Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Festival Cycliste Skoda Garage Serge Tewes: Ännerungen am Verkéier
fear dating reddit Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-chat-rooms-uk-free/

D’Stad Lëtzebuerg informéiert d’Ëffentlechkeet, datt um Sonndeg, de 25. August

online dating site with free chat
fear dating reddit Neiegkeeten

Motorsport: Eng gutt Saison fir de Pilot vu Lechner Racing

Mat enger 3. a 6. Plaz um leschte Rennweekend um

Eng Initiative fir de Respekt vun de Mënscherechter
fear dating reddit Neiegkeeten

Eng Initiative fir de Respekt vun de Mënscherechter

Och an Entreprisen ass eng effikass Ëmsetzung vun der Suergfaltsflicht

Zum Dout vum Eugène Berger: „eng bedenklech Trauer“ (kommentéiert)

Zum Dout vum Eugène Berger: „eng bedenklech Trauer“ (kommentéiert)

Ee Freideg ass um Krautmaart dem Fraktiounschef vun der Demokratescher Partei (DP), Eugène Berger geduecht ginn, deen den 21. Januar am Alter vu grad emol 59 Joer verstuerwen ass. Wann dann awer gesot gëtt, datt den eigentlech allsäits beléifte Politiker „onerwaart“ vun eis gaangen ass, esou stëmmt dat net ganz.

Vill laang Gesiichter a schwaarz Bekleedung hunn e Freideg erkenne gelooss, datt den Dout vum Eugène Berger kengem an der Chamber gläichgülteg ass. Membere vu senger Famill haten op der Tribün Plaz geholl an sinn hei vu fréiere Ministeren an Ambassadeuren encadréiert ginn. d‘Blécker waren all op déi „eidel“ Plaz – wou eenzeg nach d‘Foto vum verstuerwene gestanen ass – geriicht.

De Fernand Etgen, Chamberpresident a Parteikolleg vum Verstuerwenen, huet eng lescht Laudatio fir ee grousse Politiker gehalen, an dësen zu Recht als „sympathesch, effikass, engagéiert an disziplinéiert“ ëmschriwwen. Fir de Premierminister Xavier Bettel, dee siichtlech ergraff war, ass et net nëmmen ee grousse Verloscht fir d‘Land an seng politesch Famill, mee och e perséinlechen.

An och de Gilles Baum, deen de Fraktiounsvirsëtz vum Verstuerwenen iwwerhëlt, huet sengem Parteifrënd e groussen Hommage entgéintbruecht. Esou sot hien, datt den Eugène Berger nach am Dezember iwwert seng grouss Freed bericht huet, seng Duechter an Australien ze besichen a wéi flott et dach ass, mat sengem Bouf klammen ze goen. Mat der Gedenkminutt war et du gedoen…

Wouriwwer een net schwätze sollt

Datt engem den Dout vum Eugène Berger no goen dierf (an och sollt) ass verständlech a gëtt der Persoun gerecht. Den Ëmgang mat den Ëmstänn, déi zum Dout vum Politiker gefouert hunn, dee gëtt dem Eugène Berger leider net gerecht. Wéi mir wëssen, huet de Fraktiounschef vun der DP um Donneschdeg 16. Januar versicht sech d‘Liewen ze huelen, an ass op der Intensivstatioun gelant.

Hei huet dat medezinescht Personal alles gemaach fir den Eugène Berger um liewen ze erhalen, mee den 21. Januar ass hien dann awer verstuerwen. D‘Journalisten déi iwwert d‘Chamberssëtzunge beriichten hunn erlieft, wéi vir d‘Éischt dem Mars di Bartolomeo d‘Wieder am Hals stieche bliwwe sinn an uschléissend de Chamberpresident seng Tréinen net zréckhale konnt.

Zu dësem Zäitpunkt war iwwert d‘Ëmstänn näischt gewosst. Déi awer konnten net wierklech ënnert den Teppech gekiert ginn an d‘Meldung vum versichte Selbstmord war – diskret sécherlech – séier erausgaangen. Esou eng Dot, vun engem Mënsch dee mat zwee Féiss am Liewe steet, sech op eng grouss politesch Famill an ee stabilt soziaalt Ëmfeld beruffe kann, werft dann eng zentral Fro op.

Firwat huet den Eugène Berger sech d‘Liewe geholl?

Bei all der Trauer an dem Respekt déi dës engem ofverlaangen dierf, muss et – schliisslech war den Eugène Berger dat wat een eng „ëffentlech Persoun“ nennt – erlaabt sinn sech ze froen, firwat dëse jo erwisenermoosse beléifte Politiker esou en alles entscheedende Schratt mécht. Wat ee Problem, oder Problemer, hunn de Mann zu dëser Dot gedriwwen? Wéi eng Léiere sollt een dorausser zéien?

A wat elo d‘DP betrëfft: ass et richteg hei ee gesellschaftleche Problem ënnert den Teppech ze kieren? Wier et net ee grousse politesche Gest sech mat den Ursaachen, déi de Virfall ausgeléist hunn, ausenanerzesetzen? Alles Froen déi sech net – wéi et de Journalist vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek treffend bemierkt huet – duerch verschweigen a verleegne beäntwerte loossen.

Eugène

Foto: © Demokratesch Partei / Fraktioun

Ähnlech Sujeten Demokratesch Partei, DP, Eugène Berger, Suizid, Trauer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel