Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Night, Light & More: LiichtKlangConcert un dësem Freideg!
International Neiegkeeten

Night, Light & More: LiichtKlangConcert un dësem Freideg!

Eng ergräifend Mëschung aus Luucht a Musek gëtt e Freideg,

Déi Belsch Regierung ass un der Migratiounsfro gescheitert
International Neiegkeeten

Déi Belsch Regierung ass un der Migratiounsfro gescheitert

De globalen UN-Migratiounspakt, dee vun den flammänneschen Nationalisten denoncéiert gouf,

USA: Fir „Klicks“ op YouTube ze kréien… de Frënd erschoss
International Neiegkeeten

USA: Fir „Klicks“ op YouTube ze kréien… de Frënd erschoss

Eng 20 järeg Amerikanerin ass um Mëttwoch zu 6 Méint

D’Vertrauen an d’EU klëmmt. Mee d’Suerge bleiwe weider grouss!

Terrorismus, Jugendaarbechtslosegkeet an Immigratioun si wichteg Theme fir d'Leit

D’Vertrauen an d’EU klëmmt. Mee d’Suerge bleiwe weider grouss!

Bei aller Euroskepsis, déi een online héiert, schloen dës Zuelen dach emol ganz aner Téin un. 67% vun de befrote Persounen hunn uginn, datt hiert Land vun der Inclusioun an der EU profitéiere géing. Dat ass den héchste Stand zënter 1987. 60% soten, datt et eng gutt Saach ass, Member ze sinn. Lëtzebuerg fënnt een do un der Spëtzt: Ganzer 85% vun de befrote Persoune (hei am Land waren dat der 507) sinn dëser Usiicht. Dës Zuele sinn an engem Pressecommuniqué vum europäesche Parlament ze liesen a baséieren op enger EUROSTAT-Ëmfro.

Eng Majoritéit (15 vun 28) vun den EU-Länner ass der Usiicht, datt hier Stëmm an Europa gehéiert géif ginn. Dës Länner maachen allerdéngs nëmmen 48% vun der Populatioun aus. Nëmmen 1 vun 3 Europäer géing awer an den Europawahle wiele goe well e mengt, datt seng Stëmm eppes ännert. Ëmmerhi sinn dëst méi, wéi nach 2014, wou nëmmen 19% un den Europawahlen dëst als Begrënnung uginn huet.

De Sënn vun der demokratescher Bedeelegung gëtt ëmmer nach staark hannerfrot

Och wat den demokratesche Wäert vun der Unioun ugeet, kënnt en Opwand. Ëmmerhin sinn 3% méi der Usiicht, datt d’Institutioun demokratesch ass, woumat de Wäert elo bei 43% läit. Zu Lëtzebuerg si 6 vun 10 befrote Persounen dëser Usiicht. D’Format vum Spëtzekandidat, dat sech elo festegt, soll do weider gehollef hunn. A wou mer grad beim Europaparlament sinn: 82% vun de befrote Persounen zu Lëtzebuerg haten eng neutral oder positiv Usiicht, wat dës Institutioun ugeet. 69% vun hinne wéilten esouguer, datt et eng mi grouss Roll spillt.

Nëmmen 49% vun de befrote Persounen waren der Usiicht, datt et wichteg wier, an den Europawahlen seng Stëmm ofzeginn. D’Begrënnung? Si wiere manner wichteg, wéi di national Wahlen.

A wat fir Theme wëllen d’Leit am Wahlkampf vum nächste Joer gäre gesinn? Terrorismus spillt do fir 49% vun de Befroten eng wichteg Roll. D’Jugendaarbechtslosegkeet (48%) an d’Immigratioun (45%) fënnt een direkt dohannert. An obwuel et der EU wirtschaftlech mëttlerweil besser geet, géingen sech 42% Suergen iwwert de Wirtschaftswuesstem maachen. “Paradoxerweis”, wéi am Communiqué ze liesen ass.

A ganz Europa goufen hei 27.601 Bierger befrot.

Ähnlech Sujeten EU, Europa, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel