Search

You may also like

Brexit: London a Bréissel beschléissen en Accord-Projet
International Neiegkeeten

Brexit: London a Bréissel beschléissen en Accord-Projet

En Dënschdeg huet déi britesch Regierung duerchblécke gelooss, datt et

money
En Armageddon fir déi ëffentlech Finanzen
International Neiegkeeten

En Armageddon fir déi ëffentlech Finanzen

Wann de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) op déi ëffentlech Finanze

Editorial: Staatleche Clientelismus oder scho gewollt béis Absicht
International Neiegkeeten

Editorial: Staatleche Clientelismus oder scho gewollt béis Absicht

Datt moien.lu elo méiglecherweis net zu de beschte Presseprodukter am

EU-Wahlen 2019: Facebook wëll nei Reegele fir d‘Wahlwerbung aféieren

Amerikanesch Skandal-Entreprise wëll onerwënscht Agrëff an de Wahlkampf verhënneren

EU-Wahlen 2019: Facebook wëll nei Reegele fir d‘Wahlwerbung aféieren

De Bedreiwer vum gréisste Sozialnetzwierkreseau op der Welt, wëll virun den EU-Wahlen am Mee bei der Wahlwerbung eppes méi genee hikucken. Sënn an Zweck soll et sinn, onerwënscht Agrëff vu „baussen“ ze verhënneren. Wéi een et net mécht, hu si mat Cambridge Analytica demonstréiert.

An déi sécherlech wichtegst Moossnam déi Facebook elo ergraff huet, oder ergräife wëll, besteet doranner, politesch Reklamm – wann se aus dem Ausland finanzéiert gëtt – ze ënnerbannen. Dat soll derzou bäidroen, datt net aus dem Ausland op déi politesch Meenungsbildung Afloss geholl ka ginn.

Am Blog vum Facebook-Manager Richard Allan gëtt sech drop behaapt, datt déi Verännerung beim Ëmgang mat Wahlwerbung, esou wéi den Asaz vun neien „Instrumenter“ sécherstellen, datt d‘Integritéit vun de Wahle geschützt ass. Interessant wann Amerikaner vun „Integritéit“ braddelen.

Wat awer gemengt ass klengt villverspriechend. Esou ka fir e Kandidat zu Lëtzebuerg, op Facebook an Instagram keng Wahlwerbung aus Italien, China oder Russland geschalt ginn. De Manager huet zudeem betount, datt et zu méi Transparenz bei alle Forme vun der politescher Reklamm kënnt.

Et ass net déi éischte Kéier datt Facebook Wahlwerbung reguléiert. Dat war scho bei de Walen an Indonesien esou, an och am Hiecht 2018 fir d‘Parlamentswahlen am Kanada, hat et Aschränkunge ginn. D‘Reegele gëllen dann och fir all Form oder Zort vu politescher „Reklamm“.

Laut dem Richard Allan, ass vun der Moossnam all Publicitéit betraff, egal ob se fir oder géint eng Partei oder e Kandidat geriicht ass. Wien eng Reklamm schalte wëll, muss sech identifizéieren a säi Standuert uginn. Et muss och kloer sinn, wien fir d‘Verëffentlechung vun der Reklamm bezilt.

Interessant, d‘Reklamme sollen an enger ëffentlech zougänglecher Datebank gespäichert ginn, dat iwwert en Zäitraum vu 7 Joer. Gutt datt de FB-Manager awer weess, datt de Mëssbrauch net ëmfänglech verhënnert ka ginn, seng „Géigner“ wieren dofier kreativ a finanziell gutt opgestallt.

Related topics EU-Wahlen, Europawahlen 2019, Facebook, Richard Allan, Transparenz
Next post Previous post