Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kommandant vun US-Küstewaach verdeedegt Transgender-Personal
International Neiegkeeten

Kommandant vun US-Küstewaach verdeedegt Transgender-Personal

De Kommandant vun der amerikanescher Küstewaach, Paul Zukunft, huet haut

D’MS Aquarius gezwongen seng Missioun anzestellen
International Neiegkeeten

D’MS Aquarius gezwongen seng Missioun anzestellen

Während Refugiéeë, Migranten an Asyl-Demandeure weider am Mëttelmier erdrénken, ass

Nei Katakombe fir d’Wiichtelcher
International Neiegkeeten

Nei Katakombe fir d’Wiichtelcher

Leschte Freideg, de 7. Juni 2019, huet den FC Avenir

Wéi steet d’EU am Verglach zum Recht vun der Welt do?

E Verglach tëscht PIB, Bevëlkerung a Stroumverbrauch

Wéi steet d’EU am Verglach zum Recht vun der Welt do?

Mat dëser Fro setzt sech den Eurostat auserneen a vergläich dofir verschidden international Statistiken. Do huet sech nämlech an de leschten Joerzéngte ganz vill gedoen. Zwar spillt d’EU ëmmer nach eng immens wichteg Roll, virun allem am wirtschaftlechen, mee duerch déi ënnerschiddlechst Entwécklungen ass et awer zu Verännerungen an der Dynamik komm.

Dat gesäit ee beispillsweis schonn un der Weltbevëlkerung. 1965 hunn nach 13% vun der Weltbevëlkerung an der EU gelieft. Bei de G20 waren dëst der 1965 ganzer 73%, elo just nach 64%. An der Tëschenzäit sinn et virun allem China an Indien, déi hiren Undeel un der Weltbevëlkerung konnten ausbauen.

Beim PIB ass a bleift d’EU op der zweeter Plaz. Am Feld dohanner huet sech awer munches gedoen.

Mee och beim PIB gëtt et eng Verännerung, och wann se am Fall vun der EU net esou drastesch ass. Well d’EU kann seng Positioun vun der 2. Plaz hannert den USA behalen. An och d’G20 bleiwen do absolut un der Spëtzt well och 2016 nach 86% vum globale PIB vun dëse Länner erwirtschaft gouf.  Gréissten Opsteiger sinn – wéineg iwwerraschend – China an Indien. China konnt säin Undeel vun 2006 op 2016 vu 5% op 15% (China) steigeren. Der EU hiren Undeel ass am gläichen Zäitraum vun 30% op 22% zeréckgaangen. Duerch de Wuesstem vu China ass Japan vu senger eemoleger drëtter Plaz erofgestouss ginn.

Bei der erneierbarer Energie spillt d’EU och eng positiv Roll. Mëttlerweil decke mer 14% vun eisem Stroumverbrauch duerch erneierbar Energien. Do si mer e gutt Stéck viru China (9%) an den USA (7%). Leider si mer do net un der Spëtzt: Brasilien (40%), Indonesien (33%), Indien (25%) a Kanada (18%) sinn eis do nach viraus. Saudi-Arabien kënnt dogéint op 0%, Südkorea a Russland all kéiers nëmmen op 3%.

 

Ähnlech Sujeten Bevëlkerung, China, Erneierbar Energien, EU, Europa, US, Wuesstem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel