Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Porsche Mobil 1 Supercup: Gutt Leeschtung vum Dylan Pereira zu Monza
International Neiegkeeten

Porsche Mobil 1 Supercup: Gutt Leeschtung vum Dylan Pereira zu Monza

No technesche Problemer zu Francorchamps, wou de Lëtzebuerger Espoir säi

Wéi gutt kenns du Schëffleng?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Schëffleng?

Am Quiz vun haut dréint sech alles ëm d’Süd-Gemeng Schëffleng.

What the Fakt – D’Emily Dickinson gëtt gebuer
International Neiegkeeten

What the Fakt – D’Emily Dickinson gëtt gebuer

Op den Dag genau ass virun 188 Joer eng vun

EuGH uerteelt an der Flüchtlingsfro: Viktor Orbán net erfreet

EuGH uerteelt an der Flüchtlingsfro: Viktor Orbán net erfreet

Gëschter sinn zu Lëtzebuerg um europäesche Geriichtshaff d‘Kloe vun Ungarn an der Slowakei, am Bezuch op d‘Ëmverdeelung vun de Flüchtlinge bannent der EU, ofgewise ginn. Déi iewescht Riichter sinn esou der Empfeelung vum Procureur General Yves Bot nokomm.

Ungarn an d‘Slowakei waren zesumme mat Rumänien an Tschechien 2015 bei enger EU-Majoritéitsentscheedung iwwerstëmmt ginn. Domatter war festgeluecht, datt ronn 120.000 Flüchtlingen aus Italien a Griicheland mussen ëmverdeelt ginn. Och Polen hat dës Klo ënnerstëtzt an huet bis haut d‘Opnam vu Refugiéë refuséiert.

Déi Länner wieren sech aus „grondsätzlechen Ursaachen“ géint d‘Opnam vu Flüchtlingen.

Déi Länner wieren sech aus „grondsätzlechen Ursaachen“ géint d‘Opnam vu Flüchtlingen. Eng Haltung déi an der EU net gutt ukënnt an zu engem Sträitmarathon gefouert huet. Mam Uerteel vum EuGH ass zwar d‘Situatioun u sech net gekläert, mee et besteet Kloerheet iwwert d‘Flichte vun de Memberstaaten.

Budapest stellt op Stur

De Viktor Orbán, deen de Jean-Claude Juncker op e neits huet missen drun erënneren, datt Solidaritéit op Géigesäitegkeet berout, huet net wëlles d‘Uerteel aus Lëtzebuerg unzehuelen. Hie fillt sech vu senge Kollegen an Europa op d‘Schëpp geholl. Si hätten hie scho virum Summer 2015 getäuscht.

Dat besonnesch beim Punkt wou et ëm Laschteverdeelung bei der Versuergung vun de Flüchtlinge gaangen ass. Net eng Kéier, nee direkt zweemol wier dem Orbán verséchert ginn, datt keen EU-Land bei dësem Thema géif iwwerstëmmt ginn. Eleng dowéinst géif hien déi vun der EU-Kommissioun virgeluechten Quoteregelung mat alle Mëttel bekämpfen.

D‘EU kënnt a Punkto Migratioun- a Flüchtlingspolitik net virun.

D‘EU kënnt a Punkto Migratioun- a Flüchtlingspolitik net virun. Och dat kann een als Erkenntnis nom EuGH-Urteel esou mathuelen. D‘Klo vu béide Länner ass wuel vum EuGH am vollem Ëmfang ofgewise ginn, mee wann se elo awer keng Flüchtlingen ophuelen, dréit hinne schlëmmstefalls eng Geldstrof.

Als interessanten Detail muss dann och d‘Positioun vu Polen beliicht ginn. Warschau huet beim Verfahren op der Säit vun der Uklo gestane. Nom Uerteel huet dunn awer d‘Premierministesch Beata Szydlo sech op e neits géint d‘Ophuele vu Flüchtlingen a Polen ausgeschwat. Pole géif sech net vun der EU d‘Migratiounspolitik virschreiwe loossen.

Vu „Mussen“ a „Missten“

Opgrond vun EuGH-Urteel sinn dann elo Ungarn an d‘Slowakei – logescherweis och Polen – verflicht Flüchtlingen opzehuelen. Esou missten no der festgeluechter Quote, Ungarn 1.294, Slowakei 902 an Polen 6.182 Mënsche bei sech ophuelen. Bis ewell huet just d‘Slowakei der 16 bei sech eragelooss.

Ofgesi vum Problem, datt wann een esou eppes erzwéngt, et net wierklech de Refugiéen hëlleft. Gutt, si mussen opgeholl ginn oder et kann deier ginn. Si missten dann awer och integréiert ginn, wat weder vun der Regierungspolitik gewollt, nach vun der Gesellschaft gewënscht ass. Dat kann een also elo dréinen a kéiere wéi ee wëll, mam Uerteel ass wuel Recht gesprach, net awer eng Léisung erbäigefouert ginn.

Foto: Von Cédric Puisney from Brussels, Belgium – European Court of Justice – Luxembourg, CC BY 2.0,

Ähnlech Sujeten Europäesche Geriichtshaff, Flüchtlingen, Lëtzebuerg, Slowakei, Ungarn, Viktor Orbán
Nächsten Artikel Virrechten Artikel