Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Staatsbeamte geroden an d’Schweessen: 2. Editioun vum Sportsdag
International Money Neiegkeeten

Staatsbeamte geroden an d’Schweessen: 2. Editioun vum Sportsdag

Reegelméisseg Beweegung deet bekanntlech Kierper a Geescht gutt. Esou wëll

Lyon: Attentat an der Foussgängerzon
International Money Neiegkeeten

Lyon: Attentat an der Foussgängerzon

Am Zentrum vu Lyon (Frankräich) ass am spéiden Nomëtteg bei

Nationalfeierdag 2019: Beréierend Éierungen an der Philharmonie!
International Money Neiegkeeten

Nationalfeierdag 2019: Beréierend Éierungen an der Philharmonie!

Am Kader vun de Festivitéiten zum dësjäregen Nationalfeierdag hunn S.A.R.

money

En eenzegt Trauerspill

D‘Staats- a Regierungscheffe vun der EU sollen ee Krise-Konjunkturplang an den EU-Haushalt bis 2027 op d‘Been stellen

En eenzegt Trauerspill

Den europäesche Finanzsommet, bei deem et nieft dem ominéise Konjunkturplang an Héicht vu 750 Milliarden Euro, fir d‘iwwerwanne vun der, duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste, Kris och nach ëm de pluriannuelle Budget vun der Unioun geet, erlaabt en déiwen Abléck an de Gruef, deen den d‘Chrëschtdemokraten zesumme mat de Sozialisten zu Bréissel ausgehuewen hunn.

Et war gewosst, datt den éischte Sëtzungsdag net einfach géif ginn, woubäi den EU-Rotspresident Charles Michel scho Recht hat, déi ëmstriddenst Punkten zur Erëffnung vum Finanzsommet op de Leescht geholl huet. Erwaardungsgeméiss ass sech dann och iwwert Stonne gestridde ginn, wéi et mam Rabatt fir déi grouss Bäitragszueler, an de Konditioune fir Finanzhëllef aus der Kris ausgesäit.

Eis däitsch Noperen hunn zanter dem 1. Juli d‘EU-Rotspresidence an hunn sech mat de Fransousen op eng Gemeinsam Linn verstännegt. Dat erkläert dann och firwat d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel den Debat mat „mir mussen openaner duergoen. Et brauch grouss Kompromëssbereetschaft vun alle Membere, wa mir eppes wëllen hikréien, dat fir Europa gutt ass“, lancéiert huet.

De franséische President Emmanuel Macron huet sengersäits vun der „Stonn vun der Wourecht“ geschwat a vun de Kolleegen „Solidaritéit an Engagement“ gefuerdert. Mee scho bei der Solidaritéit gesäit et éischter Moer aus an beim Engagement scheitert et meeschtens un de perséinleche wéi och nationalen Interessen. Wéi een do soll ee Kompromëss „fir“ d‘Unioun a seng Bierger fannen?

Ouni awer geet et an och d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet ee Plaidoyer fir den Zesummenhalt an d‘Solidaritéit gehalen. „Déi ganz Welt kuckt op Europa a wëll gesinn ob mir fäeg sinn zesummen opzestoen“, esou d‘Ursula vun der Leyen, déi ënnersträicht, datt d‘Leit dat vun dësem erwaarden. D‘Mënschen hunn Zukunftsängschten a fäerten ëm hir Aarbechtsplazen.

An der EU, esou d‘Experte wéi d‘Kommissioun selwer, ass mat engem Wirtschaftsabroch vun iwwer 8% auszegoen. Dat bedeit de Verloscht vun honnertdausenden Aarbechtsplazen, woubäi ee sech ëm déi Räich elo net direkt muss gréisser Suerge maachen. Krise gi fir gewéinlech zu laaschte vun de Lounofhängegen iwwerwonnen, déi „aner“ kenne Mëttel a Weeër sech drun ze beräicheren.

750 Milliarde fir e Konjunkturprogramm

Nach iert iwwert de pluriannuelle Budget bis 2027 ka gestridde ginn, muss emol fir unzefänke gekläert ginn, wéi een den zwéngend noutwennege Konjunktur- an Investitiounsprogramm zur Bewältegung vun der Wirtschaftskris an dréchen Dicher bréngt. Fir déi ugestriefte 750 Milliarden Euro Finanzhëllef, soll sech d‘EU fir déi éischte Kéier an hirer Geschicht verschëlden.

Dovunner sollten da 500 Milliarden Euro als Zouschëss un déi bedierfteg Länner iwwerwise ginn, 250 Milliarde sollen als „Kredit“ verdeelt ginn. Dat alles muss natierlech am Kontext vum nächste Budget – deen nach emol iwwer 1.000 Milliarden Euro schwéier ass – diskutéiert ginn. Datt hei Italien a Spuenien, déi zolidd ënnert dem Covid19 gelidden hunn, Drock maachen, ass verständlech.

Déi sougenannt „spuersam véier“ (Dänemark, Éisträich, Holland a Schweden) wëllen sech awer net ënner Drock setze loossen. Si sinn net mam gesamte Montant averstanen, a fannen och näischt Gutts um Prinzip vun den Zouschëss, der Aart a Weis wéi se solle verdeelt ginn, wéi d‘Verwendung vum Geld soll kontrolléiert ginn. Den éisträichesche Kanzler hält ee Konsens awer fir méiglech.

Net esou iwwerzeegt kléngt den hollännesche Ministerpresident Mark Rutte. Dee verlaangt datt d‘Beneficiaire vun der Finanzhëllef net nëmme Reformen zousoen, mee déi sollen ëmgesat hunn, iert de Geldkrunn opgedréit gëtt. „Wa Kreditter bis zu engem gewësse Grad an Zouschëss solle verwandelt ginn, da si Reformen néideg an d‘Garantie an se wierklech stattfonnt hunn“.

Mee net nëmmen déi „Véier“ hu bedenken. Och aner Länner hu Virbehalter a Fuerderungen, esou wéi beispillsweis Tschechien, dat d‘Autosindustrie stäipe wëll. Polen ass sengersäits dergéint, datt d‘Finanzhëllef mat Ëmweltoplagen oder dem Respekt vun der Rechtsstaatlechkeet verknäppt gëtt. Dem Viktor Orban geet et dogéint nëmmen ëm d‘Rechtsstaatlechkeet, an dat aus guddem Grond.

De Freideg ass op en Enn gaangen ouni datt et Aussiichten op ee Konsens gëtt. Dat war schonn am Virfeld ze erwaarden, d‘Positioune ware schliisslech bekannt. Haut geet et dann an déi zweet Ronn, an och hei zeechent sech den Ament keng Kompromëssbereetschaft of…

mat indymedia/bru

Foto: De Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel dierft och eng Rei Awänn a Propose mat am Gepäck hunn. Eis Land gehéiert jo och ze de „grousse“ Bäitragszueler, wat an der Chamber deels hefteg kritiséiert ginn ass. Et bedeit allerdéngs och, datt mir wirtschaftlech éischter gutt opgestallt sinn. Un eis soll ee méigleche Kompromëss dann och net scheiteren. © Xavier Bettel (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Covid19, EU-Budget, EU-Sommet, Finanzhëllefen, Finanzsommet, Reformen, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel