Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Picadilly: Ee Wäin an Wënzerfest ewéi keen anert
dating a catholic seminarian dad daughter dating rules

does carbon dating work

Wien leschte Weekend een Tour laanscht d’Musel gemaach huet, konnt

https://moien.lu/bedste-dating-sider-i-danmark/
dating a catholic seminarian dad daughter dating rules

Wann d‘Natur an d‘Bléi kënnt, leiden d‘Allergiker

Zu Lëtzebuerg sinn ëmmer méi Leit vun Allergië betraff, an

Chamberwahlen: D‘Analyse vun der CGFP
dating a catholic seminarian dad daughter dating rules

Chamberwahlen: D‘Analyse vun der CGFP

D‘Wieler hunn entscheet! Hannert eis läit e kuerze Wahlkampf, bei

EUGH: Belsch Atomkraaftwierker dierfen um Netz bleiwen

EUGH: Belsch Atomkraaftwierker dierfen um Netz bleiwen

Um Méindeg huet den europäesche Geriichtshaff (EUGH) zu Lëtzebuerg entscheet: Bei zwou Anlagen hätt Lafzäit net dierfte verlängert ginn! Trotzdeem dierfen d‘Atomkraaftwierker den Ament weider um Netz bleiwen…

D‘Riichter vum EUGH hu sech gëschter e bedeitend a salomonescht Uerteel gegënnt. Op mannst zwee vun de siwe belschen Atomkraaftwierker hätte längst missen ofgeschalt ginn, oder anescht ausgedréckt: hir Lafzäit hätt net dierfe verlängert ginn. Well si awer och wëllen erkannt hunn, datt et bei der Stroumversuergung zu „Enkpäss“ komme kéint, hu si sech eng Hannerdier opgelooss.

Eng Nouvelle déi bei den Ëmweltschutzorganisatiounen a besonnesch bei Greenpeace net dierft op Versteesdemech stoussen. Déi dierften an dësem Fall de Lëtzebuerger Riichter e reng symbolescht Uerteel ënnerstellen, wat zimlech zoutreffend ass. Dobäi ass et deem wat een an der Belsch als Regierung bezeechent längst bewosst, datt et un der Zäit wier den Industrieschrott anzemotten.

Politesch ass eng weider „Verlängerung“ net méi duerchzesetzen. Net am eegene Land a schonn emol guer net, wann et ëm d‘Nopere geet. Däitschland a Lëtzebuerg sinn sech an dësem Punkt schonn eppes länger eens, datt déi an der Belsch bedriwwen Atomkraaftwierker eng reell Gefor duerstellen. Dat wëll de flammänneschen Ëmweltminister Koen van der Heuwel och erkannt hunn.

De Chrëschtdemokrat huet nom EUGH-Uerteel gemengt: „D‘Atomenergie ass keng Energie mat Zukunft. (…) Mir mussen einfach bei eiser Linn bleiwen. E Stiermer am Fussball dierf och net zweiwelen, wien zweiwelt besteet keng Erausfuerderungen“. Eng sécherlech behäerzegt Ausso, déi awer keen Hiwäis enthält, wéi se an der Belsch elo mat dëser „Erausfuerderung“ wëllen ëmgoen.

Si hu kee Plang!

Mam Uerteel aus Lëtzebuerg hunn esouwuel d‘Regierungen aus Däitschland wéi aus Lëtzebuerg, an esou indirekt och d‘Ëmweltorganisatiounen „Recht“ kritt, ongekläert ass, wéi dat mam Atomausstig bis 2025 klappe soll. Hei muss drun erënnert ginn, datt eis belsch Noperen den Atomausstig schonn 2003 eng éischte Kéier beschloss haten, awer keen e Plang hat, wéi een esou eppes ëmsetze kann.

E puer Joer drop hunn se dunn den Ausstig vum Ausstig beschloss a hire marode Kraaftwierker d‘Lafzäit verlängert. Vu Risiken an Gefore war keng Rieds méi, firwat dann de ganze Misär de Riichter virgeluecht huet misse ginn. Déi hunn elo also geuerteelt a festgestallt, datt déi Lafzäiten op kee Fall hätten dierfe verlängert ginn. Et waren net emol d‘Folge vir d‘Ëmwelt gepréift ginn…

U sech Grond genuch direkt „de Stecker ze zéien“ géif ee mengen, mee d‘Riichter hu Schwächten, an déi wirtschaftlech Interesse schéngen och hinne méi wichteg wéi d‘Sécherheet vun de Mënschen an der Ëmwelt. Si hunn dem belsche Staat also erlaabt d‘Atomkraaftwierker weider lafen ze loosse fir d‘Versuergungssécherheet mat Stroum net ze gefäerden. An dat Argument léisst sech erklären.

Et ass tatsächlech esou, datt eis Noperen all Joers am Wanter un hir energetesch Grenze Stoussen. Iwwer 50% vum Stroum gëtt vun dëse maroden a geféierlechen Atomkraaftwierker hiergestallt, an ouni géifen an der Belsch d‘Luuchten ausgoen. Et sollt een also bedenken, datt d‘Regierung net dee Spillraum huet dee se bréicht, hei zügeg virunzekommen. E „Weider esou!“ kann et och net sinn…

Keng Gefor!

Besonnesch bei den Atomkraaftwierker „Tihange“ an „Doel“ déi direkt un der hollännescher Grenz, net nëmme d‘Liewe vun de belsche Bierger bedreeën, brécht d‘Kritik net of. An um EUGH ass et natierlech och ëm d‘Bléck Doel1 an Doel2 – déi um nordwestleche Wupp vum Antwerpener Hafen ugesidelt sinn – gaangen. Dëst Kraaftwierk ass 43 Joer al, an eng reell existéierend Bedreeung.

Natierlech gëtt et virun Uert ganz ënnerschiddlech Astellungen zur Gefor. Déi eng wieren der Gefor virun der Hausdier gäre lass, anerer maachen sech Suergen iwwert d‘Versuergung mat Stroum, dee si brauche fir hir Betriber um lafen ze halen. Et hänkt also och vum wirtschaftleche Standpunkt of, wéini een ausgetruede radioaktiivt Killwaasser, oder d‘Rëss am Reaktormantel als Gefor ugesäit.

Hannert der Grenz awer ass een do net esou „gedëlleg“ a Versteesdemech huet ee schonn emol guer net. Esou huet déi hollännesch Provënzverwaltung vu Zeeland es méi wéi sat. Si fillt sech vun de belschen Autoritéiten hannergaangen. Et géif weder Kloerheet doriwwer wéi geféierlech dës Anlage sinn, nach wat genee virgesinn ass. Bréissel hält dogéint, eng wierklech Gefor hat ni bestanen…

Foto: D‘Atomkraaftwierk vun Tihange (bei Huy) mat sengen dräi Meiler. (Hullie -CC BY-SA 3.0)

Ähnlech Sujeten Atomkraaftwierk, Doel, EUGH, Lafzäitverlängerung, Tihange
Nächsten Artikel Virrechten Artikel