch ass frou, duerch de Wunnsëtz un der Musel quasi all Dag eng Zort Vakanz ze hunn. Trotzdeem huet hien säi Fluch fir a Spuenien gebucht. Den Tourismus muss schliisslech a ganz Europa ënnerstëtzt ginn.

Hei kënnt Dir déi ganz Diskussiounsronn nach emol kucken:

Opmaacherbild: © Mantas Hesthaven / Unsplash

Related topics EU-Talk, Europa, Fernand Heinisch, François Koepp, HORESCA, Inkoherenz, Lex Delles, Luxair, Marc Angel, Onkloerheeten, Tilly Metz, Tourismus, VAKANZ 2020, Vakanz doheem, Vakanzendestinatioun, Webinar
Next post Previous post