Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Géint d‘Diskriminatioun: déi „reklasséiert“ Aarbechter erhiewen d‘Stëmm
International Neiegkeeten

Géint d‘Diskriminatioun: déi „reklasséiert“ Aarbechter erhiewen d‘Stëmm

No méintelaangen Diskussiounen zur Reform vum „Reklassement“ an no villen

CinEast 2020: Wat gëtt ugebueden?
International Neiegkeeten

CinEast 2020: Wat gëtt ugebueden?

Vum 8. bis de 25. Oktober 2020 stellt de CinEast

dislike
Ze vill Bürokratie an ze oppen: de Macron wëll Europa reforméieren
International Neiegkeeten

Ze vill Bürokratie an ze oppen: de Macron wëll Europa reforméieren

Haut stellt den Emmanuel Macron seng Virschléi fir Europa ze

EuGH schéisst „Privacy Shield“ of

Déi europäesch-amerikanesch Dateschutzvereenbarung ass vum Geriicht gekippt ginn

EuGH schéisst „Privacy Shield“ of

Sech wiere kann duerchaus nëtzlech sinn. Den éisträicheschen Aktivist Max Schrems hat sech an Irland beim Dateschutzbeoptraagte beschwéiert, datt Facebook seng perséinlech Date vun der Zentral an Irland an d‘USA weiderleet. Do ass Facebook verflicht d‘Daten un US-Autoritéiten, wéi beispillsweis dem FBI oder der nationaler Sécherheetsagence (NSA) auszehändegen.

Gëschter hunn d‘Riichter um EuGH zu Lëtzebuerg entscheet, datt d‘Vereenbarung „Privacy Shield“ tëscht der Unioun an den USA net rechtméisseg ass. Dat heescht elo allerdéngs net, datt keng perséinlech Date méi géifen an d‘USA iwwermëttelt ginn. Déi kënne weider op der Basis vu sougenannte Standard-Verträg un d‘Amerikaner an och aner Länner weidergereecht ginn.

Trotzdeem ass et eng Grondsazentscheedung. D‘Riichter zu Lëtzebuerg hunn sech bei dësem Accord un de wäitreechenden Zougrëffsméiglechkeete vun den amerikanesche Geheimdéngschter gestéiert an esou huet den EuGH mat sengem Urteel elo fir Kloerheet gesuergt. Déi amerikanesch „Kontroll“ wier net op dat zwéngend erfuerderlecht Mooss begrenz, esou d‘Riichter.

Dozou kënnt, datt am Kontext vum „Privacy Shield“ betraffe Persounen hir virgesinne Rechter net geriichtlech duerchsetze kënnen. Hei missten d‘Dateschützer agräifen, an dësen Echange opginn, deen d‘Daten net ugemooss schützt. „Privacy Shield“ gesäit esou en Austausch vir, gëllt awer nëmme fir d‘USA. Bedriwwe gouf dëse Kanal tëscht der EU an den USA zanter 2016.

Zréck zum Standard

Aktuell geschitt den Datenaustausch meeschtens op der Grondlag vu Standard-Verträg. Déi meescht Entreprisen a Konzerner benotzen dës Klausele fir europäesch Daten uechtert d‘Welt ze leeden. Hätt den EuGH och dës Klausele fir ongëlteg erkläert, missten all dës Firmaen den Datenaustausch direkt stoppen. Et gëtt wuel Alternativen, mee déi sinn esou komplex wéi deier.

Woubäi ganz esou labber wei bis ewell, kënnen och d‘Entreprisen elo net méi mat den Daten hantéieren. Esou hunn d‘Riichter beschloss, datt déi national Dateschutzverwaltungen – bei eis wier dat den CNDP – den Datentransfer da stoppen, wann an deem jeeweilegen Drëttland, den EU-Dateschutzniveau net geséchert ass. Dës Beurteelung gouf och duerch e méiglechen Zougrëff, vun den Autoritéiten am betreffenden Drëttland, op dës Date beaflosst.

Am konkrete Sträit tëscht dem Max Schrems a Facebook bedeit dat, datt déi iresch Verwaltung DPC agräife misst. Déi iresch Dateschützer sinn awer bis ewell éischter de wëllege Serviteur vun den US-Konzerner gewiescht a hunn sech virun allem mat „Zeréckhaltung“ ervirgedoen. Mat dësem Urteel, klëmmt den Drock op déi iresch Dateschutzverwaltung. An dat huet Folgen.

Nodeems d‘Iren siwe Joer laang ontäteg waren, muss d‘DPC elo per Geriichtsurteel endlech hir Aarbecht maachen. Mee net nëmmen d‘Iren mussen sech elo un d‘Virgaben halen, d‘Urteel gëllt selbstverständlech fir all d‘Länner an der Unioun. D‘Ae verschléisse geet elo net méi, an dee ganz positiven Nieweneffekt: dëst Urteel geet wäit iwwert den Echange tëscht den USA an der EU eraus.

Illustratioun: © Morning Brew / unsplash

Ähnlech Sujeten Dateschutz, DPC, EUGH, Facebook, Irland, Max Schrems, Privacy Shield
Nächsten Artikel Virrechten Artikel