Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rohingyas am Bangladesch: eng Communautéit vrum Ofgrond
International Neiegkeeten

Rohingyas am Bangladesch: eng Communautéit vrum Ofgrond

Zanter dem 25 August, esou de Communiqué vun Dokteren ouni

Wéi feiert Mamer de Nationalfeierdag?
International Neiegkeeten

Wéi feiert Mamer de Nationalfeierdag?

Während sech um Virowend vum Nationalfeierdag de Gros vun den

Analys: Wann d‘Gewerkschaften de fundamental Unterrecht a Fro stellen
International Neiegkeeten

Analys: Wann d‘Gewerkschaften de fundamental Unterrecht a Fro stellen

Um Samschdeg haten d‘Gewerkschafte SEW (OGBL), de Landesverband (FNCTTFEL) an

EU-Wahlkampf: FPÖ an Erklärungsnout

Éisträichesche Vizekanzler vun heemlecher Videoopnam iwwerfouert

EU-Wahlkampf: FPÖ an Erklärungsnout

An enger heemlecher Videoopnam ass den éisträichesche Vizekanzler Heinz-Christian Strache (FPÖ) ze gesi wéi hie Staatsopträg géint Wahlkampfhëllef ubitt. Domm fir de Politiker, déi angeblech russesch Oligarchin war e „Fake“ an d‘Opnam war de Medien zougespillt ginn…

Un der Auswäertung vun der heemlech gefilmter Entrevue waren ënnert anerem d‘SZ an de Spiegel bedeelegt. Och déi éisträichesch Wochenzeitung „Der Falter“ (Video) huet sech aktiv bedeelegt. Am Film gëtt d‘Treffen tëscht dem Vizekanzler an dem haidege FPÖ-Fraktiounschef Johann Gudenus mat der falscher Oligarchin aus Russland, an enger Villa op Ibiza dokumentéiert.

Dëst Treffen, dat offensichtlech arrangéiert ginn ass fir de Politiker hannert d‘Liicht ze féieren, huet dann awer e brisanten Inhalt. Esou geet eendeiteg aus der Videoopnam ervir, datt den éisträichesche Vizekanzler duerchaus bereet war seng Séil géint Wahlkampfhëllef anzetauschen. Géif him gehollef wieren am Fall vun enger Victoire, ëffentlech Opträg d‘Géigeleeschtung…

Opgeholl gouf de Video am Summer 2017, virun de Wahle fir den Nationalrot. Interessant, emol ofgesi vun den ëffentlechen Opträg déi der falscher Oligarchin ugebuede goufen, och d‘Ausso vum Heinz-Christian Strache, datt et Mëttel a Weeër gëtt, illegal Parteispenden esou ze placéieren, datt se vum Rechnungshaff net erkannt ginn. Och wéi d‘Oligarchin „hëllefe“ kann, gëtt erkläert.

Esou huet den FPÖ-Politiker senger Gespréichspartnerin virgeschloen, sech mat genuch Aktie vun der „Kronen Zeitung“ anzedecken, fir „e Matsproocherecht“ ze sécheren an esou quasi medial der FPÖ am Wahlkampf ënnert d‘Äerm ze gräifen. Fir ze verstoe firwat esou eppes Sënn mécht deet et gutt ze wëssen, datt déi genannten Zeitung déi éisträichesch Äntwert op d‘Bild-Zeitung ass.

Kee Verstouss géint d‘Rechtsuerdnung

Wéi onbekëmmert hautdesdaags Politiker mat esou Beschëllegungen ëmginn, ass zum deel och der Dommheet oder zumindest „Nonchalance“ vun de Wieler an de Parlamenter geschëlt. An esou huet den Heinz-Christian Strache och net gezéckt dëst Treffen ze bestätegen, leet awer wäert drop, datt et sech ëm eng „privat“ Entrevue handelt, kee Geld gefloss ass an d‘Rechtsuerdnung agehale gouf.

Bei der FPÖ besteet dann elo awer Erklärungsnout. Hire Generalsekretär, Christian Hafenecker, huet an enger Stellungnam bekannt ginn, datt hir Juristen sech derzäit mat dëser Videoopnam beschäftegen, an alles wäerten d‘Weeër leeden, fir déi Leit, wou dës Opnam offensichtlech bewosst a geziilt „illegal“ organiséiert hunn, hire rechtleche Konsequenzen zouzeféieren.

Datt dierf ee getréischt als „Kommunikatiounsoffensiv“ bezeechnen an et sollt een net vergiessen, datt de Video och schonn zwee Joer al ass. Villméi sollt interesséieren, firwat des Opnamen elo eréischt verëffentlecht, respektiv de Medien zougespillt goufen. Et sinn EU-Wahlen an d‘FPÖ huet gutt Chancen seng Kandidaten duerchzesetzen. Dorunner ännert och dëse „Skandal“ näischt.

Vun den Oppositiounsparteie gëtt elo natierlech de Récktrëtt vum Vizekanzler a sengem „Kompliz“ verlaangt. Esouguer vu Neiwahle soll rieds sinn, an den éisträichesche Kanzler, Sebastian Kurz (ÖVP) huet schonn emol eng Stellungnam ugekënnegt. Datt dëse Virfall elo awer sollt zum Broch mam Koalitiounspartner féieren, gëtt vu féierende Politik-Analysten éischter ausgeschloss.

mat indymedia/vie

Foto: Legal, illegal, schäissegal… esou oder ähnlech kann een den Ëmgang mat brisantem Videomaterial ëmschreiwen. Bei der FPÖ jiddefalls ass ee sech kenger Schold bewosst, an et wieren och keng Verstéiss géint geltend Recht festgestallt ginn. Hir Unhänger dierft esou eppes och wéineg stéieren, dofir sollten d‘Auteure vun der Opnam uecht doen, net erkannt ze ginn. Wien op Skandaler opmierksam mécht, gëtt éischter bestrooft, wéi dee wou sech schlecht beholl huet…

Ähnlech Sujeten Christian Hafenecker, Éisträich, EU-Wahlen, EU-Wahlkampf, Europawahlen 2019, Heinz-Christian Strache, Johann Gudenus, Sebastian Kurz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel