Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-President ass vum eegenen Affekot virgefouert ginn
International Neiegkeeten

US-President ass vum eegenen Affekot virgefouert ginn

Den US-President Donald Trump huet en Dënschdeg en „duebele“ juristesche

D’Rotondes blécken zeréck: Een aussergewéinlecht Joer 2019
International Neiegkeeten

D’Rotondes blécken zeréck: Een aussergewéinlecht Joer 2019

Am kulturelle Beräich hu sech déi lescht Méint vun der

Däitschland: Zoff tëscht de konservative Schwësterparteien
International Neiegkeeten

Däitschland: Zoff tëscht de konservative Schwësterparteien

Zrécktrieden oder bleiwen? Tëscht dem däitschen Inneminister Horst Seehofer (CSU)

Wëllen d‘Russen d‘EU-Wahl beaflossen?

EU-Kommissärin hält Amëschung vu Moskau fir wahrscheinlech...

Wëllen d‘Russen d‘EU-Wahl beaflossen?

Ob et nëmme Propaganda ass oder d‘Vera Jourova, déi tschechesch EU-Kommissärin fir Handel a Konsumenteschutz, seng „Warnung“ op Tatsaache stëtzt ass net gewosst. Mee si schéngt definitiv iwwerzeegt ze sinn, datt d‘Russen d‘EU-Wahl beaflosse wëllen.

Datt et schonn ëmmer „auslännesch Interessen“ un de Walen an Europa ginn huet, an och Europa sech gären a Wahlkämpf amëscht, gehéiert zum diplomatesche Geschäft. Hei ass sech elo awer d‘Vera Jourova sécher, datt d‘Russen d‘Wahle manipuléiere wëllen. Si rifft d‘Europäer op, „net zouzeloossen, datt an engem Memberland d‘Wahlen duerch Manipulatioune verfälscht ginn“.

Elo ass et richteg, datt organiséiert Desinformatiounskampagnen dem demokratesche Prozess net entgéint kommen, a ee grad an de sozialen Netzwierker engem „digitale Wettrëschten“ entgéint bléckt. Mee dës Desinformatiounskampagne gëtt et och bannent der EU a säitens den USA. D‘New York Times behaapt sech drop, datt et Vergläicher mam Presidentschaftswahlkampf vun 2016 gëtt.

Verdächteg Aktivitéiten

Laut der EU-Kommissärin, géif et masseg verdächteg Konten, déi esouwuel populistesch wéi lénk „Radikaler“ ënnerstëtze géifen. Fir deem entgéintzewierken, huet den auswäertegen Déngscht vun der EU eng Eenheet mam Numm „StratCom“ (soll wuel fir „strategesch Kommunikatioun“ stoen) gegrënnt. StratCom soll de Kampf géint Desinformatioun ophuelen an no de Wahle weiderféieren.

beaflossen

Interessant datt d‘Vera Jourova nëmmen am Russ eng Bedreeung wëll erkannt hunn. Dee frëndleche Kärel op eisem Bild, huet et allerdéngs och Fauschtdéck hannert den Oueren, an hien ass net deen eenzegen deen en A op d‘EU-Wahlen huet. Et gëtt dann och net vun ongeféier hir behaapt, datt et sech hei ëm Schicksalswahle fir Europa handelt… (Collage by Mary)

Bannent dëser Eenheet gëtt et déi „East StratCom Task Force“, dat ass d‘Aarbechtsgrupp déi geziilt russesch Medien auswäert, a manipuléiert Informatiounen och an anere Publikatioune soll opdecken oder zumindest identifizéieren. Och de litaueschen Ausseminister Linas Linkevicius ass der Usiicht, datt d‘EU-Wahlen als „Test“ fir d‘Ofwiermechanissem bei Wahlmanipulatiounen ze betruechte sinn.

De falsche Frënd

Komesch an dësem Kontext: d‘Vera Jourova geet mat kenger Silb ob d‘Manipulatiounen an déi quasi lobbyistesch Tätegkeet vum Steve Bannon an. Den Donald Trump, deen sech zwar am Januar 2018 vum Populist „getrennt“ huet, ass offensichtlech ganz erfreet doriwwer, datt dësen déi Kräften ënnerstëtzt – och finanziell – déi d‘europäesch Unioun vu bannen eraus zerstéiere wëllen…

De Steve Bannon ënnerstëtzt esou zimlech all rietsradikal an ultranationalistesch Formatioun, déi sech mat Kandidaten zur EU-Wahl opgestallt huet. Mee fir d‘Vera Jourova geet déi gréisste Gefor vu Russland aus. Eng Gefor fir déi „europäesch Demokratie“ geet awer virun allem vun den eegene Memberen aus. Populismus, Korruptioun a virun allem national Interessen, stellen d‘EU a Fro.

mat indymedia/bru

Foto: „D‘Russe wëllen d‘EU-Wahle beaflossen“, esou d‘Vera Jourova, EU-Kommissärin fir Konsumenteschutz, Justiz a Geschlechtergläichheet. Dat ass bestëmmt richteg, mee et sinn beileiwen net déi eenzeg… © EP

Ähnlech Sujeten Desinformatioun, EU-Wahlen, Europawahlen 2019, Russland, Sozial Netzwierker, Steve Bannon, Vera Jourova
Nächsten Artikel Virrechten Artikel